An datt dëst Geméis och emol als Haaptplat an net als Dessert op den Dësch komme kann, dat weise mir dir mat dësem Rezept.
Schwéngsfilet mat Rubbarb-Rousemaräin-Zooss, Räis an enger grénger Zalot mat Äerdbier-Rubbarb-Vinaigrette.
De Schäffchen op 100 Grad hëtzen. De Schwéngsfilet salzen a pefferen an an enger Pan mam Ueleg schaarf ubroden. De Filet zesumme mat engem Zweig Rousemaräin an eng feierfest Form leeën a fir 20 Minutten an de Schäffche stellen.
De Rubbarb botzen, kleng schneiden an zesumme mat deem zweeten Zweig Rousemaräin am Botter ubroden. De Béier an de Bouillon derbäi schëdden a kache loossen, bis de Rubbarb mëll ass. Mam Handmixer püréieren a mat Salz, Peffer an Hunneg ofschmaachen.
D’Äerdbieren, de Rubbarb an d’Schalott am Esseg dëmpen, bis alles mëll ass. Mam Handmixer püréieren an ofkille loossen. Den Ueleg lues a lues derbäi schëdden an ëmmer erëm réieren. De Moschter drënner hiewen a weider réieren, bis eng crèmeg Mass entsteet. Mat Peffer ofschmaachen.
Et gëtt méi ewéi eng Zort Rubbarb. Se gesinn anescht aus an och am Geschmaach ënnerscheeden se sech. Jee nodeems, wat s du gären domat méchs, passt éischter e saueren, éischter e séisse Rubbarb.
Grénge Still, gréngt Fleesch: Sauer mécht lëschteg. Dës Zorte si besonnesch sauer an hunn an der Reegel déi déckste Stiller.
Roude Still, gréngt Fleesch: Dës Zort fënnt ee meeschten am Buttek. Se ass e wéineg manner sauer ewéi déi mam grénge Still.
Roude Still, rout Fleesch: Dëst sinn déi séissten Zorten. Am bekanntsten ass den Hammbier-Rubbarb.