Roude Léiw, huel se!

Titel 0579

„Roude Léiw, huel se!“ – mat dësem Sproch spornen eestëmmeg d’Unhänger d’Foussballekipp vun engem Mini-Land un, dat nach ni déi ugepeilte lescht Etappe vun der FIFA-Weltcoupe erreecht huet, obwuel et zënter 1934 mat dobäi ass. Amüsant … an derwäert, sech Gedanken driwwer ze maachen! Wat soll dee Slogan, a firwat e Léiw?

Déi rout Faarf schwätzt natierlech fir sech a fënnt sech a muenchen Embleemen erëm. Mee dee Léiw do … wat huet deen iwwerhaapt zu Lëtzebuerg verluer? D’Wëldschwäin steet zwar scho fir d’belsch Ardennen, an dass eng Maus oder eng Méck als schwaach eriwwerkéimen, versteet sech, mee firwat net e Päerd, e Wisel, e Fuuss, eng Eil oder souguer en Einhorn – et gëtt jo schliisslech och Draachen op Fändelen!

D’Erklärung ass vun historescher Natur: De roude Léiw kënnt aus dem Mëttelalter, vum Henri V (13. Joerhonnert), Grof vu Lëtzebuerg, sengem Wopen. Als Kinnek vun den Déieren ass dëst grousst, „bemähntent“ Kazendéier e kloert Symbol fir Courage, Kraaft an Erhabenheet – och nom Henri V en ideale Choix fir eng kleng Natioun, zum Beispill fir mat deem Nopergefligel opzeraumen an et eis vum Pelz ze halen … hätt een emol kënne mengen! Leider huet sech awer erwisen, dass dës Iddi vum Ufank un e Wonschgedanke wor an d’Friemherrschaft d’Reegel, souguer laang éier den Noperraubvull hei ruckizucki agezunn ass.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Roude Léiw Huel Se!

Fotoen: © Editpress/Archiv 

Awer grad d’Erliefnes vun der Friemherrschaft ass e wichtege Schlëssel, fir d’Lëtzebuerger Séil ze ergrënnen, aus där de Slogan mam Roude Léiw ervirgeet. Et ass e Sproch, fir sech ze wieren, (och) wann een hëlleflos ass, eng Invokatioun vu Kräften, déi fir ons kämpfen, … och den Ausdrock vun alem Groll. … huel se! Mee wie soll dann hei geholl ginn? Ma natierlech déi aner, d’Géigner, déi jo am Sport liicht ze identifizéiere sinn a géint déi hei de Kampf kloer um Programm steet, an zwar Land géint Land. Hei ass dat an der Rei. Wärend de Roude Léiw däerf „Merde alors !“ brëllen, wann op der Arche vun Erauspuche gezischt gëtt, herrscht jo awer soss a sengem Räich eng international Gedigenheet.

D’Embleem vu wéinstens nach enger Foussballsekipp ass verbonne mat enger Notioun vun huel se!, hei explizitt mat Referenz op eng historesch Resistenz géint Okkupanten: D’Gesiicht vun dem Mapuche-Häuptling, dee mat sengem Vollek géint d’andréngend Spuenier gekämpft huet, zeechent de Fändel vun der chileenescher Foussballsekipp Colo-Colo aus.

Éischter awer, wéi hei d’Berechtegung vu Widderstand géint Invasioun ze diskutéieren oder eng anstänneg an déif Iwwerleeung unzebréngen iwwer d’Mir-géint-si-Mentalitéit mat hiren ënnergrënneg brodelnde Vulkanen, wär et flott, bei der Dimensioun vum Fantasteschen an der Symbolik ze bleiwen.

Et ass jo grad am Beräich vum Ongewéinlechen, wou den David géint de Goliath gewënnt, d’Schildkröt éischter ukënnt wéi den Hues, a wou d’Schneewittchen um leschte Stëppel gerett gëtt.

Roude Léiw, huel se! räsonéiert an där Dimensioun, wou alles méiglech ass: eng Zort Zaubersproch, deen aus dem mageschen Denken entspréngt. Hei kann de Ris iwwertrompt ginn, de Winzling sech wieren an … gewannen!

Mat dëser Formel feieren d’Foussballfans also e Ritual vu Verbonnenheet mat enger Dimensioun vu Potentialer, déi si iwwer den Alldag erhieft an se all Kéier frësch mat Hoffnung erfëllt. Sécher och mat enger gudder Dosis Endorphinnen! Dass esou e Ritual och déi ënnertenee verbënnt, déi drun deelhuelen, ass evident. De Roude Léiw als Federator.

Immens intressant ass d’Tatsaach, dass d’Sportler, déi een esou encouragéiert an déi ënnert dem Zeeche vum Roude Léiw op den Terrain ginn, keen traditionellt Lëtzebuerg méi duerstellen, mee dat neit. Si si grad esou kosmopolit an divers wéi hir Unhänger.

Wéi an Zukunft déi Awunner sech an dësem historesche Symbol wäerten erëmerkennen, déi als Kanner haut doheem Bulgaresch a Chineesesch, Griichesch a Spuenesch, Ungaresch a Russesch schwätzen an ënnert sech Lëtzebuergesch, an déi en Einhorn am Häerz droen, dat weess keen.

Vläicht grad dowéinst trount mëttlerweil de Roude Léiw iwwerall zu Lëtzebuerg: Um Logo vum Gouvernement an op offizielle Matdeelungen, op administrative Bureausschëlder, op onsem Pass … a souguer als Markenzeeche vu Kaffi. De Roude Léiw als Symbol vun engem neie Selbstbewosstsinn, als Kennzeeche vun engem klenge Land, dat dovun dreemt, mat de groussen Honn pissen ze goen (Hee, pst! … Wéi geet dat scho méi am Weltall?!)

Esou behaapt de Roude Léiw sech weider, a souguer enger Net-Patriotin imponéiert en optesch iergendwéi. Ästheetesch gelongen, bréngt hie mat sengem gesplécktene Schwanz eng wierksam Dosis Geheimnis mat eriwwer.

Ob de Grondschoulkanner hiert reeboufaarwegt Einhorn enges Daags trotzdeem wäert de Roude Léiw ersetzen, bleift ofzewaarden.

En Artikel vum Uhu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.