© Scarabaeus
„Wéi ech de Scarabaeus wollt opbauen, du war et nach kee Scarabaeus, mee einfach just eng Iddi“, sou d’Gerante Martine Lahyr, déi dëse Projet am Joer 2007 an d’Liewe geruff huet. Haut ass d’Librairie an engem denkmalgeschützte Gebai aus dem 16. Joerhonnert an der Uewerstad, no beim Fëschmaart.
Eng ronn 50 Nimm hat si sech ausgeduecht, mee kee konnt se richteg iwwerzeegen. Enges Owes souz si op hirer Kusch, wéi se d’Buschtawe genee esou als Visioun viru sech gesinn huet: Scarabaeus. Si huet e Stëft geholl an d’Buschtawen niddergeschriwwen, fir mol ze gesinn, wat et iwwerhaapt bedeit. „Dee Moment wousst ech weeder, datt dee Begrëff aus der alägyptescher Mytholgie kënnt, nach datt en ‚Neiufank‘ bedeit oder d’Symbolik huet, aus Chaos Uerdnung ze schafen.“ Genee dëst huet awer alles perfekt gepasst. Fir d’Martine Lahyr ass et och haut nach ëmmer ganz beweegend, wéi se op deen Numm komm ass.
Manner schéin ass dogéint d’Geschicht, wéi et iwwerhaapt zur Iddi fir de Buttek koum. No hirem éischte Kand ass déi deemools nach zimmlech jonk Fra duerch verschidden negativ Liewensereignisser an eng Aart Burnout gefall. Si konnt net méi iessen, net méi schlofen, war depriméiert, hat negativ Gedanken a Panikattacken. Wéi se du just nach 43 Kilo op d’Wo bruecht huet, ass se an d’Schwäiz an eng Kuer gaang. Do huet se eng eeler Fra kenne geléiert, déi hir e puer spirituell Bicher ze liese ginn huet. „Dat éischt Buch, dat ech an dësem Beräich iwwerhaapt gelies hunn, war Unfug des Lebens und des Sterbens vum Prentice Mulford, éier ech mer vum Jane Roberts dat ganzt Seth-Material eragezunn hunn. An do war eng Dier op“, erzielt si haut.
„A wann d’Dier bis op ass, da kritt ee se net méi zougemaach.“ Hiert neit Weltbild huet e Perspektivwiessel vu baussen no banne mat sech bruecht a si huet ugefaangen, hir Gesondheet op eng aner Aart a Weis an d’Hand ze huelen. Si ass du bei en Heilpraktiker an Däitschland gaangen an huet jorelaang zu Orscholz am Meditatiounszentrum verkéiert, wat bal wéi hiert Doheem war. Zu där Zäit ass et an der Stad eng Librairie mam Numm Pythagore ginn. D’Martine war do Stammcliente an hat deen déiwe Wonsch, déi Librairie enges Daags ze iwwerhuelen. Dofir huet si bei der Chambre de commerce Coursë mat Spezialiséierung op Librairie a Papeterie gemaach. Hirem Job an enger Fabrick ass se just nach hallefdaags nogaangen a se huet parallel e Master am neurolinguistesche Programméieren* (NLP) gemaach.
Enges Daags gouf de Pythagore tatsächlech ausgeschriwwen an d’Martine huet sech gemellt. Um Enn ass et awer net derzou komm, well d’Gebai mat Ausnam vun der viischter Fassad ofgerappt gouf. Kuerz dono ass si dunn op eng Ausschreiwung vum Fonds de rénovation fir e Buttek an der Fleschiergaass (rue de la Boucherie) gestouss, deen ënner Denkmalschutz steet an zu deem och nach e Raum um éischte Stack gehéiert. Am ganze goufen aacht Projeten eragereecht an dee vum Martine gouf ausgewielt. „Dat war deen éischte Schrëtt fir mäi Buttek“, seet si haut net ouni Stolz. Allerdéngs huet alles misste renovéiert ginn. Am Buttek ënne war kee Buedem dran, keng Heizung, kee Stroum a kee Waasser. „Et war net einfach“, erënnert sech d’Martine. „Ech war nei am Commerce, mee et war gutt, datt ech dat konnt eleng maachen.“
Och wann d’Ursprongsiddi vum Buttek eigentlech de Bicherverkaf war, huet d’Martine no e puer Joer missten ëmstrukturéieren, well d’Bicher sech net méi esou gutt verkaf hunn. Si nennt d’Konkurrenz aus dem Netz, d’E-Books an awer och Schwieregkeete mat de Fournisseuren, fir d’Bicher séier erbäizekréien. Si huet dunn de Fokus méi op aner Produite gesat.
Vu bausse gesäit de Scarabaeus op den éischte Bléck awer ëmmer nach no Librairie aus. Vir an der Vitrinn sti Bicher, déi éischter kierperbetount sinn an handfest Theemen hunn. E bësse méi hanne sti Wierker, déi sech op méi subtil Dimensioune bezéien an zum Beispill ëm Energieaarbecht kreesen. Hannen am Eck huet si dann déi Bicher stoen, déi d’Leit vläicht méi erschrecken, wéi d’Martine seet. Dozou gehéieren ënner anerem Bicher mat Theeme ronderëm den Doud. Duerch déi héich Nofro fir englesch Bicher huet d’Martine dës Uerdnung missten e bëssen ëmdisponéieren.
De gréissten Deel vun hire Bicher handelt iwwer d’Spiritualitéit an all hire Faarwen a Facetten. Hei geet et beispillsweis ëm d’Beräicher Alternativmedezin esouwéi ëm déi verschiddenst spirituell an esoteeresch Praktiken. Dozou gehéiere Planzenaarbecht, Räucherdëft, Heelsteng, Engelen oder Liewensperspektiven nom Doud. Och vill philosophesch Schrëfte fënnt een hei. „Ech verkafe keng ‚normal‘ Bicher“, seet si. „Hei fënnt ee keng Krimien a keng Sciencefiction-Bicher, well ech do net derhannertstinn.“
Wéi e Buch kann d’Martine empfielen, fir an d’Thematik vun der Spiritualitéit eranzekommen? Si nennt d’Wierk vum Bruce I. Doyle mam Titel „Pass auf, was du denkst“ vum Lüchow-Verlag, dat aus dem Engleschen iwwersat gouf. „Do gëtt ganz gutt dran erkläert, wéi d’Gedanken alles kënne beaflossen.“ E weideren Tipp sinn d’Bicher vum Joe Dispenza, deen d’Stukturen an d’Funktioune vum Gehier ganz gutt erkläert, wéi se sech op de Kierper an op d’Ausstralung auswierken an engem doduerch hëllefen, méi bewosst ze handelen a senger Welt ronderëm eng Struktur ze ginn. E weidert wichtegt Theema gesäit d’Martine an der Quantephysik*, duerch déi d’Leit e wëssenschaftlechen Zougang zum Theema Spiritualitéit fanne kënnen.
Vill gefrot sinn ëmmer erëm Bicher iwwer de Schamanismus. Och Buddhismus an Tarot* sinn héich am Rennen, seet d’Martine. Wat kaum gefrot gëtt, si Bicher iwwer d’Chrëschtentum. „Déi Leit, déi hiert Bewosstsinnsfeld wëllen erweideren, kommen ëmmer méi vum Reliéisen ewech, zumindest vun de monotheistesche Reliounen“, stellt d’Gerante vum Buttek fest.
Niewent der Librairie gëtt et am Scarabaeus nach eng ganz Coaching-Ekipp, déi am denkmalgeschützte Raum um éischte Stack verschidden Aktivitéiten an Eventer ubitt. „Mäi Konzept war vun Ufank un esou“, seet d’Martine. Dofir huet si och e Lokal mat engem Konferenzraum gesicht. „Dat hei war natierlech e risegt Geschenk, well esou eppes fënnt een net sou einfach.“ D’Angebot geet vu Yoga iwwer Aromatherapie, och mat Workshop, bis hin zu Meditatioun, Pendel- an Achtsamkeetscoursen. Ënnen am Buttek fënnt een dann déi passend Literatur a Produiten dozou.
Och d’Berodung beim Client gëtt vun der Martine Lahyr an hirer Ekipp eescht geholl, och wa si selwer sech virun allem op d’Gerance vum Buttek konzentréiert. „Zënter der Pandemie hunn ech zwou Fraen do ënnen am Verkaf a ka mech doduerch e bësse méi aus dem Théikeberäich erauszéien.“ Si preziséiert, datt d’Ekipp, déi uewe Coursen ubitt, liberal ass a mat jeeweils eegener TVA-Nummer mam Client ofrechent.
Wat d’Martine awer gäre mécht, ass Kaarte leeën. Am léifsten d’Lenormand-Kaarten*, awer och den Tarot*. Op eis lescht Fro, wat déi nächst zéng Joer op eiser Welt wäert geschéien, seet si ganz kloer, datt si keng Zukunftsprognose wëll maachen. „Ech si keng Warsagerin. Ech haassen dat.“ Allerdéngs referéiert si sech op d’Astrologie, fir déi se sech ganz staark interesséiert a mat där se sech an Zukunft nach vill méi befaasse wëll. Si verréit eis, datt d’Stärekonstellatiounen am Moment ganz kloer op e risegen Ëmbroch hiweisen.
En Artikel vum Eric Rings
Lenormand-Kaarten
Bei de Lenormand-Kaarten handelt et sech ëm e Warsager-Kaartesystem mat 36 Symbolkaarten, déi no der franséischer Warsagerin Marie-Anne Lenormand benannt sinn. Se ginn a Kombinatioun gedeit, fir konkreet Situatiounen oder Entwécklungen am Alldag ze erkennen. Am Géigesaz zum Tarot sti praktesch Evenementer amplaz vu spiritueller Symbolik am Mëttelpunkt.
Tarot-Kaarten
D’Tarot-Kaarte bestinn aus 78 Kaarten, déi a grouss a kleng Arkana (ënnerschiddlech Kaartegruppen) agdeelt sinn an dobäi archetypesch Symboler vum Liewen an der Séil duerstellen. Se gi fir d’Selbsterkenntnis, d’Meditatioun oder d’Warsagerei genotzt. Am Ënnerscheed zu de Lenormand-Kaarte betoune se éischter ënnerlech Prozesser an d’spirtuell Entwécklung amplaz vun alldeeglechen Evenementer.
NLP – neurolinguistescht Programméieren
Heibäi handelt et sech ëm eng Method, déi ënnersicht, wéi d’Sprooch, d’Gedanken an d’Verhale matenee verbonne sinn. Se gëtt genotzt, fir d’Kommunikatioun ze verbesseren, perséinlech Ziler ze erreechen a Verhalensmuster ze veränneren. NLP baséiert op der Iddi, datt een duerch bewosst Verännerungen an der Sprooch an am Denken och d’Gefiller an d’Handlunge positiv beaflosse kann.
Seth-Material
D’Seth-Material besteet aus enger Rei vu Bicher an Opzeechnungen, déi déi US-amerikanesch Autorin Jane Roberts tëschent 1963 an 1984 verëffentlecht huet. Doranner iwwermëttelt si d’Botschaften, déi se vun engem net-kierperleche Bewosstsinn, dat si Seth nennt, iwwermëttelt kritt huet. D’Léiere vum Seth-Material betounen, datt d’Realitéit duerch Gedanken, Glawen a Virstellunge vum Individuum erschaf gëtt, a gëllen als aflossräich Grondlag vun der moderner New-Age- a spiritueller Beweegung.
Quantephysik
Eng Gemeinsamkeet vu Quantephysiker a Mystiker wär zum Beispill, datt se d’Realitéit an hiren déifste Strukture probéieren ze verstoen, dat heescht jenseits vun uewerflächlechen Erscheinungen. Déi zwou Perspektive weisen, datt d’Wierklechkeet respektiv d’Welt vill méi déif verbonnen a geheimnisvoll ass, wéi se schéngt. Alle béid setzen , Staunen a Passioun viraus.