Net wäit vun der Entrée spillen d’Kanner Fänkches. Si si scho fäerdeg mat hirem Tour duerch d’Ateliere vun der Robbesscheier. Hire Bus steet um Parking a waart op se. E puer Meter weider treffe mir eis mam Jean Zeches, Direkter vum Tourist Center Clierf, deen eis op engem Rondgang vun 1,3 Kilometer iwwer den Natursite vun der Robbesscheier féiert.
„Virun iwwer 30 Joer huet alles ugefaangen“, erzielt hien eis. Zu Munzen – am Kanton Clierf, ganz am Norde vum Land – gouf et kee Bistro méi am Duerf. E puer jonk Leit hu sech dunn zesummegedoen an hunn ugefaangen, an hirer Fräizäit dem Robert seng Scheier – d’Robbesscheier – ze renovéieren. „Dat war eng al Brak matzen am Duerf, ganz verkomm an hallef baufälleg, zu näischt méi notz“, sou d’Wierder vum deemolege Clierfer Buergermeeschter Emile Eicher beim 30. Jubiläum vun der neier Robbesscheier.
No der Renovéierung konnt den neie Bistro seng Dieren opmaachen. Relativ fréi sinn d’Ardenner-Päerd dobäikomm, eng ureg a kräfteg Rass, fir domadder Toure mat de Kutschen unzebidden. „Dat ass gutt bei de Leit ukomm“, seet de Jean Zeches. „Esou ass dat Ganzt lassgaangen a lues a lues ass ëmmer méi dobäikomm.“ Haut ass ronderëm d’Robbesscheier en Natursite vu 6 Hektar entstanen.
Un der Spëtzt vun der ASBL steet d’Presidentin Marie-Josée Jacobs, fréier Deputéiert a Ministesch vun der CSV. Weider sinn 73 Mataarbechter dagdeeglech fir d’Vereenegung am Asaz. „Mir schaffe mat der Adem zesummen a vill vun hinne kommen aus Beschäftegungsmesuren, well se um éischten Aarbechtsmaart kee Fouss faasse kënnen“, erkläert eis de Jean Zeches. Dorënner befanne sech och Leit mat enger Beanträchtegung. Vill vun hinne kréien e festen Aarbechtsvertrag.
„Iwwer d’Joer gesinn hu mer eng ronn 24.000 Leit, déi eis hei besiche kommen“, seet hien. Dat si vill Schoulklassen, Maison-relaisen, Crèchen, an de Vakanzen och Famillen an auslännesch Visiteuren. Ëmmer erëm melle sech och Firmen un, déi fir hir Mataarbechter Teambuildingsaktivitéite maachen.
„Eis Workshoppe sinn am grousse Ganze fir Kanner am Primärschoulsalter geduecht“, seet den Direkter vum Tourist Center Clierf. Hie weist eis den Atelier, an deem d’Käerze gemaach ginn. Dono gi mir laanscht e klengt Haus, dat hien als Doléinerhaus bezeechent. Doranner hu fréier d’Doléiner – op Däitsch Tagelöhner – gewunnt. Si waren aarm an haten dacks vill Kanner. „An engem Duerf net wäit vun hei stoung esou en Haus, dat mir hei eent zu eent nogebaut hunn“, erkläert hien. Dodranner befënnt sech elo de Bakatelier, wou d’Kanner hir Kreatiounen am Holzuewe bake kënnen.
D’Atelieren um Site vun der Robbesscheier si bewosst pedagogesch opgebaut, sou datt een de Kanner weise kann, wou alles hierkënnt, wéi et verschafft ka ginn a wéi et funktionéiert. D’Workshoppe sinn alleguer och fir Leit mat Beanträchtegungen accessibel. Am Wollatelier kréien d’Kanner gewisen, wéi d’Woll vun de Schof gewäsch a weider verschafft gëtt. Zum Deel gëtt och Woll vun den eegene Schof, den Ardenner an den Texel verschafft, well dës Woll gutt ass fir ze filzen. Fir ze spanne gëtt awer aner Woll geholl, déi sech besser dofir eegent.
Am Gaart sinn iwwerall Gefäässer aus Toun verdeelt. De Jean Zeches erkläert, datt a punkto Nohaltegkeet d’Nätzen de Problem wier. Duerch dës Toungefäässer kéint een dat besser reguléieren a mat ganz wéineg Waasser de Buedem bewässeren. Dëse Prinzip ass an Zesummenaarbecht mam Naturpark Our ausgeschafft ginn. Am Gaart gëtt vill ugeplanzt, virun allem Geméis, wat dann an der Kiche vun der Robbesscheier a vum Cornelyshaff verschafft gëtt. Dat selwecht gëllt fir d’Kraider aus der Zär.
D’Nohaltegkeet gëtt awer net nëmme beim Nätzen héichgehalen, mee och bei der Bewirtschaftung vum Gaart. „Soss hu mir de Buedem ëmmer vill ze héich ëmgegruewen“, seet hien. Mee am Fong wär grad déi iewescht Schicht voller Mikroorganismen an immens fruchtbar. Dowéinst géif een déi net méi ëmgruewen an am Wanter Päerdsmëscht dropmaachen a se mat Plastik zoudecken, fir datt dat de ganze Wanter schaffe kann. Dono misst ee just nach ganz liicht ëmgruewen, fir de Buedem e wéineg ze lackeren. Op Dünger oder aner cheemesch Produite géif ee bewosst verzichten, och wann näischt biozertifizéiert wier. „Dat ass vill ze ëmständlech mat deene villen Oplagen“, seet den Direkter.
Nohaltegkeet ass och d’Zil vun engem Projet mam Ëmweltministère, dee virgesäit, d’Robbesscheier komplett energieautark ze maachen. „Mir wëlle komplett ewech vun de fossillen Energieträger“, betount de Jean Zeches. Aktuell gëtt scho mat Holzhackschnitzel gehëtzt an déi éischt Fotovoltaikanlag gëtt installéiert. „Iergendwann wëlle mir komplett autark sinn an eis eegen Energie hei produzéieren.“
Mir trëppele laanscht e Kanéngerchersstall, deen a Form vun enger Hiel gebaut ass. D’Kanéngercher kënne vun de Kanner geheemelt ginn an hunn d’Méiglechkeet, sech all Moment zeréckzezéien. Den Usproch, déieregerecht ze sinn, gouf och hei an de Vierdergrond gesat. „De Kontakt mat den Déieren ass wichteg, well vill Kanner wësse guer net, wéi sech eng Kanéngchen oder en Hong ufillt.“ Dat selwecht gëllt och fir d’Päerd a wéi ee respektvoll mam Déier ëmgeet.
E bësse weider ass e flott Holzhaische fir d’Gänsen, d’Hénger an d’Schnuddelhénger. Et staamt komplett aus eegener Produktioun. D’Holz ass an der hauseegener Seeërei verschafft ginn, déi mir elo gläich wäerte besichen. Virdru komme mir nach laanscht d’Beienhaus, wou 12 Beievëlker liewen, déi pro Joer ronn 500 Kilo Hunneg produzéieren, deen d’ASBL verkeeft.
Mir sinn um anere Wupp vum Natursite ukomm. Do befënnt sech déi grouss Seeërei, eng riseg Hal, wou hanne grouss Maschinne stinn, fir ganz Bamstämm opzeschneiden. „Fréier sinn déi mat Waasserkraaft ugedriwwe ginn“, erkläert de Jean Zeches. Aus den opgeschniddene Bamstämm kënnen da Brieder op Mooss hiergestallt ginn. Eng Aktivitéit besteet doranner, de Visiteuren ze weisen, wéi déi grouss See funktionéiert. Op där anerer Säit vun der Hal ass e Bastelatelier fir d’Kanner. „Mir hu festgestallt, datt d’Motorik bei de Kanner staark ofgeholl huet“, seet hien. „Muncher kréie mol keen Nol méi ageschloen.“ An der Entrée gëtt grad en neie Stand gebaut, wou d’Päerd beschloe ginn – dobäi nozekucken, ass eng weider Aktivitéit, déi d’Robbesscheier ubitt. „Mir hunn esou Stänn, mee déi sinn al an ze kleng, fir dat kënne gutt ze weisen.“
„Dat hei ass e Glécksfall“, seet de Jean Zeches a weist op e Raum vis-à-vis vum Bastelatelier. „Mir hunn eng ural Schräinerei vu Luerenzweiler vermaach kritt, wou nach alles sou ass, wéi et fréier war“. Wéi de Schräiner gestuerwen ass, gouf d’Schräinerei ofgebaut an eent zu eent erëm opgebaut. Hei fënnt een nach Handleef vun Trapen, déi mat der Maschinn selwer erausgefrääst goufen, Dëscher oder awer och Kannerspillsaachen aus Holz.
Um Réckwee vun eisem Rondgang gesi mir op der Wiss e puer Ardenner-Päerd. Déi imposant a kräfteg Déiere wierken iergendwéi ganz friddlech. „Dat si Kalblidder“, verréit eis de Jean Zeches. Si ginn esou genannt wéinst hirem rouege Charakter. „Wa mir se agewinnen, da si se ganz ëmgänglech mat de Kanner, guer net nervös.“ Zéng Stéck sinn der am Ganzen um Natursite. De Jean Zeches bezeechent se als Aushängeschëld vun der Robbesscheier. Dës Päerd ginn agesat, fir d’Kutschen ze zéien, mat deenen d’Visiteuren duerch de Site an och ganz eraus gefouert ginn. Mee d’Päerd ginn och fir Méiaarbechten a Schutzgebidder oder am Bësch agesat, iwwerall do, wou et den Trakter kann ersetzen. E Projet zesumme mam Ëmweltministère fërdert den Asaz vun den Ardenner-Päerd, esou datt se erëm méi solle genotzt ginn. „Bei bestëmmten Asätz ass d’Päerd genausou wirtschaftlech produktiv ewéi den Trakter, mee riicht manner Schued un“, erkläert de Jean Zeches.
Den Tourist Center Clierf ASBL huet och eng RAL-Zertifizéierung fir d’Päerdshaltung kritt an ass domadder deen éischte Betrib am Land, deen dat ka virweisen. Dat ass en däitscht Zertifikat, wat streng Krittäre fir d’Déierewuel an d’Déierenhaltung virschreift. Dofir hu missen ënner anerem Ëmbauaarbechten am Stall gemaach ginn. D’Ofkierzung RAL steet fir den ursprünglechen däitsche Begrëff „Reichsausschuss für Lieferbedingungen“ aus dem Joer 1925. Niewent de Päerd huet d’ASBL och Ieselen, dorënner e puer méi kräfteger, déi zimmlech ureg ausgesinn. „Och si kënne fir Schleefaarbechten agesat ginn, wéi d’Zéie vu Kutschen oder fir datt méi grouss Kanner sech dropsetze kënnen.“ Allerdéngs mussen dës Ieselen nach ageridde ginn.
Am Päerdsstall treffe mir d’Nora, verantwortlech fir d’Päerd, an d’Linda, wat sech ganz gutt mat Kraider auskennt. „Am Stall ass Mëschbuedem, och Waldbuedem genannt“, erkläert d’Nora. Wëll bal kee Stréi um Buedem läit, kann een esou d’Päerdsäppel besser oprafen an am Gaart verwäerten. Soss wär fir deen Zweck ze vill Stréi dran an et kéint ee se net am Gaart asetzen. Duerch d’Ëmgruewe vum Mëschbuedem mam Pippi vun de Päerd gëtt de schaarfe Geroch vum Ammoniak neutraliséiert, soss géif et am Stall vill méi streng richen.
Virum Päerdsstall stinn d’Kutsche scho bereet fir den Asaz mat de Gruppen am Nomëtten. D’Kanner, déi virdrun am Haff gespillt hunn, klammen elo an hire Bus. Déi nächst Grupp steet schonn an de Startlächer. Op si waart elo en Tour mat der Kutsch. An duerno gëtt am Doléinerhaus gebak.
Fréier sinn d’Kanner ëmmer erëm mat der Kutsch op d’Draufelter Gare gefouert oder vun do ofgeholl ginn. Mee dat kéint een hautdesdaags net méi maachen. Dat wär ze geféierlech, sou de Jean Zeches. D’Autofuerer sinn ze vill nervös a passen net méi op.
En Artikel vum Eric Rings
Fotoen: © Tourist Center Clierf
D’Robbesscheier bitt iwwer d’ganzt Joer ronn eng Dose Workshoppen un, déi jeeweils zirka 50 Minutten daueren. Wann een e ganzen Dag reservéiert (vun 10 bis 16:30 Auer) mat enger Mëttespaus, da gëtt ugeroden, fënnef Animatiounen ze maachen – bei engem hallwen Dag (vun 9:30 bis 12 Auer oder vu 14 bis 16:30 Auer) sinn et der dräi. D’Gruppe bestinn aus 10 bis maximal 15 Leit. Et soll ee sech am Viraus umellen, fir datt d’Gruppen deementspriechend kënnen zesummegestallt ginn. Weider Informatioune fënnt een op der Internetsäit vun der Robbesscheier.