Spaass & Freed un der Beweegung d‘LASEP ass do fir all Kand

Fotoen: lasep.lu

Wann een d‘Fro stellt, wie schonns emol vun der „LASEP“ héieren huet, da wäerten déi meescht Persoune mat engem décke Grinse mat „Jo“ äntweren. Ëmmerhi gëtt d‘LASEP op 70 Plazen am „Enseignement fondamental“ ugebueden, an esou si mëttlerweil schonn e puer Generatiounen entweder selwer als Kand an d‘LASEP gaang oder hunn hir Kanner dohinner bruecht. D‘LASEP gouf 1964 vu Schoulmeeschtere gegrënnt an huet schonn iwwer 50 Joer enger ganzer Rëtsch vu Kanner déi verschidde Sportaarten a virun allem de Spaass doru méi no bruecht.

Allerdéngs wëssen déi mannst vun hinnen, fir wat d‘Ofkierzung „LASEP” steet: „Ligue des associations sportives de l‘enseignement primaire“. Hautdesdaags nenne si sech „Ligue des associations sportives de l‘enseignement fondamental“, allerdéngs huet den „F“ den „P“ net an der Ofkierzung ersat. Zesummegesat ass d‘LASEP aus Enseignanten, Educateuren an ausgebilte Sportler, déi fir déi ausgefouert Tâchë säit 2009 bezuelt ginn.

De Sporty, de Maskottche vun der LASEP, illustréiert op hirem Site déi ënnerschiddlech Sportaarten, an deene si sech engagéieren. Hire Slogan ass Spaass a Freed un der Beweegung. Zu de Sportaarten, déi vun der LASEP ugebuede ginn, zielen ënner anerem d‘Liichtathleetik, de Basketball, de Fussball, den Handball, Schwammen an de Volleyball an nach ee ganze Koup anerer. Domat si si multisportif, se wëllen awer keen Ersatz fir Sportveräiner sinn, mee eng Ergänzung, oder als Alternativ fir Kanner, déi sech net wëlle fir ee Sport festleeën.

DD‘Haaptzil vun der LASEP ass et, datt d‘Schüler Freed um Sport sollen hunn. Hanner der vilfälteger Offer u Sportaarte stécht awer och e groussen organisatoreschen Effort. D‘LASEP huet dowéinst eng Commission Technique et Sportive an d’Liewe geruff, an déi leet fest, no wéi enge Regelen déi zum Deel grondverschidde Sportaarten duerchgefouert ginn. Integratioun an Inklusioun ass och en Zil, un deem si festhalen, woubäi d‘Sprochebarrière am sportleche Kader manner wichteg ass. Ausserdeem sinn och Kanner mat Behënnerung gär gesinn, ganz nom Motto: kee gëtt ausgeschloss.

Wa mir vu Reegele schwätzen, muss ee fir d‘éischt op déi zwee grouss Voleten agoen. Am kompetitive Volet gehéiert dozou, datt d‘Kommissioun zum Beispill d‘Altersgruppen oder d‘Zesummesetzung definéiert. Beispillsweis leeën si fest, wéi vill Sportler pro Geschlecht mindestens an enger gemëschten Ekipp musse sinn, an och wéi grouss d‘Equippe maximal däerfe sinn. Am net-kompetitive Volet, deen 2 Drëttel vun de gesamten Aktivitéiten ausmécht, sinn d‘Reegelen oppe gehalen, esou datt jiddereen drun deelhuele kann, onofhängeg vu Geschlecht a sportleche Kompetenzen.

Aktuell betreit d‘LASEP 7175 Kanner a gräift op insgesamt 776 Mataarbechter zeréck. Dat bedeit 700 Aarbechtsstonne pro Woch, déi aktuell néideg sinn. Viru 4 Joer, also 2015, waren et ronn 6000 Kanner, 2012 nach 5400. Et gesäit een eng rasant Steigerung, wat ganz kloer fir d‘LASEP schwätzt.

Och de Kalenner, no deenen d‘Veranstaltungen iwwer d‘Schouljoer verdeelt geplangt ginn, ass opzestellen, an de ganzen Oflaf vun den Turnéiere muss organiséiert a festgeluecht ginn. Dozou gehéiert ënner anerem wéini d‘Equippen, déi un enger Veranstaltung deelhuelen, op der Plaz unzekommen hunn.

Zënter 2009 ass d‘LASEP am Schoulgesetz verankert als en Deel vun der péri- a parascolairer Entwécklung vun de Schüler. Spéider sinn ënner anerem d‘Maison-relaisen an d‘LASEP ënner de „Ministère de l‘Education, de l‘Enfance et de la Jeunesse (MENJE)“, wat esouwuel eng Kooperatioun tëschent der LASEP a ville Maison-relaisen, wéi och tëschent der LASEP an ënnerschiddleche Sportfederatiounen, enstoe gelooss huet.

D‘Zilgrupp vun den Aktivitéite si Kanner am Primärschoulalter, also tëschent dräi an zwielef Joer. D‘Bedeelegung un den Aktivitéite vun der LASEP ass selbstverständlech fräiwëlleg, eemol d‘Woch sollt een awer deelhuelen. Allerdéngs mussen d’Kanner eng Lizenz vu 25€ pro Schouljoer kafen, fir d‘Erlaabnes ze hunn, un den Aktivitéiten deelzehuelen.

Niewent hiren eegene Veranstaltunge bedeelegt sech d‘LASEP och un anere Projeten, wéi zum Beispill „Wibbel an Dribbel“, deen et schonn säit 1991 gëtt.

Hir Missioun ass awer net ausschliisslech op den aktive Sport limitéiert. D‘lescht Joer huet d‘LASEP esou zum Beispill eng Konferenz organiséiert, bei där et ëm „d‘Erausfuerderungen an der Bildungspolitik“ an „Sport als Integratiounsmëttel“ goung. Dës Konferenz hat am Kader vum „Forum européen de la Jeunesse“ stattfonnt a war d‘Méiglechkeet fir Jonker aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich a Polen, mam Europadeputéierte Charles Goerens ze diskutéieren.

D‘LASEP, e Veräin, deen de Kanner de Sport méi no bréngt, mee awer och e Veräin, an deem sech Persounen abrénge kënnen, déi gäre Veranstaltungen organiséieren, respektiv gäre mat Kanner schaffen.

Avis aux amateurs

Spaass & Freed un der Beweegung d‘LASEP ass do fir all Kand

Fotoen: lasep.lu

Wann een d‘Fro stellt, wie schonns emol vun der „LASEP“ héieren huet, da wäerten déi meescht Persoune mat engem décke Grinse mat „Jo“ äntweren. Ëmmerhi gëtt d‘LASEP op 70 Plazen am „Enseignement fondamental“ ugebueden, an esou si mëttlerweil schonn e puer Generatiounen entweder selwer als Kand an d‘LASEP gaang oder hunn hir Kanner dohinner bruecht. D‘LASEP gouf 1964 vu Schoulmeeschtere gegrënnt an huet schonn iwwer 50 Joer enger ganzer Rëtsch vu Kanner déi verschidde Sportaarten a virun allem de Spaass doru méi no bruecht.

Allerdéngs wëssen déi mannst vun hinnen, fir wat d‘Ofkierzung „LASEP” steet: „Ligue des associations sportives de l‘enseignement primaire“. Hautdesdaags nenne si sech „Ligue des associations sportives de l‘enseignement fondamental“, allerdéngs huet den „F“ den „P“ net an der Ofkierzung ersat. Zesummegesat ass d‘LASEP aus Enseignanten, Educateuren an ausgebilte Sportler, déi fir déi ausgefouert Tâchë säit 2009 bezuelt ginn.

De Sporty, de Maskottche vun der LASEP, illustréiert op hirem Site déi ënnerschiddlech Sportaarten, an deene si sech engagéieren. Hire Slogan ass Spaass a Freed un der Beweegung. Zu de Sportaarten, déi vun der LASEP ugebuede ginn, zielen ënner anerem d‘Liichtathleetik, de Basketball, de Fussball, den Handball, Schwammen an de Volleyball an nach ee ganze Koup anerer. Domat si si multisportif, se wëllen awer keen Ersatz fir Sportveräiner sinn, mee eng Ergänzung, oder als Alternativ fir Kanner, déi sech net wëlle fir ee Sport festleeën.

D‘Haaptzil vun der LASEP ass et, datt d‘Schüler Freed um Sport sollen hunn. Hanner der vilfälteger Offer u Sportaarte stécht awer och e groussen organisatoreschen Effort. D‘LASEP huet dowéinst eng Commission Technique et Sportive an d’Liewe geruff, an déi leet fest, no wéi enge Regelen déi zum Deel grondverschidde Sportaarten duerchgefouert ginn. Integratioun an Inklusioun ass och en Zil, un deem si festhalen, woubäi d‘Sprochebarrière am sportleche Kader manner wichteg ass. Ausserdeem sinn och Kanner mat Behënnerung gär gesinn, ganz nom Motto: kee gëtt ausgeschloss.

Wa mir vu Reegele schwätzen, muss ee fir d‘éischt op déi zwee grouss Voleten agoen. Am kompetitive Volet gehéiert dozou, datt d‘Kommissioun zum Beispill d‘Altersgruppen oder d‘Zesummesetzung definéiert. Beispillsweis leeën si fest, wéi vill Sportler pro Geschlecht mindestens an enger gemëschten Ekipp musse sinn, an och wéi grouss d‘Equippe maximal däerfe sinn. Am net-kompetitive Volet, deen 2 Drëttel vun de gesamten Aktivitéiten ausmécht, sinn d‘Reegelen oppe gehalen, esou datt jiddereen drun deelhuele kann, onofhängeg vu Geschlecht a sportleche Kompetenzen.

Aktuell betreit d‘LASEP 7175 Kanner a gräift op insgesamt 776 Mataarbechter zeréck. Dat bedeit 700 Aarbechtsstonne pro Woch, déi aktuell néideg sinn. Viru 4 Joer, also 2015, waren et ronn 6000 Kanner, 2012 nach 5400. Et gesäit een eng rasant Steigerung, wat ganz kloer fir d‘LASEP schwätzt.

Och de Kalenner, no deenen d‘Veranstaltungen iwwer d‘Schouljoer verdeelt geplangt ginn, ass opzestellen, an de ganzen Oflaf vun den Turnéiere muss organiséiert a festgeluecht ginn. Dozou gehéiert ënner anerem wéini d‘Equippen, déi un enger Veranstaltung deelhuelen, op der Plaz unzekommen hunn.

Zënter 2009 ass d‘LASEP am Schoulgesetz verankert als en Deel vun der péri- a parascolairer Entwécklung vun de Schüler. Spéider sinn ënner anerem d‘Maison-relaisen an d‘LASEP ënner de „Ministère de l‘Education, de l‘Enfance et de la Jeunesse (MENJE)“, wat esouwuel eng Kooperatioun tëschent der LASEP a ville Maison-relaisen, wéi och tëschent der LASEP an ënnerschiddleche Sportfederatiounen, enstoe gelooss huet.

D‘Zilgrupp vun den Aktivitéite si Kanner am Primärschoulalter, also tëschent dräi an zwielef Joer. D‘Bedeelegung un den Aktivitéite vun der LASEP ass selbstverständlech fräiwëlleg, eemol d‘Woch sollt een awer deelhuelen. Allerdéngs mussen d’Kanner eng Lizenz vu 25€ pro Schouljoer kafen, fir d‘Erlaabnes ze hunn, un den Aktivitéiten deelzehuelen.

Niewent hiren eegene Veranstaltunge bedeelegt sech d‘LASEP och un anere Projeten, wéi zum Beispill „Wibbel an Dribbel“, deen et schonn säit 1991 gëtt.

Hir Missioun ass awer net ausschliisslech op den aktive Sport limitéiert. D‘lescht Joer huet d‘LASEP esou zum Beispill eng Konferenz organiséiert, bei där et ëm „d‘Erausfuerderungen an der Bildungspolitik“ an „Sport als Integratiounsmëttel“ goung. Dës Konferenz hat am Kader vum „Forum européen de la Jeunesse“ stattfonnt a war d‘Méiglechkeet fir Jonker aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich a Polen, mam Europadeputéierte Charles Goerens ze diskutéieren.

D‘LASEP, e Veräin, deen de Kanner de Sport méi no bréngt, mee awer och e Veräin, an deem sech Persounen abrénge kënnen, déi gäre Veranstaltungen organiséieren, respektiv gäre mat Kanner schaffen.

Avis aux amateurs

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.