Mat der Erfindung vun enger „Killmaschinn“ huet de Carl von Linde 1976 gehollef, d‘Waasserglace nach villen anere Leit zougänglech ze maachen. Wärend sech bis dohi just déi besser bemëttelt Leit déi äiseg, an ënnerierdesche Verwëllef, Fielskelleren a Stolle gelagert Delikatesse konnte leeschten, huet d’Masseproduktioun d’Waasserglace der ganzer Bevëlkerung zougänglech gemaach.
Déi vum Frank Epperson 1923 patentéiert amerikanesch Method, Glace un engem einfache Bengel aus Holz ze fixéieren, huet hien „Eppsicle Ice Pop“ genannt. Dorun erënnert nach deen haitegen US-Waasserglacë-Markennumm Popsicle.
An de 70er Jore war de mëttlerweil kultegen, wéi eng Hand mat ausgestrecktem Zeigefanger gestalt, méifaarwege „Flutschfinger“ bekannt a bei Grouss a Kleng begiert. Bei de Formen a Geschmaachsrichtunge waren a sinn d’Produzente vu Waasserglacen nach haut äusserst kreativ a bereede mat hire faarwegen, fruuchteg séissen an äiskale Produiten erfrëschend Momenter ouni schlecht Gewëssen.
Ee Bléck op d’Zoutate vun der Waasserglace, der Fruuchtglace an dem Sorbet mécht däitlech, firwat dës Zorte Glace als ongeféierlech fir d’Figur, als liicht verdaulech a scho bal gesond gëllen. Als Basis gëtt ëmmer gefruerent Waasser an ni Mëllech benotzt. Bei d’Waasser, dat Magnesium a Kalium enthält, kënnt Jus, Uebstkompott an Uebstsirop derbäi. Doduerch kommen d‘Vitaminnen an d’Glace. Eng Grimmel Zocker verhënnert eng ze haart Kristalliséierung an déngt gläichzäiteg als Energieliwwerant.
De Sorbet huet als Dessert an als kleng Erliichterung bei engem Menü mat méi Gäng eng gehuewe Positioun bei de waasserbaséierte Glacenzorten. Amplaz vun Uebstjus gëtt fir Sorbete bei besonneschen, feierlechen Uläss gäre mol Wäin, Cremant oder esouguer Schampes benotzt. Als bis elo eenzeg Waasserglacenzort ass de Sorbet a méi jonker Zäit och als salzeg Variant (Mierwaasser-Sorbet mat Austeren) oder a Kraider-Versiounen (Basilikum-Sorbet) ze kréien.
De Klassiker ass a bleift awer nach ëmmer déi Waasserglace, déi mir als Kanner, deemools nach fir e puer Frang, niewendrun an d‘Duerfepicerie kafe gaange sinn, fir se direkt derno ze lutschen. Waasserglace a Form vun enger Staang, verpaakt a Plastik. An och haut fënnt een se nach ëmmer doruechter, sief et an der Buvette vun der oppener Schwämm, op der Tankstell oder am Supermarché. An och haut huet een nach ëmmer Loscht, de Plastik opzerappen an sech direkt un deem äiskale Genoss ze erfreeën.
An iergendwéi fillt een sech dann erëm ewéi deemools, wéi ee stolz mat der Waasserglace an der Hand aus der Epicerie koum.
En Artikel vum Marc Wilgé