Aus de Biller si Symboler entstanen an aus Symboler ënnerschiddlech Schrëften. Dëst huet e risegen Entwécklungssprong fir d’Mënschheet bedeit. Schreiwen a Liesen heescht, sech a senger eegener Entwécklung op Erfarungen, Wëssen an Informatioune vun engem anere Mënsch baséieren ze kënnen, ouni musse mat dëse Mënschen am direkte Kontakt ze stoen. Allerdéngs war d’Schrëft laang Zäit just enger begrenzter Zuel vu Mënschen zougänglech. Et ass eréischt an der Renaissance ëm d’Joer 1450, wou duerch d’Erfindung vum Johannes Gutenberg senger Drockerpress d’Schrëft, an domadder d’Iwwermëttele vun Informatiounen a Wëssen, lues a lues fir jiddereen zougänglech gouf. Et koum zu enger Zäit vun der Opklärung, enger Wëssensrevolutioun.
Zu engem neie Quantesprong am Beräich vun der Wëssens- an Informatiounsiwwermëttlung koum et dunn duerch d’Erfindung vum Computer an dem Internet. Mam Drock op e Knäppche steet engem elo dat ganzt gesammelt Wësse vun der Mënschheet zur Verfügung. Quasi zäitgläich, wou eppes geschitt, ass et um aneren Enn vun der Welt scho gewosst. Jidderee kann haut ganz einfach en Text verfaassen, deen direkt vu Milliounen anere Mënsche gelies ka ginn.
Wann et virdru wichteg war, ob ee liesen a schreiwe konnt, fir op sengem Liewenswee virunzekommen, esou kéint ee mengen, datt et haut éischter wichteg ass, datt mir déi néideg informatesch Kenntnesser mussen hunn. Et kéint ee sech esouguer d’Fro stellen, ob een haut iwwerhaapt nach liesen a schreiwe muss kënnen. Eng gutt Sproocherkennungssoftware kann dat jo eigentlech fir een iwwerhuelen, an dat och nach feelerfräi, ouni datt ee vill iwwerleeë muss.
D’Wëssenschaftler op der ganzer Welt si sech eens: Handgeschriwwe Wierder, méi genee ganz Sätz oder Notizen, si besser ewéi op der Tastatur oder um Smartphone ze tippen. Sief et duerch d’Motorik, déi gebraucht gëtt, fir mat der Hand ze schreiwen, oder och, well eist Gehier doduerch eng Informatioun besser verhält. Dëst geschitt, well méi verschidde Beräicher am Gehier aktivéiert ginn, wa mir eppes op der Hand verfaassen, amplaz ze tippen. Ausserdeem ass d’Achtsamkeet méi héich, well ee sech méi Gedanken driwwer mécht, ob et lieserlech a feelerfräi ass.
Et kann een also duerchaus soen, datt d’Schreiwen op der Hand an engem besonnesche Mooss d’Gehier trainéiert. Jidderengem seng Handschrëft ass och eenzegaarteg. Eng handgeschriwwe Kaart huet Charakter a wäert an där enger oder anerer Liewenssituatioun sécher méi Unerkennung kréien ewéi eng gedréckte Kaart, beispillsweis vum Liewenspartner op Vältesdag. An enger Handschrëft deelt déi jeeweileg Persoun och indirekt eppes iwwer sech selwer mat. Graphologe sinn zum Beispill Leit, déi sech et zum Beruff gemaach hunn, Charakterzich aus der Handschrëft vun der betraffener Persoun ze liesen.
Leider huet een haut och den Androck, datt net nëmmen d’Eenzegaartegkeet vun der Handschrëft, mee och vun der Denkweis vum eenzele Mënsch, verluer geet. Nach ni stoungen dem eenzele Mënsch esou vill Informatiounen zur Verfügung. Mee amplaz, datt all déi Informatiounen dem Eenzelen et erméiglechen, sech eng differenzéiert Meenung zu engem Theema ze bilden, schéngt de Mënsch ganz oft iwwerfuerdert ze si vun all dësen Informatiounen an hie flücht dann éischter an e ganz einfacht Denkmuster. Dëst ass ëmsou méi dramatesch, well ee feststelle muss, datt eis haiteg „Informatiounsgesellschaft“ sech ëmmer méi zu enger „Desinformatiounsgesellschaft“ entwéckelt.
D’Schoul huet den Optrag, d’Kanner op hir Zukunft virzebereeden, an dozou gehéiert sécherlech hautdesdaags ganz selbstverständlech och, hinnen déi néideg Kompetenzen am Beräich vun der Informatik mat op de Wee ze ginn. Et gëllt awer och, hinne schonns fréizäiteg de richtegen Ëmgang mat der Hellewull vun Informatiounen mat op de Wee ze ginn. „Trop d’information tue l’information“, heescht e franséischt Spréchwuert, dat mir haut leider nëmmen allze gutt erliewen. D’Kanner musse gehollef kréien, zu eegestänneg denkende Mënschen opzewuessen. Handschrëftlecht Schreiwen ass e wichtegen Aspekt, fir déi eegestänneg Denkkompetenz vum Mënsch oprechtzeerhalen, a muss deementspriechend e feste Bestanddeel vum Schoulprogramm bleiwen.
D’Renaissance war d’Zäit vun der Opklärung, wou den eenzele Mënsch duerch den Zougang zur Informatioun zum Denken ugereegt ginn ass. An eisem Zäitalter erlieft een ëmmer méi, datt Leit, amplaz kritesch ze iwwerleeën, sech éischter enger Meenung vun enger anonymmer Mass uschléissen.
Aus de Biller si Symboler entstanen, an aus Symboler ënnerschiddlech Schrëften. Denkt drun, Iech d’Fro ze stellen, ob d’Entwécklung vum Mënsch net eventuell an déi falsch Richtung geet, wann Dir déi nächste Kéier en Emoji benotzt, amplaz Är Gefiller a Wierder auszedrécken.