Warscheinlech geet se éischter op en heednesche Brauch zeréck ewéi op d’Wonnerwierker vun engem Hellegen, mee d’Geschicht vum Willibrord begleet d’Sprangpressessioun schonn zanter mir se kennen. Am 8. Joerhonnert ass d’Legend vum sougenannte Veitsdanz entstanen. E Geiespiller soll sech der Seechen no mat senger Fra op eng Pilgerreess beginn hunn, mee de laange Veit, wéi hien am Duerf genannt gouf, koum vun dëser eleng zeréck. Schonn no kuerzer Zäit hu sech a senger Heemecht Gerüchter breetgemaach, dass hien ënnerwee seng Fra ermuert hätt a fir de laange Veit goung et un de Gaalgen.
Wéi den Onschëlleg-Verurteelten dem Doud scho bal an d’A gekuckt huet, huet e seng Gei eng leschte Kéier ausgepaakt an ugefaangen ze spillen. D’Kläng ware wuel esou hypnotiséierend, dass d’Leit am Public – well deemools war d’Doudesstrof nach en ëffentleche Spektakel – ugefaangen hunn ze danzen an ni méi domat konnten ophalen.
Laut der Geschicht war et eleng den Hellege Willibrord, e Missionar aus England, deen am Joer 690 op de Kontinent komm war, deen dës dänzeresch Trance ënnerbrieche konnt an de Fluch vum éiwege Veitsdanz gebrach huet. Nach haut danzen d’Iechternacher an hir Gäscht bei der Sprangpressessioun zu sengen Éieren – wéi vill un der Seeche wierklech drun ass, bleift heibäi e Geheimnis.
Den Hellege Willibrord ass awer net nëmmen, wat danzen ugeet, mee fir säi Wierk am ganze Land a souguer a ganz Europa bekannt, well den englesche Geeschtlechen huet zu Iechternach esou munches verännert an an d’Weeër geleet. 698 krut hien an der Lëtzebuerger Stad un der Sauer e Klouschter geschenkt, dëst vun der Adeleger Irmina von Oeren, bei Tréier. Vun Ufank u war am Klouschter e Schreifatelier, och Skriptorium genannt, deem seng Erzeugnesser bis haut bekannt sinn. Ënner anerem de gëllen agebonnene Codex aureus Epternacensis, e Wierk aus der Buchmolerei, dat et zu Nürnberg am Germanisches Nationalmuseum ze bestaune gëtt, ass zu Iechternach entstanen.
De Willibrord, deen an England an Irland ausgebilt gi war an als Bëschof zum Héichadel gehéiert huet, war ee vun de Wéinegen zu där Zäit, déi liesen a schreiwe konnten, an huet mat sengem Wëssen a senge Relatiounen zu de Kinneken aus senger Epoch mat dozou bäigedroen, dass d’Lëtzebuerger Stiedche sech zu engem wichtege kulturellen Zentrum an Europa entwéckelt huet. Laut dem Alex Langini, President vun der Associatioun, déi sech ëm den haitegen Iechternacher Abteimusée këmmert, ass de Willibrord vill gereest, hat scho 695 zu Utrecht e Sëtz als Bëschof etabléiert a war Deel vun enger Bluttslinn, déi an Europa gutt vernetzt war, wat dem Klouschter zu Iechternach ëmmer nees besonnesche Schutz gebueden huet.
Nawell gouf dëst Klouschter eng Rëtsch Kéieren ëmgebaut an am leschte Weltkrich staark zerstéiert, esou dass haut déi drëtt Versioun vun der Kierch do steet. Zanter 1727 gehéiert de Komplex, deen als nationaalt Hellegtum gëllt, dem Staat. D’Spuere vum Hellege Willibrord sinn dobäi nach ëmmer onverkennbar. Wärend säi Wierken als Missionar a Geléierten historesch nogewisen ass, ginn et awer och eng Partie Geschichten, déi vläicht éischter zur Kategorie Duerflegend gehéieren. Esou soll de Willibrord zum Beispill um Ferschweiler Plateau an der Eifel eegestänneg aus engem iwwer véier Meter héije Menhir, also vertikal opgestallte Steen, dat sougenannte chrëschtlecht Fraubillenkreuz gemeesselt hunn.
Och zu senger Gréisst gëtt et eng Aart Mythos, well den Hellegen, deen 2015 zum Schutzpatroun vun de Lëtzebuerger Massendénger ernannt gouf, war anscheinend iwwerduerchschnëttlech grouss.
„Dat ass en Detail aus der Geschicht ëm de Willibrord. Et heescht, wéi hie 739 gestuerwen ass, wieren d’Leit verwonnert gewiescht, dass seng Doudelued – deemools waren dat stenge Sarkophagen, déi net op Mooss gemaach goufen – ze kleng gewiescht wär. Et ginn zwee Skeletter am Abteimusée vu Leit, déi béid bal zwee Meter grouss waren, wat fir déi Zäit aussergewéinlech war an drop hindeit, dass se aus privilegéierte Kreesser koumen a gutt erniert waren“, erkläert den Alex Langini. Dem Willibrord säi Liewe kann een a mëttlerweil ganz ville Bicher an Texter noliesen. Déi wuel éischt Liewensbeschreiwung vum Hellege gouf awer em 800 geschriwwe vum Alcuin an ass deels a Gedicht- an deels a Prosaform verfaasst. Och si erzielt vun de ville Seeërcher a Wonner, déi den Hellegen zu Liefzäite soll geleescht hunn an déi haut nach ganz Gruppe vu Leit op Iechternach lackelen – dohin, wou de Geeschtleche bis haut begruewe läit.
En Artikel vum Laura Tomassini