Rieslingspaschtéit

Vum klenge Maufel fir d'Krunnemécken zur typesch Lëtzebuerger Schneekerei

Placeholder Dummy template
Placeholder Dummy template

Eigentlech sollt et just e klenge Maufel ginn, deen d’Krunnemécken owes um Stamminee bei engem Glas Wäi genéisse wollten. Mee d’Erfindung vum Pier Kaempff ass wäit iwwer de Stamminee eraus bekannt ginn. Esou bekannt, datt et haut dee beléiftste Lëtzebuerger Plat ass. Rieds ass vun der Rieslingspaschtéit!

D’Krunnemécken, vun deenen hei rieds geet, waren net nëmme frou mat engem gudde Patt. Eemol de Mount ass och zesumme gemaufelt ginn. Traditionell huet de Pier Kaempff sech ëm d’Iesse bekëmmert. Un engem vun dësen Owenter am Joer 1925 sollt de Pier mat enger flappeger grousser Paschtéit ëm den Eck kommen. Fir d’éischt ass dem Pier seng Paschtéit komesch gekuckt ginn, mee wéi bis den éischte Maufel de Wee an d’Mënner fonnt hat, war keen Hales méi an de Plateau an engem Zoch eidel.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

A well jo dann och wierklech Riesling dra war, sollt déi Paschtéit „Rieslengspaschtéit“ genannt ginn. An esou gouf se dann och gedeeft.

Den aneren Dag koum déi zweet Iwwerraschung. Jiddweree vum Stamminee huet bei sengem Pättchen eng kleng Paschtéitchen, esou laang ewéi e Fanger, kritt. Et war grad genuch, fir den Honger ze stëllen an den Appetit ze stëppelen!

Den Numm hat ageschloen a vun du un ass et op der Rees, op der Juegd, op der Fëscherei bei deene Frënn ëmmer dem Pier seng Paschtéit ginn.

Haut gëtt et kaum e Stot am Lëtzebuerger Land, an deem d’Rieslingspaschtéit net bekannt ass. An och a bal all Bäckerei a Pâtisserie begéint een se. Si ass zum klenge kulinareschen Aushängeschëld fir Lëtzebuerg ginn!

D’Rieslingspaschtéit aus der Maison Kaempff-Kohler, dee Betrib, dee vum Pier sengen Eltere gegrënnt gouf an haut vun sengen zwee Bouwe gefouert gëtt, schmaacht haut nach ëmmer ewéi deemools. Si gëtt och haut nach nom Originalrezept, dat nach ëmmer geheim ass, produzéiert.

All Betrib huet haut seng eege Method, fir eng Rieslingspaschtéit ze maachen. Mir stellen Iech op den nächste Säiten 2 dovu vir!

Beim Nomaachen net vergiessen: De beschte Wäi vun eiser Musel ass net ze schued fir dran … an derbäi!

Eis zwee Rezepter hunn ënnerschiddlech Zoutaten, d‘Preparatioun ass awer identesch!

Preparatioun:

Fir den Deeg (1 Dag am viraus preparéieren)

De Botter a kleng Stécker schneiden an zesumme mam Miel a mam Salz an eng Schossel maachen a mat de Fangeren duerchernee maachen. Waasser derbäi maachen a mat der Kichemaschinn zu engem festen Deeg verschaffen. Aus dem Deeg eng Bull formen, a Plastikfolie apaken a fir 24 Stonnen an de Frigo leeën.

Fir Fëllung:

D‘Brout ënner kalem Waasser opweechen an mat den Hänn ausdrécken. D‘Fleesch zesumme mat der Porrett, dem Knuewelek, den Ennen an dem Brout duerch de Fleeschwolef (Scheif vun 13 mm) dréien. D‘Eer, de Wäin an d‘Gewürzer derbäi maachen a mat der Hand zu enger kompakter Mass verschaffen.

Den Deeg 6 Milimeter déck ausrullen an d‘Fleeschmass an der Mëtt vum Deeg verdeelen. De Bord vum Deeg mat Eegiel besträichen an dat Ganzt a Form bréngen. Déi ganz Paschtéit mat Eegiel besträichen an uewen 3 kleng Lächer aschneiden.

90 Minutte bei 200 Grad am Schäffche baken.

Fir de Rieslingsjelli:

De Wäisswäin an d‘Waasser opkachen, de Jellipuder ënnerréieren a mat Salz, Peffer a Wäinesseg ofschmaachen.

D‘Paschtéiten aus dem Uewen huelen an de fäerdege Jelli duerch déi 3 Lächer an d‘Paschtéit schëdden.

D‘Paschtéite bei Zëmmertemperatur ofkille loossen.

Rezepter

Zoutaten Rezept 1

Fir den Deeg:

  • 1 kg Miel
  • 4 Prisen Salz
  • 500 gr Botter
  • 12 Zoppeläffelen Waasser

Fir d‘Fëllung:

  • 250 gr Wäissbrout
  • 1 kg Bauchspeck
  • 1 kg Schwéngefleesch
  • 1 grouss Porrett
  • 5 Zéiwen Knuewelek
  • 2 Ënnen
  • 30 gr Péiterséileg
  • 300 ml Riesling
  • 40 gr Salz
  • 8 gr Peffer
  • 5 gr Zocker S2
  • 3 gr Muskatnoss
  • 2 Eegiel

Fir de Jelli:

  • 750 ml Riesling
  • 1250 ml Waasser
  • 120 gr Gelatinepudder

Zoutaten Rezept 2

Fir den Deeg:

  • 750 gr Miel
  • 10 Prisen Salz
  • 300 ml Waasser
  • 250 gr Schmalz
  • 3 Eeër

Fir d‘Fëllung:

  • 1 kg Schwéngefleesch
  • 100 gr Porrett
  • 30 gr Ënnen
  • 30 gr Péiterséileg
  • 1 000 ml Riesling
  • 40 gr Salz
  • 8 gr Peffer
  • 3 gr Muskatnoss
  • 100 gr Muerten
  • 100 gr Zelleri
  • 100 ml Wäinesseg

Fir de Jelli:

  • 1 Glas Riesling
  • 500 ml Britt
  • 1 Päckelchen Gelatinepudder

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.