Placeholder Dummy template

Den Herrgott nei geduecht

Relioun a Spiritualitéit zu Lëtzebuerg: Zuelen, Fakten a Perspektiven

An der westlecher Welt an domat och zu Lëtzebuerg beobachte mir de Réckgang vun den institutionelle Reliounen. De Statec titelt an engem Rapport aus dem Joer 2023: „Net recul des pratiques religieuses et montée des spiritualités alternatives au Luxembourg“. An dësem zweegedeelten Artikel gi mir méi genee op d’Situatioun vun de monotheistesche Reliounen an. Am éischten Deel liwwere mer en Iwwerbléck mat Zuelen a Fakten, am zweeten Deel kucke mer eis un, wat et zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Spiritualitéit ze entdecke gëtt.

Wichtegkeet vun de Reliounen zu Lëtzebuerg

I. Zuelen a Fakten

Lëtzebuerg erlieft en déifgräifende Wandel a senger reliéiser Struktur. Den neiste Statec-Bericht („Regards 03/23“), deen um Euopean Values Survey (EVS) baséiert, dokumentéiert en drastesche Réckgang vun den traditionelle monotheistesche Reliounen, a ganz besonnesch vum kathoulesche Glawen, iwwer déi lescht zéng Joer. Gläichzäiteg bléit eng nei Spiritualitéit op a léisst déi institutionaliséiert Reliounen e bëssen am Ree stoen.

Den Undeel vun de Leit, déi sech zu traditionelle Relioune bekennen, ass zu Lëtzebuerg nämlech vu 75 Prozent am Joer 2008 op 48 Prozent am Joer 2021 zeréckgaangen. Ganz besonnesch betraff ass hei de Katholizismus. Parallel dozou ass och déi subjektiv Bedeitung vu Relioun bei de Leit méi kleng ginn: An där selwechter Zäit ass d’Unzuel vu Leit, déi d’Relioun als an hirem Liewe wichteg astufen, vun 42 op 24 Prozent zeréckgaangen. Och kierchlech Ritualer ewéi d’Kanddafen oder d’kathoulesch Hochzäite bestätegen dësen Trend, well och déi säit Joerzéngte réckleefeg sinn, obwuel d’Populatioun zu Lëtzebuerg stänneg wiisst.[1]

Wéi ass dëse Réckgang ze erklären?

Dëse Réckgang weist opgrond vun den erhuewenen Zuelen, datt et sech ëm eng laangfristeg Entwécklung handelt, déi sech net nëmmen op Lëtzebuerg beschränkt, mee en allgemengen Trend an de „wohlhabende Gesellschaften“ ass. De fréiere Statec-Direkter Serge Allegrezza huet dëse Réckgang deemools op den héije Liewensstandard an eisem Land zeréckgefouert. Fir hien hunn d’sozial Sécherheet, d’Bildung an de Wuelstand derzou gefouert, datt d’Bedierfnes, existenziell Froen eleng duerch traditionell Reliounen ze beäntwerten, staark zeréckgaangen ass. Allgemeng kann ee vun engem Sekulariséierungstrend an eise moderne Gesellschafte schwätzen.

Wéi d’Ëmfroe vum Statec weisen, hunn net alleguerten d’Leit, déi enger Relioun ugehéieren, och automatesch staark reliéis Iwwerzeegungen. D’Form vun der Identifikatioun ka sech méi op déi kulturell a sozial Zougehéiregkeet fokusséiere wéi op en déif verwuerzelte Glawen.

Mee och déi reliéis Praxis selwer verlagert sech ëmmer méi vun de liturgesche Gemeinschaftsformen ewech, fir sech ëmmer méi op individuell a spirituell Erfarungen ze konzentréieren. Dëst gesäit een engersäits an der Zounam vun alternative Glawensformen oder an de wëlle Reliositéiten, wéi de Jean Ehret se am Gespréich mam Konterbont genannt huet (LINK). Dës Gemeinschafte sinn net méi onbedéngt mat den institutionelle Kierche verbonnen. Anerersäits gesäit een e kloren Trend a Richtung Spiritualiséierung, déi am Géigesaz zu der renger Sekulariséierung steet. D’Relioun verschwënnt net vollstänneg, mee se gëtt méi perséinlech, méi flexibel a manner institutionaliséiert.

Wéi de Statec-Bericht weist, leeën déi jonk Generatioune manner Wäert op traditionell reliéis Zougehéieregkeet. De Réckgang vum Reliéise korreléiert bei munche mam Bildungsniveau, mam Akommes a mat der demografescher Verännerung. Mee gläichzäiteg bleift déi kulturell Prägung duerch d’Relioun bestoen: D’reliéis Symboler, d’Feierdeeg an d’Traditioune beaflossen ëmmer nach d’gesellschaftlech Strukturen, och wann déi perséinlech reliéis Bindung méi schwaach gëtt.

[1] Dës Zuele vum Statec goufen op Basis vun der European Values Survey (EVS) erhuewen.

Besuchsfrequenz vun de Gebietsstätten a %

Déi nei Spiritualitéit: tëschent Atheismus an Transzendenz

De Réckgang vun den traditionelle reliéise Praktike bedeit awer op kee Fall, datt et kee Glawe méi géif ginn oder datt d’Leit net méi spirituell wieren. De Géigendeel ass nämlech de Fall. De Statec-Rapport weist kloer, datt vill Leit alternativ spirituell Iwwerzeegungen entwéckelt hunn.

Deemno gleewe 40 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung un eng méi héich Kraaft a 15 Prozent un e sougenannte „perséinleche Gott“. Gläichzäiteg läit den Undeel vun deenen, déi sech als Atheiste bezeechnen, bei iwwer 20 Prozent.

Dës Mëschung weist, datt de Glawen net zwéngend alles oder näischt ass: Fir vill Leit ass d’Iddi vum transzendente Prinzip weider attraktiv, och wa se sech vun den traditionelle Reliounen distanzéiert hunn. Den EVS-Bericht betount allerdéngs och, datt net alleguer d’Forme vun der moderner Spiritualitéit gutt genuch am Rapport ofgebilt goufen. Dat heescht, datt nei philosophesch a kosmologesch Orientéierungen doranner guer net oder ze knapp erfaasst goufen.

Wat dat fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft bedeit

Dës Entwécklunge kéinten zu enger Verännerung vun der Institutioun Kierch féieren. Laangfristeg kéint besonnesch déi kathoulesch Kierch u gesellschaftlecher Relevanz verléieren. Dat bedeit awer net zwangsleefeg, datt se komplett verschwënnt, mee éischter, datt se sech verännert. An Zukunft kéint se manner eng Struktur fir d’Masse ginn, mee dofir méi fir d’Gemeinschaften, déi staark op déi perséinlech Iwwerzeegung setzen.

D’kulturell Verankerung vun der Kierch wäert awer soubal net verschwannen. Déi reliéis Traditioune bleiwe weiderhin en Deel vum kulturelle Fundament zu Lëtzebuerg. Dat spigelt sech ënner anerem an de Feierdeeg, de Bräich an de kollektiven Erënnerungen erëm. An anere Wierder: Och wa manner Leit reegelméisseg an d’Kierch ginn, ass d’reliéis Symbolik weider present.

Dës Zuele weisen eis awer och, datt et en neien elementare Besoin bei der Sich nom Sënn gëtt – mat enger transzendentaler Obdachlosegkeet di sech vill Leit schwéier. Dësen héijen Undeel u Leit, déi un eng méi héich Kraaft gleewen, weist, datt spirituell Froen zimmlech relevant gi sinn. An enger Gesellschaft, déi ëmmer méi sekulariséiert ass, kéint d’Spiritualitéit sech nei definéieren. Se kéint manner dogmatesch, méi perséinlech a méi pluralistesch ginn.

Dës Sekulariséierung huet politesch a sozial Konsequenzen. D’Schrumpfe vun der reliéiser Muecht kéint Auswierkungen op d’Bildung, d’Sozialpolitik an den Ëmgang mat der Kierchefinanzéierung hunn. Gläichzäiteg kéint déi wuessend Diversitéit vun de spirituellen Iwwerzeegungen nei Diskussiounsméiglechkeete schafen, wéi zum Beispill interreliéis Dialoger oder Projete fir d’Allgemengheet.

Lëtzebuerg befënnt sech deemno matzen an engem déifgräifende spirituellen Ëmbroch. De Réckgang vun den traditionelle Glawensforme geet Hand an Hand mam Opstig vu wëlle Reliositéiten an alternative Spiritualitéiten. De Glawe verschwënnt net onbedéngt, mee en ännert sech. Fir d’Gesellschaft, d’Politik an d’Kultur bedeit dat net d’Enn vun der Relioun, mee en Neiufank, dee méi perséinlech, méi villfälteg a méi flexibel ass.

Persounen definéieren sech als:

II. Perspektiven

Wat gëtt et dann elo iwwerhaapt vu spirituelle Perspektive bei eis am Land? Fir d’éischt ass emol ze soen, datt heimat net de Beräich vun de wëlle Reliositéite gemengt ass, deen de Jean Ehret ugeschwat huet – e konkreeten Iwwerbléck doriwwer ze ginn, ass kaum méiglech. Mir hunn e puer Saachen erausgepickt, déi eis interessant geschéngt hunn. Déi Perspektiven hunn natierlech kee Vollständegkeetsusproch, mee et ass eng subjektiv Auswiel, déi probéiert, Praktike virzestellen, déi sech grondsätzlech vuneneen ënnerscheeden.

D’Manon Della Siega organiséiert Schreifkreesser, déi net nëmmen do sinn, fir sech am Medium Schrëft kreativ-intuitiv auszedrécken, mee virun allem och authentesch-empathesch Begéinungen ze erméiglech. De Konterbont huet erageluusst.

Déi traditionell chineesesch Medezin ass mëttlerweil zu Lëtzebuerg relativ heefeg ze fannen. Et ass en holistesche Gesondheetssystem, deen et säit méi wéi 2.000 Joer gëtt an dee ronderëm de Qi, d’Liewensenergie, kreest. Mir waren am Nicolas Schaefers senger Praxis um Cents an hunn eis opkläre gelooss.

An der Praxis vun der Dr. Elisa Meyer hu mir erausfonnt, wat et bedeit, hypnotiséiert ze ginn. Dono huet si eis erkläert, wéi de Prozess funktionéiert, wat ee mat der Hypnos ka behandelen a mat wéi enge Froen d’Patient*inne bei si kommen.

Aura Dorée ass eng ASBL, déi sech fir inklusiv Raim engagéiert, an deene besonnesch Famillje mat Kanner kënnen ënnerstëtzt ginn, déi eng aner Warneemung a spezifesch Entwécklungsbedierfnesser hunn. Mir hunn en Interview mat de Responsable vun der  ASBL gemaach, fir hiert spannend Konzept méi genee ze verstoen.

Mam Marco Houwen hu mir eis iwwer den Zesummenhang tëschent Business a Spiritualitéit ënnerhalen. Hien ass en „Zentrapreneur“, dee verschidde Forme vu Coaching an deem Beräich ubitt, mat engem Fokus op bewosste Leadership.

De Laurent Amann ass Verhalensbiolog, Déiereflüsterer a schamaneschen Heeler. Hie verbënnt wëssenschaftlech Methode mat intuitiver Déieren- a Séilenaarbecht. A sengen Ae sinn d’Déiere Séilebegleeder mat enger eegener Perséinlechkeet a Missioun – se sinn e Spigel fir de Mënsch. De Konterbont huet e Spadséiergang mam Schaman a mat sengem Dackel Sunny laanscht d’Uelzecht gemaach.

Natierlech ginn et eng sëllege Yoga- a Meditatiounsméiglechkeeten – dozou méi am Artikel vum Laura Tomassini.

Och Osteopathie ass wäitleefeg vertrueden.  D’Sonja Origer huet seng Praxis mat Spezialiséierung op Fraegesondheet zu Bartreng. Wéi déi traditionell chineesesch Medezin (TCM) ass et eng ganzheetlech Medezin, bei där d’Diagnos an d’Behandlung mat den Hänn gemaach ginn. Hei steet de Mënsch an net d’Krankheet am Fokus. D’Zil ass et, de gesondheetleche Problemer op de Grond ze goen, andeems een de Mënsch a senger Ganzheet betruecht, fir esou eng Selbstregulatioun vum Kierper ze erméiglechen.

Beim Stella Witry stinn de Kierper an d’Sexualitéit am Vierdergrond. Hatt huet zu Noumer eng Praxis fir somatesch Kierperaarbecht mat de Schwéierpunkten Achtsamkeet, Sexualitéit a Ganzheetlechkeet. Doriwwer eraus bitt et och Tantramassagen un, déi fir Eenzelpersounen oder Koppele geduecht sinn. Zentral ass hei d’Léift fir sech selwer an deen aneren, eng sensibel Warneemung an eng gutt Kommunikatioun, déi Grenze kann artikuléieren. 

De Jérôme Grethen bitt systeemesch an integrativ Familljenopstellungen un. Dat ass eng duerstelleresch Therapiemethod, bei där et dorëm geet, Dynamiken an der Famill esouwéi och an der perséinlecher Liewensgeschicht ze erfuerschen, méi kloer ze maachen a se am beschte Fall opzeléisen. Am Fokus stinn (Selbst-)Biller, déi een a sech dréit, zementéiert Konflikter a generatiounsiwwergräifend Verstréckungen.

D’Chloe Schonckert befaasst sech mat Tarot-Liesungen an huet sech dobäi op de klassesch-traditionelle Marseille-System spezialiséiert. Hatt beréit a Liewens- an Entwécklungsfroen a probéiert Blocagen opzedecken.

Et ginn zu Lëtzebuerg vill weider Beispiller vu Leit oder Associatiounen, déi sech intensiv mat Spiritualitéit an existenzielle Froe befaassen. Net seele steet dobäi den Aspekt vun der Communautéit am Vierdergrond. Eleng dëse klengen Iwwerbléck representéiert dee konterbonte Panorama u Perspektiven. Hei gëtt et nach vill aner Leit, Geschichten an Angeboter ze entdecken – et lount sech, dëse Beräich méi genee ënner d’Lupp ze huelen.

En Artikel vum Eric Rings an Heng Barone

Ënnerscheed tëschent Relioun a Spiritualitéit

Wa mer dervun ausginn, datt et en Ënnerscheed tëschent Relioun a Spiritualitéit gëtt, dann ass et natierlech wichteg, als éischt emol festzeleeën, wat dann tatsächlech d’Differenz ass. Fir et einfach ze halen: D’Relioun huet eppes mat Glawen ze dinn, d’Spiritualitéit mat Erfuerschung an Erfarung – eng spirituell Praxis ass an der Reegel eng kontinuéierlech Entdeckungsrees duerch d’mënschlecht Bewosstsinn. Wat um Enn vun dëser Rees läit (an ob et iwwerhaapt en Enn gëtt), dat kann all Mënsch, dee sech domat wëll beschäftegen, fir sech selwer entdecken.

Ob et wierklech esou einfach ass, doriwwer léisst sech allerdéngs streiden. Virun allem aus enger nondualer Perspektiv, déi dervunner ausgeet, datt et Géigesätz wéi Subjekt an Objekt, Vergaangenheet an Zukunft an dann och Relioun respektiv Spiritualitéit a Wierklechkeet guer net gëtt, mee eigentlech alles eent ass. Wierklech spannend a provokant fir verschidde Leit gëtt et dann, wann een ufänkt, iwwer d’Eenheet vu Gott a Mënsch ze diskutéieren.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.