Sharing Economy

Besëtz opkéipen, dat war eemol. Deelen an Tauschen ass haut trendy.

Deelen als Modell vun der Zukunft – wat stécht derhannert? De Prinzip hanner der Sharing Economy ass net nei! Jiddweree vun eis huet schonn emol den Noper, den Aarbechtskolleeg oder e Kolleeg gefrot, fir eppes geléint ze kréien. Duerch anerer kritt een esou Zougang zu Saachen, déi ee selwer net besëtzt! Mee d‘Deelen hëlt aner Dimensiounen un! Firwat net direkt säin Auto oder säin Haus zur Verfügung stellen?

Fréijoerszäit ass Gaardenzäit. Do brauch een eventuell eng Méimaschinn, en Häckseler, eng Heckeschéier, en Trimmer, an, an, an… An dat alles huet säi Präis. Benotzt gëtt et dann eemol am Joer, am Mount, am beschte Fall eemol an der Woch. A fir de Rescht vun der Zäit hëlt et engem Plaz ewech, am Keller, an der Garage oder am Gaardenhaischen. Et kéint ee jo nach en zweet Gaardenhaische bauen, fir alles ënnerzekréien?

Esou muench Noperen, déi sech gutt matenee verstinn, hunn sech do scho méi gescheit ugeluecht, andeems si sech ofschwätzen, wie wat keeft, an da gëtt duerno ënnerenee verléint.

Eis Bauere schaffe säit éiweg no dësem Prinzip. Maschinnen, déi just geleeëntlech gebraucht ginn, gi bei engem anere Betrib oder beim Maschinenring (haut MBR Services) zu Lëtzebuerg oder am noen Ausland ausgeléint.

Haut kritt dëse Prinzip net nëmmen en engleschen Numm, mee hëlt och eng ganz nei Dimensioun un.

„Traditionelle Konsum gëtt duerch modern Technologie an de sozialen Netzwierker nei definéiert.“

Sharing Economy – wat ass dat?

Duerch den Internet gëtt d‘Deelen an eiser Zäit ëmmer méi einfach. Egal ob Facebook, Instagram oder Snapchat, déi ganz Welt hëlt Deel un eisem Liewen. Mir deelen net nëmmen eis Privatsphär, mee mëttlerweil och eise private Besëtz. Stellt Iech eng Welt vir, an där mir eise Besëtz mat Persounen deelen, déi mir just aus dem Internet kennen. Eng Welt, an där een engem Friemen dat uvertraut, wat ee besëtzt. Kënnt Dir Iech dat net virstellen? Gëtt et awer scho längst! Well niewent dem Internet verännert sech och eist Konsumverhalen!

Sharing Economy heescht Deele vu privatem Besëtz, ganz nom Motto: „Wat ech hunn, dat deelen ech!“ Duerch den Internet ass een dobäi net op eng Grupp vu Leit begrenzt – den Internet kennt bekanntlech keng Grenzen. Mir kënnen en onendlech grousst Netzwierk notzen, fir de passende Géigestand ze fannen. An dëst meeschtens ganz einfach iwwer eng App op eisem Smartphone.

De Gabler Wirtschaftslexikon erkläert d‘Sharing Economy esou (aus dem Däitschen iwwersat): De Begrëff Sharing Economy mengt e systematescht Verléine vu Géigestänn an e géigesäitegt Bereetstelle vu Raimlechkeeten, haaptsächlech duerch Privatpersounen an Interessigruppen. Am Mëttelpunkt steet d‘Collaborative Consumption, de gemeinsame Konsum also. D‘Iddi derhannert ass einfach: d‘Leit sollen e Géigestand net zu hirem Eegentum maachen, mee fir eng gewëssen Zäit de Besëtz vun aneren notzen. D‘Viraussetzung ass natierlech, datt iergendee bereet ass, säi Besëtz unzebidden.

En Handwierker oder een, deen op däin Hond oppasst, léisst sech schnell iwwer eng vun de sëllegen Appe fannen. Mat Hëllef vun enger Abberzuel vu Plattformen a sozialen Netzwierker fënns du ganz schnell, wat s de grad brauchs. Déi eng Plattform ass op „Wunneng-Sharing“ spezialiséiert, déi nächst op Bicher oder Bijouen.

Ganz nom amerikanesche Virbild Uber fënnt ee bei www.karzoo.lu eng Matfuergeleeënheet. Brauch een emol selwer en Auto, fir vun A op B ze kommen, fënnt een dëse schnell an onkomplizéiert beim neie Service FLEX vun der CFL. Bei AirBNB fënns du ganz schnell weltwäit eng Wunneng fir deng nächst Vakanz oder awer och nëmmen eng Schlofplaz fir e klengen Trip.

Och Coworking Spaces, Groussraumbüroen, wou een sech eng Plaz fir begrenzten Zäit (och gäre mol just fir e puer Stonnen) loune kann, ginn ëmmer méi beléift zu Lëtzebuerg. Eenzel Persoune fannen zum Beispill an der Wishbox (www.wishbox.lu) eng flott Plaz. Hei gëtt vill Wäert op eng flott Ambiance, den Austausch ënnerenaner an och oft op d‘Zesummenaarbecht geluecht. Oft entstinn hei flott Synergien, déi iwwer d‘Schaffen am Coworking Space erausginn. Kleng Start-Up-Betriber fannen zum Beispill bei Nyuko (www.nyuko.lu), dem Haus Breedewee (www.breedewee.com) oder bei 6zero1 (www.6zero1.lu) eng Plaz. Hei fënnt een net nëmmen eng Plaz fir ze schaffen, mee et kann och op eng Hellewull un zousätzleche Servicer a ville Beräicher zeréckgegraff ginn.

Ass renge Besëtz also net méi erstriewenswäert? Fir vill Leit, déi esou Sharing-Offeren notzen, hu Géigestänn, ewéi zum Beispill en Auto, kee Stellewäert a sinn nëmmen e Mëttel zum Zweck. Den Zougang ass also méi wichteg wéi de Besëtz. D‘Generatioun vun den haitege Konsumente gesäit d‘Lounen oder d‘Léine vu Saachen als grousse Virdeel géintiwwer vum Kafen.

Deele schount net nëmmen de Portmonni, mee och d‘Ëmwelt. D‘Sharing Economy kann derbäi hëllefen, datt een eben net méi zwee Autoe brauch, fir vun A op B ze kommen.

Fakt ass: Deelen an Tausche läit am Trend!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.