Mam Akafsweenche voller Faarfeemeren, Rulloen, Pinselen an Ofdeckmaterial kënnt eis grad e Client duerch déi automatesch Schibedier entgéintgeflitzt, wéi mir de Fachmaart Robert Steinhäuser zu Leideleng betriede wëllen. E Schëld mat der Opschrëft „Beaux arts“ weist eis de Wee erop op den éischte Stack. Hei fënnt een näischt, fir säin Haus ze renovéieren, mee dofir alles, wat ee brauch fir ze zeechnen. Mir froen nom Wee a lande ganz hannen am Atelier vum Jean-Benoît Dominicy.
16 wäiss Bänke stinn hei, ëmmer mat engem Meter Ofstand vuneneen. „D’Schüler brauche Plaz fir ze zeechnen“, erkläert de Jean-Benoît Dominicy, deen an zirka enger Stonn hei säin Zeechecours vu méindes owes wäert halen. Hie mécht dat scho säit 1996 an ass mëttlerweil zu enger richteger Institutioun zu Lëtzebuerg ginn. Well hien och artistesche Moler a Karikaturist ass, froe mir hien, ob en sech éischter als Kënschtler oder als Enseignant gesäit. „Béides“, seet hien, „mee mäi Schwéierpunkt läit um Ënnerriichten.“
E Cours dauert ëmmer dräi Stonnen – entweeder moies, nomëttes oder owes – dat kënnen d’Schüler sech eraussichen. Si kënnen sech ausserdeem entweeder fir de Beräich Acryl, Aquarell oder Zeechnen entscheeden. Mole mat Ueleg gëtt am Moment net ugebueden. All Trimester ginn d’Coursen nei ausgeschriwwen. Munch Schüler bleiwen iwwer Joren, anerer kommen nei dobäi.
„Et ass wéi eng Klamer an hirem Alldag, bei där si sech dräi Stonne laang heirobber konzentréiere kënnen“, seet de Jean-Benoît Dominicy. Vum Alter vu 16 Joer u kënnen sech Interesséierter bei him aschreiwen. Mee sou jonk Participantë si rar, seet hien. Déi meescht Schüler hunn iwwer 40 Joer. „Dat si Leit, deenen ech d’Passioun vun der Beobachtung iwwerdroe wëll, vun der Natur, vun Objeten, Leit oder Déieren.“ Molen huet fir hie vill mat Perspektiven ze dinn. „Et stellt ee séier fest, datt et schwiereg ass, eppes ze mole just mam Knowhow vun de reelle Moosse vun engem Objet. Dës Iddi passionéiert mech säit ville Joren.“
De Jean-Benoît Dominicy huet ni dee selwechte visuelle Support fir säin Unterrecht. Et soll sech näischt widderhuelen. Fir d’éischt erkläert a weist hien de Schüler, wéi et geet. Duerno begleet hien se bei hirer Aarbecht. „Si sinn hei, well se eppes léiere wëllen“, seet hien an e gesäit da lues a lues, wéi se sech weiderentwéckelen. „Duerch d’Enseignéiere liewen ech d’Konscht voll a ganz.“
An de Coursë sinn d’Leit mat an ouni Kenntnisser am Zeechne gemëscht. „Ech gi Basisexercicen a méi pousséiert Übungen. Ech probéieren, se alleguer matzehuelen. Am Ufank ass et fir déi nei e bësse schwiereg, mee se kréien zimmlech séier d’Kéier“, erzielt hien. „Als Jugendleche sinn ech immens gären an de Molcours gaangen. Dat war fir mech ëmmer e spezielle Raum, dee mir d’Welt opgemaach huet.“
De Jean-Benoît Dominicy bréngt senge Schüler – jee no Cours – verschidden Technike bäi. Déi ginn, wéi hie seet, iwwer dat eraus, wat een am Secondaire oder duerno am Studium vun der plastescher Konscht léiert.
Am Summer gëtt hie Stagen am Zeechnen, meeschtens dobaussen an der Natur, an engem klengen Duerf am Norden, op der Musel oder um Rand vun engem Feld. „Dobausse sinn d’Schüler dem Wieder ausgesat, se spieren de Wand, d’Temperatur, d’Spill vun der Luucht duerch Sonn a Wolleken. Doduerch kréien se en anert Bewosstsi fir d’Saachen.
An der Natur, awer och am Atelier, probéiert hien, hinnen d’Iddi ze iwwerdroen, datt se Fotografe sinn. Bei engem Spadséiergank léieren se, Elementer ze gesinn, déi se da matbréngen, fir am Atelier domadder ze schaffen. „Si hunn hiert Bild entweeder am Kapp oder se bréngen eng richteg Foto mat. Mir schwätzen dann am Atelier doriwwer, fir dat Bild besser ze kadréieren an et dann als Basis fir d’Zeechnung am Cours ze benotzen.“
De Jean-Benoît Dominicy huet e Faibel fir d’Konschtgeschicht. „Mee ech betruechten dës ganz oppen“, betount hien. Dorauser zitt hie verschidden Techniken, déi en de Schüler vermëttelt. „Ech wëll, datt se den Impressionismus, den Expressionismus, de Realismus an de Surrealismus kennen a schätze léieren, fir sech duerno vläicht mat enger Beweegung ze identifizéieren.“
A wat zeechent den Zeecheprofesser dann esou? Och an senge Biller erkennt een d’Diversitéit, déi hien esou héich schätzt. An trotzdeem fält engem e Stil op, deen ëmmer erëm an sengen Zeechnungen erëmkënnt. „Ech maache gäre Skizze vu Museker wärend Jazz-Concerten zu Lëtzebuerg“, seet hien. Hie geet gär op Jazz-Concerten, well e selwer an enger lokaler Harmonie Jazz gespillt huet. „Wann ech zeechnen, da kréien ech d’Gefill, erëm Batterie an dësem Orchester ze spillen, mee ech setzen dës Energie léiwer an d’Faarwe vu menge Biller.“ Hien notzt seng musikalesch Notiounen awer net nëmme fir seng eege Biller, mee virun allem, fir senge Schüler déi plastesch Konscht bäizebréngen. „Sou kann ech Parallellen tëschent de Faarwe maachen, tëschent dem Crescendo, dem Tempo, dem Piano an dem Forte.“
En Artikel vum Eric Rings