fir d’Liewen: den Zölibat an der kathoulescher Kierch

„Single“

Et ass eppes, wat deene meeschte Leit Angscht mécht a wouriwwer kee gären nodenkt: eleng sinn. Sief et owes doheem um Kanapee, mëttes am Restaurant oder fir d’Feierdeeg – e Partner an eng eege Famill wënscht sech dach eigentlech (bal) all Mënsch. Ma et ginn och Leit, déi bewosst dorop verzichten. Net, well se kee fannen, ma einfach, well et zu hirem Beruff gehéiert. Oder éischter, hirer Beruffung. D’Ried ass vu Geeschtlechen, méi konkret vun deenen aus der kathoulescher Kierch. Fir Paschtouer ze ginn oder an engem Klouschter ze liewen, ass den Zölibat eng Konditioun an deemno e Choix, deen et am Virfeld ze treffe gëllt.

De Leo Wagener wousst scho fréi, wat seng Vocatioun wier an och wat en dofir hannert sech loosse géing. Vum Paschtouer zum Generalvikar war et e wäite Wee, ma eleng huet hien sech dobäi awer eigentlech ni gefillt: „Ech mengen, mir huet immens gehollef, datt ech ganz vill mënschlechen Halt a menger Famill kritt hunn. Ech hu ganz gutt Relatioune mat menge Geschwëster an zu hire Famillen, wou ech och ëmmer direkt mat erageholl ginn, sou datt dat mir elo ni schwéier gefall ass.“ Vill sozial Kontakter also, eng stabil Gottesrelatioun an eng gutt Grëtz Spiritualitéit sinn déi Zoutaten, déi d’Elengsi fir de Generalvikar liefbar maachen. Ma et ginn awer och där aner Geeschtlecher. Där, déi den Zölibat net esou gutt meeschteren. „Ech kenne Matbridder, déi ganz staark ënnert Einsamkeet leiden, déi fäerten, eleng ze sinn, an op deenen dat och schwéier laascht. Dat kann een net ënnert den Dësch kieren“, esou de Generalvikar.

Mee firwat muss e Paschtouer dann iwwerhaapt zölibatär liewen? „Den Zölibat dréckt u sech aus, datt déi wichtegst Relatioun déi ass, déi ee mat Gott lieft, an eben net mat engem mënschleche Partner“, erkläert de Generalvikar. Ma och d’Disponibilitéit spillt an der ganzer Iwwerleeung eng Roll, well e Paschtouer ass virun allem fir déi Leit do, déi hie sollicitéieren, an dat zu all Moment. Entgéint der allgemenger Meenung ass den Zölibat awer keen Dogma vun der Kierch, mee eng „disziplinaresch Moossnam“, wéi de Leo Wagener et nennt, déi vum Poopst kéint opgehuewe ginn. Op d’Fro, wéisou a wéini genau dës Mesure an der Kierch ageféiert gouf, ginn et eng ganz Rëtsch Äntwerten, well nieft dem offensichtleche Virbild, dat duerch d’schrëftlech Duerstellunge vum Jesus an der Bibel entstanen ass, hunn och juristesch Aspekter wéi Ierfschaft a Besëtztum beim Thema Flichtzölibat eng Roll gespillt.

Wéi et sech mat dësem speziellen „choix de vie“ dann op Dauer liewe léisst, beschreift de Leo Wagener esou: „Ech gesinn dat Ganzt d’selwecht wéi mat Leit, déi an engem Mariage sinn. Et muss een an engem Stot wëssen, firwat een elo mat där dote Persoun zesummen ass an net mat engem aneren an da bleift een och dobäi. Ganz ähnlech ass et mam Priistertum.“ Ma trotz aller Iwwerzeegung ginn et dann heiansdo awer déi vereenzelt kleng Momenter, an deenen den Zölibat dach net esou einfach ass. „Dat, wat natierlech opfält, wann een eleng ass, wann ee krank gëtt zum Beispill, well een dann awer ganz schwaach ass. Eleng wann s de d’Gripp hues an et ass keen do, deen dir eng Taass Téi mécht“, verréit de Generalvikar.

„Ech mengen, et muss ee wëssen, firwat een den Zölibat lieft. Wann et just eng Obligatioun ass, déi ech muss a Kaf huelen, well ech well Priister ginn, da geet et schif”, esou de Leo Wagener. Schif gaangen ass et dann och beim Paul Galles. Hie selwer huet eelef Joer laang als Paschtouer gelieft, bis et op eemol geschitt ass: en huet sech verléift. Wat fir anerer wéi déi banaalste Saach vun der Welt kléngt, war fir de jonke Geeschtlechen eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vu sengem Liewen: „Op eemol kënnt eng Fro an déi stellt alles op d’Spill: däi Beruff, deng Wunneng, däi Statut. Dat ass de Punkt Null vum Liewen.“ No engem laangen Nodenk-Joer huet de Paul Galles sech fir d‘Partnerschaft a géint de Priistertum entscheet. An och hie mécht am Nachhinein de Lien zum Mariage: „Ech ka mir virstellen, datt Leit dat och erliewen, wann se gescheet ginn. Déi Orientéierungslosegkeet, dat ass dat schlëmmst.“

Ma trotz senger eegener Geschicht ass de Paul Galles awer op kee Fall géint den Zölibat, au contraire: „Den Zölibat mécht duerchaus Sënn. Zölibatär liewen heescht jo, ech verzichten op eng Bezéiung, op Famill, fir mech fir eppes anescht anzesetzen. Dat fënns de an der Gesellschaft am Fong déi ganzen Zäit.“ Déi eng Nuance, wou et kritesch gëtt, ass dat klengt Wuert „Flicht“. „Et ass eng Decisioun, déi s de net selwer trëffs, mee well en aneren dir et seet. An esouguer, wann s de eigentlech net ganz iwwerzeegt bass, hëls de et awer a Kaf wéi ech deemools.“ Anstatt den Zölibat awer radikal ofzeschafen, sollt een en einfach fräistellen, esou de Paul Galles: „Ech sinn en Zölibatsäerder, ech géif e gär äerden, datt e mat zwee Féiss um Buedem steet. Dass wierklech just déi et maachen, déi et och wierklech wëllen.“

D’Ophiewung vum Flichtzölibat an noer Zukunft hält de Leo Wagener dann awer fir éischter onwarscheinlech. „Ech mengen, dat ass eng Fro, déi am Moment net d’Unanimitéit an der kathoulescher Kierch géing fannen, an et misst een da riskéieren, datt dat géife grouss Spannunge ginn“, sou de Generalvikar. Fir Paschtéier, déi geselleg Owenter awer trotz „Single“-Liewen net mësse wëllen, huet d’Kierch dann eng Optioun fonnt. „De Bëschof stellt et jonke Geeschtleche fräi, fir zu e puer zesummenzeliewen an enger Communautéit. Dat ass zum Beispill a Frankräich guer net esou onheefeg“, erkläert de Leo Wagener. Eng Aart kathoulesch WG also, a firwat och net. Well ouni Partner ze liewen, muss nach laang net bedeiten, einsam ze liewen – och net an der kathoulescher Kierch.

En Artikel vum Laura Tomassini

Den Zölibat eemol wëssenschaftlech betruecht, aus der Siicht vum Theolog Pit Rasqué:

„De „Problem“, ënner Gänseféisschen, ass, datt an der kathoulescher Kierch d’Priisterbild an de Priistertum mam Zölibat verknëppt sinn. Dat kann een historesch ënnert dem ominéise Begrëff „Traditioun” zesummefaassen, well u sech ass den Zölibat eng ganz al Saach. Ech wëll och guer net behaapten, datt Leit, déi bestuet sinn, e manner gudden Job maachen, mee ech kann awer als Katholik novollzéien, datt déi zölibatär Liewensaart déi méi ursprénglech Form fir Priister ass. A wann e Paschtouer bestuet ass, da kritt d’kathoulesch Kierch nach e ganz anere Problem: Wat ass, wann dësen sech wëll scheede loossen? Dat geet jo net.”

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.