Placeholder Dummy template

„Aus mengem Glawe schäffen ech Kraaft“

En Interview mam Patrick Hurst iwwer Relioun, Dialog, Dankbarkeet a Vertrauen

De Patrick Hurst ass zanter dem 5. Dezember den neien Direkter vun ACAT Lëtzebuerg (Action des Chrétiens pour l’Abolition de la Torture). De gleewege Chrëscht ass Franséisch- an Englesch-Proff am Lycée Ermesinde zu Miersch an nieweberufflech a sëllegen Organisatiounen aktiv. Datt hie vu Gebuert u blann ass, hënnert hien net dorun, all dës Engagementer anzegoen. Mir hunn den engagéierte 44-Järegen op Biekerech invitéiert, fir mat eis iwwer de Réckgang vun den institutionelle Reliounen esouwéi och den Dialog tëschent dësen zu Lëtzebuerg ze schwätzen. De Verlaf vum Gespréich huet eis awer och op weider Theeme bruecht: Wat ass Gott? Kann de perséinleche Glawe bei onheelbare Beanträchtegungen oder Krankheeten eng wäertvoll Stäip sinn? Wéi orientéiert ee sech am Liewen, wann een näischt gesäit? En Interview.

Konterbont: Fir wat steet ACAT?

Patrick Hurst: ACAT ass den Akronym fir Action des Chrétiens pour l’Abolition de la Torture a feiert de 5. Dezember hiert 40-järegt Jubiläum. Deen Dag wäert ech dann och d’Presidentschaft vum Christina Fabian iwwerhuelen. Als Chrëschten hale mir eis un déi zéng Geboter, an deenen et ënner anerem heescht, du solls däin Nächsten esou gär hunn ewéi dech selwer. Mir gesinn dat als Opruff, net ewechzekucken, wann et Problemer ginn oder et zu Mësshandlunge kënnt. An dofir maache mir och keen Halt bei Reliounsgrenzen. Mir hu beispillsweis Iranerinnen an Iraner oder russesch Orthodoxer bei eis als Benevolle schaffen. Mir sinn do ganz oppen a gesinn de Respekt vun de Mënscherechter als eng weltwäit Ausriichtung vum Gebot vun der Nächsteléift.

KB: Laut dem Statec-Bericht vun 2023 gëtt et en allgemenge Réckgang vun den traditionelle Reliounen zu Lëtzebuerg. De Katholizismus ass besonnesch betraff. Hu mir eng Glawenskris?

PH: Jo, dat ass eppes, wat ech hei zu Lëtzebuerg gemierkt hunn. Vill Leit sinn zwar spirituell, mee siche sech ëmmer méi dacks sougenannt Alternativkierchen, déi zum Deel och chrëschtlech sinn. Dës gi vu munchen dann awer och mol als Sekte bezeechent. De Besoin fir spirituell Gedanken ass also do, mee duerch déi negativ Schlagzeilen iwwer déi traditionell Relioune sichen d’Leit hir Spiritualitéit bei alternative Gruppéierungen. Ech mierke jiddefalls, datt d’Leit iergendeppes sichen.

Fréier, viru véierzeg Joer, war et normal, datt all Kand an der Primärschoul Reliounsunterrecht hat an datt een als Famill zesummen an d’Mass gaangen ass. Dat huet an de leschte 40 bis 50 Joer staark ofgeholl. De Kardinol Hollerich géif elo soen, dat huet mam Materialismus ze dinn. Doduerch, datt mer ëmmer méi räich ginn an eis duerch déi technologesch Moyenen an d’Digitaliséierung ëmmer méi selwer kënnen hëllefen, si mer ëmmer manner op eng Relioun ugewise respektiv si mer manner empfänglech fir reliéis Messagen. Och dësen Aspekt däerf een net vergiessen.

KB: Gëtt et en Dialog tëschent de Reliounen zu Lëtzebuerg a wéi setzt sech d’ACAT dofir an?

PH: Am Moment befanne mer eis opgrond vun der politescher Aktualitéit weltwäit an engem Spannungsfeld, wat d’Reliounen ugeet. Besonnesch am Noen Osten dréinen sech d’Gespréicher aktuell ëm de Palästinenserstaat a seng Unerkennung an op där anerer Säit hu mer d’Judden, déi Israel als hir historesch Heemecht gesinn an Angscht hunn, dësen Territoire ze verléieren. Ech weess allerdéngs net, awéiwäit dës zwou Gruppéierungen hei zu Lëtzebuerg schonn an den Dialog getruede sinn. Ech weess, datt et Associatioune gëtt ewéi Jewish Call for Peace, déi keng Positioun wëllen am Krich ergräifen, well se der Meenung sinn, datt jiddereen e Recht op Fridden huet.

D’ACAT selwer organiséiert reegelméisseg den Interfaith-Café, eng Plaz, wou sech Vertrieder vu ganz ënnerschiddleche Reliounen zu engem festgeluechten Theema eemol am Mount um Kierchbierg austausche kënnen. Dat sinn net nëmmen déi dräi grouss monotheistesch Reliounen, déi do am Dialog stinn, mee beispillsweis och Vertrieder vun de Bahai, de Buddhisten oder den Hinduisten.

Ech mierken duerch dësen Austausch, datt ganz besonnesch déi dräi traditionell Reliounen am Fong villes gemeinsam hunn. Si hu souguer méi Gemeinsamkeeten ewéi Ënnerscheeder. An do huet een eng gutt Grondlag, fir en Dialog ze féieren.

KB: A wat fir engem Mooss beaflosst d’kulturell Villfalt am Land de reliéisen Dialog?

PH: Doduerch, datt mir e klengt Land sinn, sinn och déi verschidde reliéis Communautéite méi kleng a warscheinlech méi oppe fir en Dialog, wéi dat a méi grousse Länner ewéi Däitschland de Fall ass. Ech sinn der Meenung, datt dat e positiven Impakt hei zu Lëtzebuerg huet. De Mindset iwwer d’Diversitéit ass hei en aneren. A grousse Länner wéi Frankräich oder Däitschland huet een éischter d’Tendenz, een, deen net Franséisch oder Däitsch schwätzt, auszeschléissen. Hei zu Lëtzebuerg ass d’Diversitéit awer normal, well se gelieft gëtt. Et ass och näischt Spezielles, wann een dräi oder véier Sprooche schwätzt. Dat mécht den Dialog och méi einfach.

Zanter enger zéng bis 12 Joer huet sech duerchgesat, datt de Bëschof op Nationalfeierdag beim Tedeum an der Kathedral och den Imam an de Rabbi invitéiert, déi hir reliéis Perspektiv kënne virdroen. Ech sinn der Meenung, datt dëst och an Zukunft soll an déi Richtung weidergoen a mer d’Gemeinsamkeete solle fërderen, andeems mer eenzel Elementer vun anere Kulture méi bekannt maachen. Domadder hëlt een de Leit och d’Angscht virun de Reliounen. Haut liest een dacks negativ Saachen iwwer d’Reliounen an der Press. Engersäits déi aktuell Konflikter, virun allem am Noen Osten, wou vill Haass entsteet, oder an Amerika, wou iergendwellech Fundamentaliste mengen, se missten op Migrante lassgoen. Anerersäits laaschten e puer Skandaler op der kathoulescher an evangeelescher Kierch, virum allem beim Theema Sexualitéit. Dës Saache bleiwe bei de Leit hänken a stellen d’Relioun an en negatiivt Liicht.

KB: En Dialog setzt ënnerschiddlech Siichtweise viraus. Wat ass da Gott fir Iech perséinlech?

PH: An der kathoulescher Kierch gëtt et jo déi sougenannten Dräifaltegkeet vu Gott, de Papp, de Jong an den hellege Geescht. De Papp ass den Ufank, deen, dee virun allem steet, en huet dat ganzt Universum kreéiert an domat och d’Welt esou méiglech gemaach, wéi se haut ass. De Papp huet dem Mënsch d’Méiglechkeet ginn, sech selwer ze entwéckelen. De Mënsch steet der Ëmwelt géigeniwwer an der Verantwortung.

De Jong ass Jesus Christus, deen als Vertrieder vu Gott op d’Welt komm ass. Als Persoun, als Mënsch. Dat, wat als Baussestoenden ëfters méi schwiereg ze verstoen ass, ass den hellege Geescht, deen am Fong dat Ganzt verbënnt, deen dat Ganzt méiglech mécht. Do soen effektiv verschidde Leit, datt ee schonn am Beräich vun der Esoteerik ass.

Wann een u Gott gleeft, dann heescht dat och, datt hien en Afloss op dat perséinlecht Liewen huet a sech an iergendenger Form an eisem Alldag manifestéiert. Sief et duerch Mënschen, déi engem begéinen oder mat Bléck op Saachen, déi engem geschéien. Meeschtens positiv, heiansdo awer och negativ.

KB: Dir sidd vu Gebuert u blann. Huet dat en Afloss op Äre Glawen?

PH: Meng Behënnerung beaflosst mäi Glawen net. Meng Kandheet a mäin Ëmfeld huet mäi Glawen zu engem groussen Deel gepräägt. Hei sinn ech mat der Relioun an der kathoulescher Kierch intensiv a Kontakt komm.

Op där anerer Säit ass et esou, datt mäi Glawe mir schonn e gewëssenen Halt a Vertraue gëtt. Vertrauen a Gott. Aus mengem Glawe schäffen ech Kraaft an e léisst mech dankbar si fir déi Talenter a Méiglechkeeten, déi ech als Mënsch hunn. Ech sinn och immens dankbar fir déi Hëllef, déi ech am Liewe kréien. Ech hu Mënschen a mengem Liewen, op déi kann ech zielen. Ech sinn net deen aarme blannen Heeschert, wéi een en an der Bibel begéint. Ech sëtzen net op der Strooss a biedelen ëm Almosen.

Ech gi mat menger Behënnerung eigentlech zimmlech gutt eens. An ech gesinn am Fong, ouni ze gesinn.

KB: Wéi mengt Dir dat genee? Kéint een da soen, Dir kuckt éischter no bannen?

PH: Ech héieren zum Beispill villes, wat aner Leit net héieren. Déi meescht Mënschen huelen 80 % vun hiren Informatiounen iwwer d’Vue op. Bei mir huet d’Héieren eng vill méi grouss Bedeitung. Eng jett Leit kënne sech net virstellen, datt ech mech zu engem groussen Deel duerch Echolokaliséierung kann orientéieren. Ech kann de Raum, an deem ech mech ophalen, eleng duerch de Klang besser erfaassen. Esou weess ech da beispillsweis, wou eng Mauer ass.

Ech maache vill Sensibiliséierungsaarbecht am Beräich vun der Behënnerung. An deem Kader sinn ech oft a Schoulen ënnerwee. D’Schüler sinn allkéiers verwonnert, datt ech eeben Detailer héieren, déi si mat hiren Ae guer net wouerhuelen. An dowéinst kann ech soen, ech gesi jo awer. Et ass eng aner Form vu Gesinn.

Tatsächlech kann ech mir e Bild vun enger Persoun maachen, andeems ech hir Stëmm wouerhuelen. Ech mierken un der Stëmm, ob de Mënsch éischter sympathesch oder éischter empathesch oder eeben éischter spirituell orientéiert ass. Eng Stëmm seet nawell vill iwwer d’Gefiller vun enger Persoun aus, eigentlech esouguer iwwer hiert gesamt Liewen.

KB: An der Bibel steet, et soll ee sech kee Bild vu Gott maachen. Hutt Dir da vläicht souguer e Virdeel doduerch, datt Dir dëse Sënn net hutt?

PH: Dat kann een tatsächlech esou soen. Ech hu jo keng Méiglechkeet, fir mer e Bild unzekucken a mer dann eng Virstellung am Kapp ze maachen. Natierlech wär et fir mech awer interessant, zu Roum an de Basilikaen déi Ornamenter ze gesinn, déi do iwwerall un den Dieren oder de Saile sinn. Mee am grousse Ganze stëmmt dat, wat Dir gesot hutt. Ech si vun deenen äusseren Detailer net ofhängeg.

De Patrick Hurst huet vill Vertauen a muss et och hunn. Nom Gespréich gi mir zesumme mat him virun d’Dier, fir datt hie säin Adapto kann huelen. Hien zéckt net a krämpt sech bei eis an, fir gefouert ze ginn. Et kënnt fir eis e bëssen iwwerraschend an ass awer esou novollzéibar ewéi mënschlech.

En Interview vum Heng Barone an Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.