swirl title

Sekten … an aner net unerkannt Reliounen zu Lëtzebuerg

... an aner net unerkannt Reliounen zu Lëtzebuerg

An den 1980er an 1990er Joren ass zu Lëtzebuerg vill iwwer den Engel Albert geschwat ginn. Et war eng Sekt, déi sech selwer als „Gemeinschaft Glaube und Hoffnung“ bezeechent huet.

D’Yvonne Theisen (als Engel Werner) als „Medium, dee schwätzt“, an d’Ketty Donnersbach (als Engel Albert) als „Uféierer“ an och „Medium, deen net schwätzt“, waren hei un der Spëtzt. Versammelt gouf sech um Melickshaff bei Iechternach.

Hire Glawe war um Karma opgebaut. Wann ee leit, ass dat eng gëttlech Strof fir Onrecht, dat een an engem virege Liewe begaangen huet. Eng Krankheet däerf dofir nëmme mat Mëttele behandelt ginn, déi vu Gott – duerch säi Medium – unerkannt sinn. Zu dëse Behandlungen hunn ë. a. Sauermousjus, Steng fir an d‘Hand, Pyramiden, fir doruechter opzestellen, a Waasser vum Melickshaff, dat awer keng Drénkwaasserkritären hat, gezielt. Eng Sammlung vu Berichter vu vermeintlechen Heelungen huet en deemolege Member, de Jos Kolten, an de Joren 1985 an 1986 an zwou Broschüren zesummegestallt.

1984 gouf d’Ketty Donnersbach wéinst illegaler Ausübung vum Medezinnerberuf veruerteelt an an éischter Instanz zu enger Geldstrof vun deemools 100.000 Frang (haut ongeféier 2.500€) veruerteelt.

D’Ketty Donnersbach oder den Engel Albert ass de 17. Dezember 2015 am Alter vu 87 Joer gestuerwen.

Eng aner Anekdot gouf et op der Europäescher Kommissioun. Am Oktober 2017 hunn Honnerte vun europäesche Fonctionnairen un enger Formatioun deelgeholl, an där et ëm den Ëmgang mam Stress mat Hëllef vu Meditatioun goe sollt. Déi ugekënnegt wëssenschaftlech Method huet sech séier als Sekt entpuppt, déi a Frankräich an an der Belsch erfaasst an zu Lëtzebuerg identifizéiert ass, „Méditation transcendantale – Maharishi Mahesh Yogi“.

D’Schlass vun Aansebuerg gehéiert dem Sukyo Mahikari, enger japanescher Organisatioun, déi op der Lëscht vun de Sekte vum 22. Dezember 1995 opgefouert gëtt.

Vu wou kënnt dat Wuert „Sekt“?

Sekt (vum laténgesche secta «Partei», «Léier», «Schoulrichtung») ass eng Bezeechnung fir eng reliéis, philosophesch oder politesch Richtung an hir Unhängerschaft. Anerer soen „Sekt“ kéim vum laténgesche Wuert „sequi“ = engem nogoen, engem follegen an hat ursprénglech déi éischt Bedeitung. Sekt ass d‘Bezeechnung vu méi klengen, meescht vun enger gréisserer chrëschtlecher Kierch, ofgespaltene reliéise Gemeinschaften.

Eng Iwwersiicht vun aneren net unerkannte Glawensgemeinschaften (a Sekten) zu Lëtzebuerg

D‘Neiapostolesch Kierch gëtt et zanter den 1930er Joren am Land. Si ass zu Lëtzebuerg als Asbl agedroe mam Status vun enger Vereenegung vun ausschliisslech reliéisem Charakter.

Si hu scho viru Joren eng Ufro fir eng Konventioun mam Staat agereecht. Si zielen ongeféier 1400 Memberen am Land.

Et ginn och nach dräi protestantesch Kierchen, déi keng Konventioun mam Lëtzebuerger Staat hunn.

  • Déi Däitschsproocheg protestantesch Kierch, si gouf offiziell 1957 gegrënnt.
  • Déi Hollänneschsproocheg protestantesch Kierch (cf. och Église protestante du Grand-Duché de Luxembourg). Si gouf 1965 gegrënnt.
    Déi Däneschsproocheg protestantesch Kierch fënnt een an der Dräifaltegkeetskierch an der Stad.
  • D’Buddhisten hunn hire Centre Culturel Tibétain an der Stad.

D‘Zeugen Jehovas (bekannt duerch hir Zäitschrëften „Wachtturm“ an „Erwachet“) hunn zu Lëtzebuerg 2.172 „Bibellehrer“ op 33 Versammlungsplazen. Dat ass 1 Zeuge Jehova op 272 Awunner.

Déi dacks nach als chrëschtlech Sekt agestuuft Mormonen heeschen och „Kirche Jesu Christi der Heiligen der Letzten Tage“ oder Utah-Mormonen. Si gi mat hirem „Evangelium vom Ewigen Fortschritt“ net méi als chrëschtlech Grupp agestuuft, well de Bezuch op d‘Chrëschtentum kaum erkennbar ass, et fënnt ee se elo ënner „Nei Reliounen“. Si hu 424 Memberen, 1 Genealogie-Fuerschungsplaz an 1 Gemeng.

Zënter 1947 gëtt et d’Gemeinschaft vun de BAHÁ’I zu Lëtzebuerg, zanter 2010 d’CMCI (Communauté Missionnaire Chrétienne Internationale) och an der Stad an den „Bruno Gröning-Freundeskreis“, e Wunderheiler, huet eng Adress zu Gréiwemaacher.

Vu Scientology ass zu Lëtzebuerg scho laang net méi geschwat ginn. An engem Interview mam L’Essentiel vum 10. Juli 2012 sot de Paschtouer Paul Goerens: „A Lëtzebuerg hunn ech zanter Joren näischt méi vun dëser Grupp gesinn.“

Am Memorial C um Site Legilux fënnt ee chinesesch, koreanesch, dänesch, schwedesch, kapverdianesch, portugisesch oder international Kierche wéi d’Church of God.

Wéi si Reliounen a Sekten am Lëtzebuerger Gesetz gereegelt?

Mir hu keen explizitt Gesetz iwwer unerkannt an net unerkannt Glawensgemeinschaften, awer mir hunn zanter dem 21. Februar 2013 d’Gesetz iwwer d’Uschëllegung vu Mëssbrauch vun enger hëllefsbedürfteger Persoun a Mëssbrauch vu Schwächt, dat och besonnesch Sektebeweegungen uviséiert.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.