Et war eng Ära, déi Lëtzebuerg gepräägt huet ewéi bal keng aner. Wärend méi ewéi engem Joerhonnert hunn d’Minièren am Süde vum Land dozou bäigedroen, datt aus dem klengen, landwirtschaftlech ausgeriichte Grand-Duché eng Industriemuecht ginn ass, déi och op internationalem Niveau mathale konnt. Haut – ronn 40 Joer nodeem déi läscht Galerie zu Déifferdeng stëllgeluecht gouf – fënnt een am Minett nach vill Zeien, déi un d’Zäite vum Biergbau erënneren.
Wien am südlechen Deel vu Lëtzebuerg grouss ginn ass, dee kennt déi vill Plaze mat roudem Buedem, verstoppte Galeriesagäng hanner den Hecken an al Buggien, déi a sou muncher Gemeng ausgestallt sinn. „Ech si Minetter!“ héiert een hei ënne méi ewéi eng Kéier, ma de Numm huet eng Bedeitung, där hiren Ursprong am 19. Joerhonnert läit. Säit 1973 kann een d’Geschicht vum Eisenäerz, deem Lëtzebuerg seng haiteg ekonomesch Gréisst ze verdanken huet, zu Rëmeleng am Musée National des Mines erliewen. Et ass déi gréisste Sammlung u Biergbaumaterial an -dokumenter, déi eist Land ze bidden huet, alles gelagert am Gebai niewent der Originalminn Walert, déi ee besichtege kann.
Ma och op anere Plazen am Land gouf d’Geschicht vum Eisenäerzofbau dokumentéiert. De wuel bekanntsten Zeie vun dëser Zäit ass de Minett Park Fond-de-Gras zu Lasauvage, den all Joer Schauplaz fir eng jett Evenementer ass, déi mam Industriezäitalter ze dinn hunn. Niewent enger nogebauter Galerie am Musée Eugène Pesch, déi déi schwiereg Aarbechtskonditioune vun de Mineure verdäitlecht, sinn et hei awer virun allem d’Minièresbunnen, déi de Public begeeschteren. Op eng Faart mat der original Schmuelspuerelokomotive Dhoil oder den Tour mam Train 1900, dee gebaut gouf fir Äerz ze transportéiere – wien hei op d’Schinne geet, dee spiert richteg den Esprit vu fréier.
Besiche kann een och de Carreau, also deen Deel vun der Minn Kazebierg/Cockerill am Ellergronn zu Esch, deen iwwer dem Buedem läit. Dës gëtt säit ufangs den 2000er Jore vun der Entente Mine Cockerill fir de Public erhalen an ass fir richteg Escher Bouwe wuel eng vun de schéinsten Erënnerungen un hir Kandheet. Wien sech elo freet, ob da wierklech alles vun de Minièrë mëttlerweil zur Vergaangenheet gehéiert a just nach fir touristesch Zwecker a Gebrauch kënnt, dee kritt zu Déifferdeng a Rëmeleng eng Äntwert. Hei fungéieren den Thillebierg an d’Mine Laangegronn als Killwaasserliwwerant, déi éischt fir d’Déifferdenger Schmelz an déi zweet fir d’Cimalux-Klinkerfabrik.
Richteg Minettsdäpp kennen da sécher och déi vill Fester, Traditiounen a Monumenter, déi un d’Minièreszäit erënneren. De 4. Dezember gëtt am Süden (an zu Uewermaartel!) all Joers Boarbelendag, also den Dag vun der Patréinerin vun de Mineuren, gefeiert. Den internationale Biergaarbechterdag gëtt dann och ëmmer de 24. September zu Käl gefeiert. Hei gëllt ënner anerem d’Monument Léiffrächen als Undenken un all déi, déi bei der Aarbecht an de Minnen ëm d’Liewe komm sinn. Ma och bei de Minetter doheem läit nach dat een oder anert Undenken un d’Industrieära, wéi den Historiker Denis Klein erkläert: „A ville Famillen am Süde fënnt een nach dem Bop seng Karbidsluucht, déi hien an der Minn benotzt huet, oder aner Memorabele vun där Zäit.”
Fir de Geschichtsproff, deen niewent senger Aarbecht éierenamtlech am Musée des Mines schafft, ass d’Erënnerung u vergaangen Deeg eng Mussesaach: „De Biergbau an déi domat verbonne Stolindustrie sinn enorm wichteg fir Lëtzebuerg a virun allem fir d’Identitéit vum Minett. Déi erhale Minnen an Tagebaugebitter wéi de Giele Botter oder d’Diddelenger Hardt, wat haut béides Naturschutzgebitter sinn, sinn aussergewéinlech Landschaften, wéi et se net iwwerall op der Welt gëtt an zéien natierlech och vill Touristen un. Dat muss onbedéngt erhale ginn.” Fir dësem Räichtum gerecht ze ginn, ass 2019 de Centre National de la Culture Industrielle an d’Liewe geruff ginn, deen och am Kader vun Esch 2022 aktiv war an déi vill vereenzelt Industriestanduerter hei am Land matenee vernetzt huet.
Ma och soss ass „Après-Mine” haut nach en Theema. Zwar manner ewéi a Frankräich, wou sougenannte „Fontis” – also Lächer, déi am Buedem opgi well d’Galerien drënner zesummegefall sinn – beim Bau vu neie Citéen oft e Risiko duerstellen, gëllt et och zu Lëtzebuerg opzepassen, wou ee säin Haus baut. Ausser dem Rouden Haff an dem Vesquenhaff goufen hei am Land awer keng Wunnhaiser op Minne gebaut, esou datt dëse Risk minimal bleift.
Eppes, wat et awer nach ze erwäne gëllt, sinn déi Rëtsch aner Materialien niewent dem Eisenäerz, déi fréier zu Lëtzebuerg a Minne gewonne goufen. Zu Uewermaartel hunn d’Frënn vun der Lee eng al Schifergrouf ënnerhale an des fir de Public zougänglech gemaach. De Musée de l’Ardoise weist de Visiteuren esouwuel de Carreau ewéi d’Galerië vun der Mine. An och zu Stolzebuerg gëtt et nach Iwwerreschter aus der Zäit vun de Minièren. Hei gouf fréier Koffer aus de Galerië gewonnen an d’Grouf kann een haut nach besichtegen. Eng Vue, déi awer sécherlech jidderee kennt, sinn d’Héichiewen op Belval. Och des gehéieren zum Ierwen aus der Industriezäit, well hei gouf fréier d’Äerz aus de Minne verflëssegt. E neien Notzen huet haut dann d’Gipsminn vu Walfer fonnt: dës ass mëttlerweil d’Doheem vun enger seismologescher Fuerschungsstatioun – och emol eppes anescht! Op fir de Public oder just nach Doheem vu Fliedermais: Minne gehéieren zum Minett wéi d’Kasematten zur Stad an ouni si, wiere mir Minetter haut net, wie mir sinn.
En Artikel vum Laura Tomassini