Selbstännegkeet

Wat méchs du da sou?

„Astronaut, well da kann ech op de Mound fléien“, „Kach, well ech iesse sou gär“ oder och emol „Spillschoulsjoffer, well da kann ech de ganzen Dag spillen“. Dat sinn dacks Äntwerte vu Kanner op déi grouss Fro: „Wat wëlls de da ginn, wann s de grouss bass?“

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

D’Fro selwer weist schonn, wat fir eng Bedeitung Aarbecht an den eegene Beruff an eiser Gesellschaft hunn. Och a spéidere Joren, eventuell um Konveniat vun der aler Primärschoulsklass, huet sech d’Fro quasi net verännert. „A wat schaffs du?“ Oder: „A wat méchs du esou?“ Jidderee weess dee Moment, wat gemengt ass, an oft kann dëst Theema da séier e ganzen Owend dominéieren.

Bei mir ass dat net anescht. Ech hunn elo 30 Joer a schaffe schonn zanter enger gudder Zäit am selwechte Beräich an och fir dee selwechte Patron. Dëst ass hautdesdaags net méi selbstverständlech, well vill Kolleegen a mengem Alter schonn e puer Patronen hanner sech hunn oder nach op der Sich no hirer Äntwert op d’Fro „Wat méchs du dann esou?“ sinn.

Et gëtt awer och déi aner, déi eng Decisioun geholl hunn, déi nach iwwer d’Fro vum Beruff erausgeet. Si hunn de Schrëtt gewot a sech selbstänneg gemaach.

Wann een e Bléck op d’Statistike wërft, sinn am Joer 2020 3.178 Betriber gegrënnt ginn, am selwechte Joer goufen et der awer och 2.844, déi hir Dieren nees zougemaach hunn. Heiraus kann een natierlech net d‘Grënn fir déi eenzel Schléissungen erausliesen, mee et gëtt schonn e liichten Hiweis dorop, datt de Schrëtt an d’Selbstännegkeet relativ séier gemaach ass, mee de Schrëtt erëm eraus bal genee esou séier.

Mir geet et awer elo net drëm, mat Statistike ronderëmzegeheien, mee erauszefannen, firwat ee sech selbstänneg mécht, an dëst virun allem an esou jonke Joren. Wisou de finanzielle Risiko an zugläich déi alldeeglech Belaaschtung vun der Gestioun vu Clienten oder eventuellen Employéen agoen, an dat an enger Phas vum Liewen, an där bei ville Leit en Haus bauen an eng Famill grënne Prioritéit huet.

Mir hunn dofir konkreet dräi Leit aus dëser Liewensphas gefrot, déi sech selbstänneg gemaach hunn an sech awer an dräi ganz ënnerschiddleche Situatiounen erëmfannen.

Hei hu mir op där enger Säit de Bauer Willy, u sech geléierten Elektriker, dee mat an de Familljebetrib erageklommen ass an dësen ëm de Beräich vum Geméisubau erweidert huet an zesumme mat senge Bridder op Bio ëmgeklommen ass. Op där anerer Säit ass de Christian, dee kuerz no sengem Master a Landschaftsplanung, Ökologie und Architektur zesumme mat sengen zwee Associéen de Gaardebetrib Gardenarts opgemaach huet an hei och direkt e puer Mataarbechter agestallt huet, fir der Aarbecht Meeschter ze ginn. Mëttlerweil huet d’Firma allerdéngs hir Aktivitéiten néiergeluecht an d’Gesellschaft ass am gaangen opgeléist ze ginn. An zu gudder Lescht hu mer den Alain, dee viru Kuerzem, no laanger Ausbildung, d’Diere vu sengem Cabinet als Generalist opgemaach huet.

Mir hunn deenen dräi ënner anerem d’Fro gestallt, ob Selbstännegkeet e wichtege Punkt fir de Choix vun hirem Beruff oder der Grënnung vun hirem Betrib war. Hei gouf et kuerz a knapp Äntwerten, déi kloer maachen, datt et keen Zoufall war, datt si sech fir dëse Schrëtt decidéiert hunn, respektiv datt et d’Motivatioun, fir zum Beispill dat laangt Studium zum Generalist duerchzezéien, gesteigert huet. Den Haaptgrond, deen ee bei allen dräi eraushéiert: „Ech kann dat sou maachen, wéi ech et fir richteg fannen“, „ech muss kengem Rechenschaft ofleeën, firwat ech eppes gemaach hunn, wéi ech et gemaach hunn“ an „ech ka menger Meenung no sou am beschte mäin Deel zur Verbesserung vun der Gesellschaft bäidroen“. Bei dësen dräi Aussoe mierkt ee ganz schnell, fir de Schrëtt ze woen, muss ee scho wëssen, wat ee wëll. Et muss een eng Iddi dovun hunn, wéi een sech d’Gesellschaft ronderëm sech virstellt a wéi een do säin Deel dozou bäidréit, ouni dobäi seng eege Prinzippien ze verléieren.

Bei der éischter Fro mierkt een dann och, datt de Schrëtt bei deenen dräi net liichtfankeg geholl ginn ass. Et war e Prozess, deen duerch hiert Ëmfeld, hiert Studium, awer och hir eegen Erfarungen um Aarbechtsmaart beaflosst gouf a si bis dohi bruecht huet.

Wann d’Entscheedung bis gefall ass, en eegene Betrib opzemaachen, leie Virdeeler, wéi selwer Chef ze sinn, séier op der Hand. Mee wéi bei Yin a Yang gëtt et do, wou et Virdeeler gëtt, och ëmmer Nodeeler. Hei ass virun allem de finanziellen Drock ervirzehiewen an och ze wëssen, datt wann een näischt schafft, dann och näischt verdéngt. D’Flexibilitéit vun den Aarbechtszäiten, déi oft als Virdeel genannt gëtt, bréngt dann och direkt deen nächsten Nodeel mat sech. Et ass een ni richteg fäerdeg mat schaffen. Et fillt ee sech, virun allem am Ufank, wou ee Problem nom aneren optaucht, deen et ze léisen gëllt, séier iwwerfuerdert an et fënnt ee schwéier den Ofschloss vum Schaffdag. Bei engem Patron ass dat anescht. Et mécht ee sécherlech mol déi eng oder aner Iwwerstonn, mee am Allgemenge muss ee seelen Aarbecht mat heem huelen. A genee dës Struktur, déi ee bei engem Nine to five-Job huet, ass engem als Selbstännegen, op d’mannst am Ufank, net ginn. Op Dauer ass dat natierlech immens ustrengend a baut och e generellen Drock op.

Dofir war eng wichteg Fro un déi dräi, wat fir Tippen een engem, deen sech och selbstänneg wéilt maachen, géif mat op de Wee ginn. Hei falen d’Äntwerten dann zum Deel d’selwecht aus, wéi zum Beispill gëtt vill Wäert drop geluecht, sech selwer eng Struktur ze ginn, respektiv konkreet säin Dag ze strukturéieren a mat Aufgaben an Ziler ze fëllen, fir sou och ze vermeiden, sech a „Klengegkeeten ze verléieren“.

Beim konkreete Start, virun allem a finanzieller Hisiicht, waren déi dräi Hären sech dann net ganz esou eens. Sou steet op der enger Säit d’Meenung, datt ee sollt mat engem gudde Kapital a genuch Aarbecht an d’Selbstännegkeet starten, an op där anerer Säit seet ee vun deenen Dräi, dat een net sollt ze vill am Ufank investéieren, fir flexibel ze bleiwen, well een am Ufank net onbedéngt weess, wou d’Rees een hiféiert. Datt een net ëmmer weess, wou d’Rees higeet, gesäit ee scho bei den Äntwerten op d’Fro, ob dëst ëmmer hiren Dramberuff war. Just bei engem vun deenen dräi war et esou, déi aner zwee wollten entweeder Legodesigner oder Paraglidingcoach op Teneriffa ginn. Wien elo wat gesot huet, wëlle mer natierlech net verroden, mee dës interessant Gespréicher mat engem Rot, dee mer och vun engem vun hinne kritt hunn an deen a ville Beräicher vum Liewe sécherlech och passt, ofschléissen:

Et soll een d’Liewen net ze eescht huelen, an einfach mol maachen!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.