Schnäppchejuegd an der Autosgarage

den Autosfestival

„A mengem Auto ass vill Plaz, just net fir déi nächst Generatiounen“ – „Ech hunn zwee grouss Hënn“ – „Ech brauch e fir an de Wantersport“: Mat dësen éischter ironesch gemengte Sloganen hunn am Januar 2019 d’Ëmweltschützer vum Mouvement écologique géint den alljärlechen Autosfestival protestéiert. Mat Plakater an engem groussen SUV aus Kartrong sinn si duerch d’Stad Lëtzebuerg gezunn, fir géint deen, an hiren Aen, absurden Trend zu ëmmer méi groussen a leeschtungsstaarken Autoen ze protestéieren. De Klimawandel, dee virun der Dier steet, déi deeglech Staulawinen an déi feelend ëffentlech Verkéiersmëttele beweegen déi eng zum Ëmdenken, wärend déi aner sech (net nëmme fir den Autosfestival) froen, wéi en Auto si als nächst kafen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De Lëtzebuerger Autosfestival ass trotzdeem nach ëmmer immens beléift. Um Ufank vum Joer zitt et d’Visiteuren zwou Woche laang an d’Garagen, besonnesch op de Weekender ass den Interessi un den neie mobillen Ënnersätz grouss. Wann dann dat neit Gefier vun alle Säite betruecht a beschnuppert gouf an dem motivéierte Verkeefer Lächer an de Bauch gefrot gi sinn, da gëtt och kaaft. Dëst weisen d’Zouloossungszuele vun de vergaangene Joren, déi als Beleeg fir de Kafäifer vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung gëllen. Esou schwätzt déi lokal Automobilbranche am Joer 2018 vun engem Rekord, well heizuland 52.811 nei Ween ugemellt goufen. Am Joer dono wieren änlech Zuelen erreecht ginn.

Dat freet net nëmmen déi stolz Keefer vun den neien Autoen, mee och déi Verkeefer, déi dat Konzept vum Autosfestival – mat enger dezenter Sträif Eegeluef – als „genial“ bezeechnen, wéi et de Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Vereenegung vun den Automobilverkeefer Fedamo, de Benji Kontz, an engem Interview mam Luxemburger Wort erzielt. Wärend dem Festival kéinten Interessenten direkt mat de Mataarbechter vun den Autoshaiser a Kontakt trieden a sech informéieren, esou de Benji Kontz, deen dobäi op der Säit léisst, datt potenziell Clienten dat och op jidder anerem Schaffdag vum Joer kéinten. Wat hie sécherlech wollt ervirhiewen:

Änlech wéi bei engem Kulturfestival sollen d’Mënsche kommen, staunen, eppes erliewen, e Gliesche Schampes drénken – an da kafen. Vill Händler maache wärend dem Autosfestival e weesentlechen Deel vun hirem järlechen Ëmsaz.

„Kaf keen Auto, kaf e Präis“, esou beschreift den Tageblatt-Autosexpert Marc Schonckert, zu Lëtzebuerg bekannt fir seng launesch Autosrezensiounen, de Prinzip vum Festival. „D’Zil vu ville Visiteuren ass erauszefannen, wou een am meeschten Auto fir säi Geld kritt“, sou de Journalist. „Dat ass dach eng inzenéiert Schnäppchejuegd, bei där ech derno festgestallt hunn, datt ech véier Woche méi spéit – mat e bësse Verhandlung – dee selwechte Präis géing kréien.

“ Seng Prognos fir den nächsten Autosfestival heescht: D’Visiteure froen no Bensinnsmotoren, wat och verständlech wier, well si duerch d’Dieselpolemik veronséchert wieren. Hybridautoe wiere grad esou am Trend, bedauert de Marc Schonckert, deen déi als „ëmweltfrëndlech Alternativ“ ausgewise Gefierer léiwer als „Risequatsch“ bezeechent. Och den „SUV-Rush“ wier eng Moudeerscheinung an d’Moud dirigéiert nawell Kafentscheedungen. „Wat allerdéngs guer net geet: Wann den Noper gesäit, datt mäin Auto méi al ewéi dräi Joer ass“, beschreift de Marc Schonckert d’Kafverhalen hei am Land – net ouni en A zouzepëtzen. „Den Auto ass dat léifste Kand vum Lëtzebuerger.“ An engem Land, an deem Garagen oft méi grouss ewéi Stuffe sinn an de Won natierlech net an, mee virun der Garage steet, verwonnert esou en Urteel net. „Mir Lëtzebuerger sinn Duerfbewunner, mir brauchen Autoe fir d’Aarbecht an eis Fräiheet.“

Fir den Aktiounsgrupp vum Mouvement écologique schéngen dëst keng Argumenter ze sinn. D’Mentalitéit „ëmmer méi, ëmmer méi grouss“ gëtt vun Ëmweltaktivisten ofgeleent. Och sollt den Autosfestival mat Hëllef vun enger Petitioun verbuede ginn, wat bis elo awer net gelongen ass. Zu Onrecht ugegraff fillt sech de President vun der Fédération des distributeurs automobiles et de la mobilité (Fedamo), de Philippe Mersch, an hie stellt kloer: „Mir sinn net d’Automobilindustrie, mir verkafe just.“ D’Fedamo ass den Organisateur vum Autosfestival a vertrëtt 180 Garagisten am Land. Fir d’Autoshändler spillt de Festival eng grouss Roll, well et ginn an den éischten zwee Méint bis zu 35 Prozent vum ganze Joresëmsaz erreecht. Mee scho laang profitéieren net nëmmen Autoshaiser vun der Kafloscht vun de Lëtzebuerger, och Banken a Versécherunge lackele mat bestëmmten Offeren a Konditiounen. „Den Autosfestival gëllt och als Indicateur fir d’Wirtschaft zu Lëtzebuerg“, erkläert de Philippe Mersch. Sou géifen d’Lëtzebuerger (an och déi net manner kaffreedeg auslännesch Awunner) net manner Autoe kafen, wann et den Autosfestival net géif ginn, ass hien sech sécher. Zäitlech limitéiert ass d’Schnäppchejuegd no engem neien Auto awer mëttlerweil, well et hätt een de Begrëff „Autosfestival“ als Mark schütze gelooss.

Ma ass d’„Fest vum Auto“ wierklech deen optimalen Zäitpunkt fir de Kaf vun engem neie Won? De Marc Schonckert wénkt of: „E wierkleche Schnäppche kann een am Summer virun de Fabrickvakanze vun den Automobilhiersteller maachen oder awer wann all déi, déi beim Autosfestival kaf hunn, hiren Occasiounsauto wëlle lassginn.“

En Artikel vum Anke Eisfeld

Fedamo vertrëtt 180 Garagisten

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.