Schonn oft hunn ech se gesinn. Leit, déi am Park oder am Bësch eng Zort Gurt tëscht zwee Beem oder zwee Pottoe gespaant hunn. Méi wéi eng Kéier hunn ech hinnen nogekuckt. Si sinn driwwer gelaf, si gesprongen, hunn esouguer deelweis den Handstand drop gemaach! Ech war faszinéiert.
Op mengem weidere Wee hunn ech den Handy an de Grapp geholl a probéiert erauszefannen, wat déi Leit do maachen. „Slacklining“ ass ee vun den éischte Begrëffer, iwwer deen ech gefall sinn. Ech hu probéiert, méi erauszefannen.
Aus Amerika kënnt dësen Trendsport also! Méi genee aus dem Yosemite Dall. An de 60er Joren hunn d‘Kloterer am legendäre Camp 4 hir Roudeeg dermat verbruecht, op Ofspärketten oder Seeler ze balancéieren an hunn domat de Grondstee fir d‘Slackline geluet.
Ufangs vun den 80er Jore koum den Adam Grosowsky an de Camp 4 a gläichzäiteg mat dësem Zäitverdreif a Beréierung. Zesumme mat engem Kolleeg experimentéiert hien als éischt mat Kloterseeler. Ganz schnell kommen déi zwee awer op d‘Iddi, e Schlauchband ze benotzen. D‘Slackline, wéi mir se haut kennen, war gebuer.
2006 kënnt deen éischte kommerzielle Slackline-Set op de Maart a mécht dëse Sport zu engem Trend fir jiddereen. Mat enger maximaler Längt vu 60 Meter si bis zu dräi Meter héich akrobatesch Konschtstécker méiglech. Esouguer Versioune fir dobanne ginn et, esou datt een dësem Sport och bei schlechte Wiederkonditiounen nogoe kann.
An iergendwéi reizt et mech och eng Kéier, op esou engem Band ze stoen. Hëllef fannen ech beim Jérôme Houdremont vun der Slackademy, deen dëse Sport säit ronn zéng Joer mat groussem Enthusiasmus bedreift. Zesumme si mir an de Bësch gaangen an hu banne kuerzer Zäit dat Band tëschent zwee Beem gespaant. Hien erkläert mir als éischt d‘Zesummespill vun de verschiddene Sënner, déi op der Slackline aktivéiert ginn, wéi d‘Taaschtgefill an de Féiss, de Gläichgewiichtssënn am Ouer, d‘Aen, déi sech alles ukucken an d‘Gehir, wat déi Informatiounen alleguer verschafft. De Jérôme spréngt mat engem Saz drop a weist e bëssen, wat e kann, vu roueg op engem Bee balancéiere bis hin zu verschiddene Spréng.
„Da komm a probéier emol“ seet de Jérôme, „ech ginn der eng Méiglechkeet, fir dech ze stäipen“. Deen Ament, an deem sech mäin éischte Fouss Richtung Slackline beweegt, gi mir d‘Wierder vum Chris Carpenter, engem vun den éischte Slacklineren duerch de Kapp: “Remember, it‘s just one foot in front of the other“. Awer esou einfach war et dann awer net! Ech hu gewackelt wéi e Kouschwanz a mech gefillt, wéi wann ech eng am Kanälli hätt.
„Mir si gewinnt, eis op engem festen Ënnergrond ze beweegen“, kréien ech erkläert, „Esou geet et jidderengem, dee fir d‘éischt op der Slackline steet“. E passiivt dynamescht Gläichgewiicht, esou gëtt dat genannt, fënnt een och beim Surfen erëm. Ob mir eppes opgefall wier, wéi ech op dem Band gewackelt hunn, sinn ech gefrot ginn. „Deng Gedanke ware fräi, wéi s de op der Slackline stoungs“, seet de Jérôme mat engem Grinsen am Gesiicht. An Tatsaach, wéi hie mir dat gesot huet, ass et mir och opgefall. Mäi Kierper war esou mat där Situatioun beschäftegt, datt all meng aner Gedanken ausgeblent goufen.
Wat eng Kéier als Trend ugefaangen huet, gëtt Stéck fir Stéck zu engem etabléierte Sport. E Sport, deen duerch seng positiv Wierkung op Kierper a Geescht ëmmer méi Verbreedung fënnt. „Ëmmer méi Schoulen a Maison-relaisen kafe Slacklinen“, erzielt eis de Casper Frydendal vum Caspers Climbing Shop. „Mir weisen d‘Slackline oft op Fester, an d‘Leit sinn ëmmer ganz begeeschtert, fir et selwer ze probéieren. Oft stinn si e puer Deeg méi spéit bei eis am Buttek, fir eng Slackline ze kafen“. Esouguer a verschidde physiotherapeuteschen Ariichtungen huet d‘Slackline sech haut schonn etabléiert.
D‘Slackademy, gegrënnt vum Jérôme Houdremont an dem Daniel Kaufenberg, huet sech op de psychologeschen Effekt vun der Slackline spezialiséiert. Nom Slogan „Life in Balance“ gi si Workshoppen, Teambuilding oder individuelle Coaching, fir dëst Wësse weiderzeginn.
„D‘Liewen ass e permanente Balanceakt, a mat der Slackline kann een dat net nëmme physesch erausfannen, mee och emol psychesch ofschalten an op seng Instinkter lauschteren.“
Op ee Bléck
8 Grënn firwat Slacklining gesond fir dech ass
Egal ob deng Slackline nëmme knapps iwwer dem Buedem oder e puer dausend Meter driwwer läit, et geet ëmmer just ëm eppes: d‘Gläichgewiicht. Dëst kanns du wéi bei bal kengem anere Sport trainéieren. Gläichzäiteg baus du dir eng gutt Basis fir aner Sportaarten op, bei deene Gläichgewiicht, Stabilitéit an e gutt Kierpergefill, wéi zum Beispill Kloteren oder Schifueren, gefrot ass.
Du haass Sit-Uppen a wëlls trotzdem staark Muskelen? Da probéier et mat Slacklining!
Iwwerdeems du probéiers, d’Gläichgewiicht ze halen, schafft deng ganz Rumpfmuskulatur.
De Londoner Slack-Instrukter Harry Cloudfoot erkläert: „Déi éischt sechs Woche si meeschtens immens haart. Derno gewinnt de Kierper sech drun an deng Bauchmuskelen dinn net méi wéi.“
D’Slacklining gëtt heiansdo als beweegte Meditatioun beschriwwen. Du muss konzentréiert sinn a brauchs e klore Kapp, fir et vun engem Wupp op deen aneren ze packen. Zemools ganz héich oder laang Slacklinen sinn eng besonnesch Erausfuerderung.
Um Ufank ass de Kapp total iwwerfuerdert, well een un ze vill Saachen denkt. Et ass schwéier, de Kapp fräi ze kréien. Et ass wichteg, sech um Ufank op d’Ootmung ze konzentréieren. Da packs du et och, op engem schmuele Band ze meditéieren a besser ze ginn.
Scho beim éischte Versuch op der Slackline gëtt deng Réckemuskulatur gestäerkt, besonnesch den „Quadratus Lumborum“. Dëse Muskel léist oft Péng aus. Och d’Muskulatur an der Wirbelsail an dem Hënneschte gëtt beim Balancéiere gestäerkt.
D’Fuerschung weist, datt de Sport sech och positiv op d’Kierperhaltung auswierkt: „Alles, wat de Rumpf stabiliséiert, evitéiert Péng am Réck.“
Virun allem als Ufänger kriss du dat ze spieren. D’Bewegungen op der Slackline sinn och gutt fir d’Knéien. Et ass, wéi wann s du iwwer Minutten an der Positioun vun enger Kniebeug bleiwe géings.
Tester hu gewisen, datt sech Slacklining och positiv op d’Stabilitéit vun de Knéien auswierkt. Och dat kann hëllefen, Blessuren ze evitéieren.
Athlete mat enger Blessur hëlleft d’Slacklining net nëmmen derbäi, sech kierperlech ze erhuelen, et huet och e psycheschen Aspekt. Den Harry Cloudfoot huet no enger Blessur um Réck am Joer 2017 dermat ugefaangen: „Ech konnt bal guer näischt maachen, d’Hëft knapps nach beweegen! Slacklining war fir mech eng Méiglechkeet, meng Stabilitéit ze trainéieren. Ech hu lues ugefaangen an iergendwann konnt ech meng Zéiwen erëm beréieren a Kniebeuge maachen. Gläichzäiteg war et fir mech eng Beschäftegung an eng Oflenkung. Et huet mir definitiv gehollef.“
Dat Bescht zum Schluss: Deng Slackline ass bal ewéi e Fitnesszenter fir an d’Boxentäsch. Du hues se ëmmer derbäi a kanns (bal) iwwerall dermat trainéieren an üben.