Placeholder Dummy template

© Pierre Haas

De Skulpturewee zu Lëlz

„Natur a Kultur an Aklang bréngen – Natur a Kultur erliewen“ – dat ass zënter Joren de Motto vum Naturpark Uewersauer. Am Joer 1999 huet de lëtzebuergesche Sculpteur Bertrand Ney fënnef international Sculpteuren agelueden, fir an Zesummenaarbecht mam Naturpark Uewersauer, der deemoleger Gemeng Néngsen an de Veräiner aus der Gemeng e Skulpturesymposium ze organiséieren.

Déi a Stee gehae Figuren zu Lëlz bilden en Deel vun der Strooss vum Fridden, e kënschtlereschen a vëlkerverbannende Projet, deem säi Wee mat Skulpture vu Moskau bis op Paräis geet.

2017 gouf de Wee zu Lëlz ëm eng Skulptur erweidert, déi vum Leo Kornbrust erschaf gouf, dem Initiator vun der Strooss vum Fridden. En anere Skulpturewee fannt Dir zu  Bilschdref/Ueschdref. De Wee zu Lëlz ass et schonn zum Deel virun de Skulpture ginn. Alles, wat Bëschwee war, ass awer nei ugeluecht ginn.

Den Här Paul Rippinger vun Ënsber, deen deemools beim Prozess vun der Kreatioun mat dobäi war, konnt sech un eng Partie Saachen erënneren:

„1999 ass de Skulpturewee also entstanen. Zwee Joer virdru war schonn e Skulpturewee zu Bilschdref realiséiert ginn. Dat waren awer aner Kënschtler an d’Skulpture waren all aus Schifer. Deemools war d’Iddi, fir an all Naturpark-Gemeng eppes Änleches ze maachen. Leider ass et awer bis haut just bei dësen zwee Weeër bliwwen.“

„Um Skulpturewee zu Lëlz hunn international Kënschtler matgeschafft. D’Skulpture sinn aus Granit, Sandsteen a Schifer. D’Kënschtler waren deemools fir sechs Wochen am Café-Hotel Peiffer zu Ënsber ënnerbruecht. Si hu sech vun Ufank u gutt an d’Duerf integréiert an hate vill Kontakt mat den Awunner. Den deemolege Buergermeeschter hat am Festsall vum Duerf e Kéisowend mat Roudem Wäin organiséiert, bei deem Diaen aus der Zäit, éiert de Stauséi existéiert huet, gewise gi sinn. Deen Owend sinn och d’Kënschtler virgestallt ginn. D’Leit aus den Dierfer ronderëm sinn dacks am Laf vun der Kreatioun vun de Skulpture bei d’Kënschtler laanscht kucke gaangen. Et sinn also deemools schonn eng Partie Leit iwwer de Wee getrëppelt an hunn nogekuckt, wéi déi eenzel Skulpturen entstane sinn. D’Kënschtler wollten deemools keng Schëlter mat Erklärunge bei de verschiddene Skulpturen opriichten, well et soss ze vill no „Kierfecht“ ausgesinn hätt. Dofir sinn am Ufank reegelméisseg Visite-guidéeën um Wee organiséiert ginn an et ass och e Flyer mat Erklärungen erauskomm.“

© Pierre Haas
© Guy Krier

D’Kënschtler sinn de Georg Ahrens mam „Engel vum Séi“, de Jaak Hillen mat der „Sonneskulptur“, den Ton Kalle mat „Zäit a Landschaft“, de Bertrand Ney mat der „Jakobsleeder“, de Leo Kornbrust mat der „Banneschter Linn“, d’Sybille von Halem mat „Sedimenter a Fossilien an dräi Formen“ an de Kyriakos Rokos mat enger fräier Interpretatioun.

Steng markéieren iwwer Joerzéngten, vläicht iwwer Joerhonnerten, hir Plaz an der Landschaft. D’Aarbecht vun de Sculpteuren an hir Konschtwierker zu Lëlz bedeite ganz real eng Weiderentwécklung vun der Kulturlandschaft.

Op de Punkt bruecht huet et den éisträichesche Sculpteur Karl Prantl:
„D’Steng sollen do stoe bleiwen, wou se geschafe goufen, a fir all d’Mënschen do sinn. Et ass anescht ewéi am Musée. Esou engem Steen an der Natur ze begéinen, bréngt en anert Erliefnes. Et erlieft een och de Bam, d’Gras, de Moos an d’Wolleken dobaussen.“

De Skulpturewee zu Lëlz ass e Wee, dee liicht ze goen ass an dat ganzt Joer iwwer getrëppelt ka ginn. Am Summer kann ee mat normale Schong do goen. Den Hierscht/Wanter ginn awer Schong mat Profil recommandéiert, einfach well et deels duerch de Bësch geet an do och emol Bulli ass. E bitt sech als idealen Trëppeltour fir déi ganz Famill un, en ass 4,2 Kilometer laang a misst an enger gudder Stonn ze packe sinn.

Am Summer léisst de Wee sech gutt mat enger Faart um Solarboot kombinéieren. Elo am Hierscht éischter mat enger Visitt vun der Duchfabrik am Naturpark-Shop zu Esch-Sauer. Hei kritt een och eng Partie kuscheleg Produiten aus Duch vum Séi.

Wie vum Trëppelen net genuch kritt, dee kann dëse Wee och kombinéiere mat engem Besuch op der Aussiichtsplattform Belvedère um Buerfelt an do och de „Waldentdeckungszentrum“ besichtegen.

Wann een am Grupp ënnerwee ass, ass eng aner flott Kombi-Méiglechkeet, eng guidéiert Visitt bei der SEBES ze reservéieren. Och de Waassersënneswee tëscht Lëlz an Eschduerf ass immens flott.

Esch-Sauer ass natierlech och e Besuch wäert. Hei fënnt ee verschidde Restauranten a Caféen, donieft och e Wellness am Hôtel de la Sûre. Och am Heischtergronn kann een am Restaurant e gudde Maufel iessen.

En Artikel vum Tania Hoffmann

© Guy Krier

Placeholder Dummy template

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.