Sécher duerch de Verkéier Coupe Scolaire zu Lëtzebuerg

Esoubal d’Sonn ufänkt, eraus luussen ze kommen, ass et och fir vill Leit un der Zäit, den Drotiesel erëm aus dem Keller erauszekromen. Ob am Bësch, op de Landstroossen oder den agezeechente Vëlosweeër, d’Lëtzebuerger Cycliste si bei guddem Wieder bal iwwerall op der Rull! Ma fir datt während dem Geradels duerch d’Land näischt schifgeet, gëllt och fir d’Vëlosfuerer den offizielle Code de la route. Wat fir den Autosfürerschäin awer eréischt am Alter vu 17 um Programm steet, sollt fir den Tour mam Vëlo schonn eng Rëtsch Jore méi fréi geléiert sinn. Säit de 60er gëtt et genee heifir d’Coupe scolaire, déi all Fréijoer de Primärschoulkanner vu Lëtzebuerg weist, wéi ee sech als verantwortungsvolle Cyclist op der Strooss ze verhalen huet.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Organiséiert gëtt dat Ganzt vun der Sécurité routière, déi an Zesummenaarbecht mam Schoulpersonal aus de verschiddene Gemengen nawell eng flott Initiativ op d’Bee gestallt huet. “Am Ufank gouf et d’Coupe scolaire a Form vun engem Theoriesdeel an der Schoul an engem prakteschen Deel am Verkéiersgaart vun der Police. Dunn an den 80er ass d’Iddi opkomm, et eriwwer an d’Verkéiersrealitéit ze bréngen, duerch e Parcours, bei deem et drëms geet, op der Strooss fueren ze léieren, mat all de Sécherheetsprinzipien, déi ee kenne muss”, erkläert d’Lydie Cruchten vun der Sécurité routière. Am Kader vun enger nationaler Verkéierserzéiung fir jonk Cyclisten huet sech de Parcours esou zum feste Bestanddeel vum Programm a ville Schoulen entwéckelt an net manner wéi 70 Plazen organiséieren alljoers hir eege lokal Coupe.

Schonn an der Fuesvakanz kréien d’Gemengen den theoreteschen Deel a Form vun engem Questionnaire geschéckt, deen dann zesumme mat der Joffer oder dem Här Lehrer an der Klass geüübt gëtt. Ronn 30 Froen zum Code de la route, dem Equipement vum Vëlo a generelle Verhalensreegelen am Verkéier sollen d’Schoulkanner am Virfeld esou gutt wéi méiglech op den zweeten, prakteschen Test virbereeden. Fir dat geléiert Wëssen dann och nach doheem ze verdéiwen, stellt d’Sécurité routière de Famillen all Joers eng gratis Broschür zur Verfügung. “Eist Kand an säi Vëlo” heescht dat klengt Bichelchen, an deem de ganzen Know-how fir e séchere Vëlostour nach eng Kéier zesummegefaasst ass.

Bis den 22. Juni hunn d’Gemengen dann Zäit, hir eege Coupe scolaire ze organiséieren. „D’Kanner kréien all e Plang vum Parcours mat de verschiddene Verhalensreegelen. Zum Beispill, datt en se op der Kräizung XY den Aarm ausstrecke mussen an op wéi enge Plazen d’Kontrollere stinn”, erkläert d’Lydie Cruchten. Wien den theoreteschen Deel elo awer net gepackt huet, dee muss net trauereg sinn, well matmaache beim Parcours däerf natierlech jiddwereen. „Do gëtt et keng Selektioun. Virdru gëtt zwar e kuerze Geschécklechkeetsparcours gemaach, fir ze kucken, ob déi Kleng och fuere kënnen, mee soss ass d’Coupe op fir all Kand”, esou déi Verantwortlech vun der Sécurité routière.

Als sougenannten „activité périscolaire” ass d’Coupe scolaire fakultativ a steet ënner der Responsabilitéit vun der jeeweileger Gemeng, och wann de Kader landeswäit natierlech fir d’Participanten deen nämmlechten ass. Méiglech gëtt dat Ganzt dann awer net nëmmen duerch d’Hëllef vun den Enseignanten, ma och d’Eltere si während der Coupe scolaire gefrot. Mat engem simpele Punktesystem ermëttelen d’fräiwëlleg Kontrollere während dem Parcours ganz genee, wien dann elo bei de verschiddenen Hindernisser richteg reagéiert huet. Eng 1 gëtt et fir e korrekt Verhalen, 2 wann een esou just nach gutt ewechkomm ass, an d’3 steet fir graff Feeler wéi d’Net-Oftriede vun enger Virfaart oder d’Ignoréiere vun engem Stopp. „Déi Schüler, déi keng Nott 3 kritt hunn, kommen an d’Selektioun a gi mat engem Tirage au sort fir d’Finale gezunn”, erkläert d’Lydie Cruchten. Mat eidelen Hänn geet vun der Coupe scolaire dann awer keen heem, well fir all Cyclist gëtt et e symbolesche Vëlosführerschäin.

De leschte Weekend, éier d’Schoul ausgeet an d’Kanner an hir wuelverdéngte grouss Vakanz entlooss ginn, ass et dann esou wäit: d’Finale steet virun der Dier! Bei dëser ass den Oflaf deeselwechte wéi beim Parcours um lokalen Niveau, ze gewanne gëtt et ënner anerem – natierlech! – e Vëlo! Och 2019 heescht et fir d’Kanner aus dem Cycle 4 also geschwënn erëm: op de Vëlo, prêt, partez! Eng Course ass d’Coupe scolaire dann awer net, well am Vierdergrond steet ganz kloer d’Sécherheet. “Et ass vun eis aus an der Philosophie vun enger Verkéierserzéiung. Dat Ganzt ass also kee Concours an deen éischte gëtt deemno och net onbedéngt dee beschten oder dee schnellsten”, esou d’Responsabel vun der Sécurité routière.

Wien also deemnächst um Wee fir bei de Bäcker e Schëld mat „Attention Coupe scolaire” begéint, dee soll d’Aen extra gutt ophalen. Well och wann et vläicht fir deen een oder anere Retard beim Stoppschëld suergt, de Parcours duerch d’Duerf ass definitiv méi sënnvoll, wéi d’Fuere just an engem kënschtleche Setting ze üben. „D’Méiglechkeet, d’Coupe op der Strooss ze maachen, ass vill méi pedagogesch wäertvoll wéi an enger Hal mat e puer Strécher um Buedem”, seet d’Lydie Cruchten. Well wann och déi Klengste scho wëssen, wéi ee sech am Verkéier ze verhalen huet, da steet engem flotten Nieftenee vu Vëlo an Auto ganz sécher näischt méi am Wee.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.