Stecker oder Tankstell?

De Stroosseverkéier ass weltwäit fir ronn 15 Prozent vun den Dreifhausgaser verantwortlech. Dofir muss e sech also Gedanken doriwwer maachen, wéi een dës Situatioun verbesseren kann. D’Elektromobilitéit ass déi am wäitsten entwéckelt Technologie. Ob se wierklech esou klimafrëndlech ass, wéi se oft duergestallt gëtt, ass awer eng aner Saach.

Mir kucke fir d’éischt mol iwwert eis Landesgrenzen eraus a werfen e Bléck an eist Nopeschland Däitschland. A ville Fachzeitunge gëtt zanter Laangem ganz kontrovers iwwert d’Thema Elektromobilitéit diskutéiert. Spezialisten a Saachen Energie- a Klimapolitik briechen eng Lanz fir d’Elektromobilitéit. Well déi E-Autoen am Kafpräis fir de Client nach vill méi héich leien wéi Autoe mat engem Verbrennungsmotor, soen d‘Spezialisten z.B., datt d’Elektromobilitéit staatlech misst massiv finanziell ënnerstëtzt ginn. Sou eng Ënnerstëtzung kéint d’Käschte fir d’Produktioun vun Elektro-Vehikelen offiederen. Bei der Solar- a Wandenergie hätt et sech gewisen, wéi positiv sech esou eng Ënnerstëtzung auswierke kann.

Do ginn et awer och aner Meenungen, déi am Resumé erëmginn, datt E-Autoe wierklech net zu enger Verbesserung vun der CO2-Bilanz hëllefen. De Professer Dr. Jens Boysen-Hogrefe vun der Uni Kiel, fir nëmmen dëst Beispill ze huelen, hält et duerfir och net fir sënnvoll, datt de Staat finanziell d’Produktioun vun E-Autoen ënnerstëtzt. D’Produktioune vun esou Autoen, a virun allem vun de Batterien, déi gebraucht ginn, wiere ganz energieintensiv. Ausserdeem géif eng staatlech finanziell Ënnerstëtzung zu engem Reboundeffekt féieren, wéi et z.B. an Norwegen geschitt ass. Do hätt et nämlech zu engem däitleche Plus gefouert, wat d’Gesamtzuel vun den Autoen ubelaangt, an net zu der erhoffter Verdrängung vun de Verbrennungsmotoren.

Wat Lëtzebuerg ubelaangt, hu mir engem Fachmann a Saachen Automobil op den Zant gefillt, fir eis e bessert Bild vun der Situatioun maachen ze kënnen. De Serge Pauly ass Journalist bei RTL an ënner anerem responsabel fir d’Sendung Automag. „D’Elektromobilitéit ass virun allem eng ekologesch Léisung fir Groussstied, déi hir Loftqualitéit lokal verbessere wëllen. En Elektroauto ass nämlech nëmmen „lokal emissiounsfräi“. Wann een de ganzen Öko-Bilan mécht, fält deen net onbedéngt esou positiv aus. Net nëmmen d’Stroumproduktioun suergt fir Emissiounen, och déi grouss Batterien am Elektroauto sinn definitiv net ekologesch. Dohier kann ech et och net novollzéien, wann e gréngen Nohaltegkeetsminister sech esou fir den Elektroauto asetzt. D’Problematik vun den Ëmweltbelaaschtunge gëtt nëmme verlagert, net geléist”, sou de Serge Pauly.

„De Client ass nach ëmmer skeptesch. Verschidde Viruerteeler (z.B. en Elektroauto geet net gutt) si falsch. Do muss d’Industrie nach vill Iwwerzeegungsaarbecht leeschten. Déi limitéiert Autonomie ass fir vill Leit e reelle Problem. 150 Kilometer Reechwäit ginn zwar fir déi meescht vun eis duer, mee et ass eng Barrière am Kapp, déi een net esou einfach iwwerwonne kritt. Dobäi kënnt den héijen Uschafungspräis. Och d’Fro no der Liewensdauer vun der Batterie (an domadder verbonnen de Wäert vum Auto, wann en emol sollt verkaaft ginn) stellt sech. Et ginn nach ze vill Inconnuen, fir eng Masse critique vum Elektroauto ze iwwerzeegen.”


Mee deen eigentleche Problem vun eiser Mobilitéit wär mat E-Autoen eleng nach laang net geléist. „En Elektroauto steet wéi jidder aneren Auto och am Stau, bréngt eis do also net wierklech virun. Do gëtt et nëmmen eng Léisung: manner mam eegenen Auto fueren.”


Taxen op Bensinn hunn eis Staatskeess ëmmer gutt gefëllt! Wéi gesäit dat da spéider aus, sollte mer da wierklech esouvill E-Autoen op eise Stroosse fueren hunn, wéi den Nohaltegkeetsminister dat virausseet? „Nach stellt d’Fro sech net, mee ech zweiwelen net un der Kreativitéit vun de Finanzministeren, wann et iergendwann dorëms goe sollt, d’Ausfäll vun den Accisen op Bensinn an Diesel ze kompenséieren. Technesch wier et op jidder Fall keng gréisser Erausfuerderung, e ‚Steier-Chip‘ anzebauen, dee genee opzeechent, wéi vill Stroum getankt gëtt, a fir deen dann ze besteieren.”

Eng lescht Fro un de Serge Pauly wollte mer awer nach lassginn: Géift Dir Iech perséinlech dann elo schonn en E-Auto kafen? „Ech fueren dacks Elektro-Testautoen an et ass ëmmer e Genoss. Schéi roueg, vibratiounsfräi, e ganz neit Fueren. A mengem perséinlechen Alldag géif ech och mat 150 Kilometer Autonomie meeschtens gutt eens ginn. Fir gréisser Ausflich misst awer en „normalen“ Auto an der Famill bleiwen. Mee da bleift nach déi finanziell Fro, an do wier mir de Risiko, fir elo schonn op Elektro ëmzesteigen, warscheinlech ze grouss.”


Ofschléissend bleift nach Folgendes ze bemierken: Och wann et zu Lëtzebuerg keng Autosconstructeure ginn, hu mir hei vill Firmen am Beräich vun der automobiler Zouliwwerindustrie. Et gëtt och e grousse Fuerschungsprojet, mee do geet et am Moment éischter ëm „autonoomt Fueren”, den Elektroauto ass, esouwäit een dat iwwerblécke kann, nach kee grousst Thema. Mee natierlech hu mir d’Potenzial, fir och hei Fuerschung an Entwécklung an deem Beräich ze bedreiwen. De groussen Jobmotor wäert et awer warscheinlech net ginn, dofir hunn d’Chinesen bei der Batterien-Technologie en ze vill grousse Virsprong.


En Artikel vum Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.