Méi séier, méi bëlleg – dat ass an eiser Gesellschaft haut oft de Motto. Eng Schaffweis, déi awer kaum kompatibel ass mam Rhythmus vum Handwierk, dat op Handaarbecht an Eenzelstécker, déi net jiddwereen huet, setzt. Ma wie keeft dann och bei Schräiner, Schouster oder Schneiderin an, wann een am Buttek niewendrun alles fir den hallwe Präis kritt? Net déi grouss Mass, mee nach ëmmer eng jett Leit, erklären eis d’Experten aus dem Business.

„Et muss een iwwerzeegt si vun deem, wat ee mécht, an eng vilfälteg Gamm hunn, soss geet et net.“ Den Adelino Da Silva seet dee Saz, dee wuel all Independant am Handwierksberäich géif ënnerschreiwen, well hautdesdaags huet d’Handaarbecht en anere Stellewäert, wéi dat fréier nach de Fall war. Zanter 30 Joer schafft den Adelino mat Holz, beim De Schëfflenger Schräiner steet d’Léift fir d’Matière op éischter Plaz. „Holz ass, ewéi et ass, an et muss een et huelen, wéi et kënnt, genee wéi et och bei de Mënschen de Fall ass“, seet de Schräiner.

Datt hien eng Kéier géif Patron vun engem Betrib mat eegener Seeërei, Sechoir an Ausstellungsraum ginn, war dem Adelino awer net vu Klengem u bewosst, well deemools an der Handwierkerschoul wollt hien eigentlech Mecanicien ginn – wéi all seng Kolleegen. „Mäi Proff vum Holzatelier huet mech dunn awer schaffe gesinn a gesot, ech misst onbedéngt Schräiner ginn. Meng éischt Fro war: Wat verdéngt een dann als Schräiner?“, erënnert hie sech. Eng Fro, déi wuel scho méi Leit sech a puncto Handwierk gestallt hunn. 30 Joer méi spéit weess den Adelino, datt et just eng Fro vu Qualitéit an der richteger Uluecht ass.

Wann hien e Stéck Holz viru sech huet, gesäit en dausend Saachen dodran, a genee hei läit och d’Rezept fir den Erfolleg. „Normal Saache funktionéieren net op enger Ausstellung, et muss een opfalen an e Meeschterwierk maachen.“ Mat de Joren huet de Schräiner sech esou op der Hierscht-, Fréijoers- an Ökofoire eng Clientèle opgebaut, déi no an no aus dem ganze Land bei hie komm ass. Mee wie keeft dann deier Miwwelen, Parquetsbiedem oder Kichen aus Holz bei engem klengen Handwierksbetrib, wann een am Ikea fir net vill Geld änlech Produiten ze kafe kritt? „Selbstbewosst Leit, déi wëssen, wat se wëllen“, erkläert de Schräiner. Bei bëllege Produite géif keen no der Qualitéit froen oder derno, vu wou d’Material kënnt a wat dran ass. Mee jidderee wéisst eigentlech, datt gepresste Spanplacken an déi dodran enthale Chimie, wéi de kriibserreegende Stoff Formaldehyd, ongesond ass.

Seng Philosophie wier dofir einfach: Firwat wäit siche goen, wann een alles direkt virun der Dier huet? „Mir schaffe wéi d’Schräiner virun 200 Joer, déi ware vill méi intelligent wéi mir haut“, verréit den Adelino. Bei ville Betriber géif d’Holz gehuwwelt ginn, mee doduerch verléiert d’Material seng natierlech Schutzschicht. De Schëfflenger Schräiner setzt dofir op Natura-Miwwelen – e Mix aus Minimalismus, Dankbarkeet a Produkter ouni Chemie. „D’Holz gëtt geschnidden an dobausse gelagert, op sougenannte ‚Stapelleisten‘. No zwee Joer huele mir et dann eran a leeën et an eise Sechoir, wou et gedréchent gëtt.“ Esou wier d’Material vu sech aus an ouni weidert Traitement immens dankbar a resistent, esouguer géint roude Wäin.

Niewent der natierlecher Optik – well duerch Wand a Reen kritt dem Schräiner säin Holz sougenannte Lou (Wolleken a Waasserflecken) – setzt den Adelino op d’Traçabilitéit vu senge Produkter a verschafft just Holz aus Lëtzebuerg. Dobäi weist hie seng Aarbecht ni online, mee sicht den direkte Kontakt mam Client: „Ech well keng Internetsäit, well et stellt ee säi Wëssen net op e Bildschierm. Dat ass, wéi e Secret professionnel ze verroden, a wann d’Leit näischt online gesinn, gi se virwëlzeg a komme kucken.“ Dës Taktik geet op, well 95 Prozent vum Schräiner sengen Devisë ginn ugeholl. Och gëtt zu Schëffleng näischt verkaf, wat net vum Client kontrolléiert an ofgeseent gouf, a jidderee kritt en Eenzelstéck. „Ech wëll näischt vun der Staang maachen, well dat huet keng Séil“, seet de Schräiner.

Et bräicht een zwar Zäit, fir sech esou eppes opzebauen, mee de Produit géif herno net léien an dat wier et och, wat schlussendlech funktionéiert – Präis hin oder hier. Dat selwecht seet an erlieft och den David Mazzoni vu Cordonnerie & Co by David Mazzoni aus der Stad. Zanter 22 Joer schafft den 39-Järege schonn als Schouster an och hie wollt eigentlech ni do landen, wou hien elo ass. „Ech hu ganz jonk bei mengem Monni ugefaangen, deen och e Schouster war. De Beruff huet bei mir an der Famill Traditioun, ma ech hu Schong am Ufank just mat de Fangerspëtzen ugepaakt, well ech se als eppes Knaschteges empfonnt hunn.“

No an no huet den David awer d’Passioun vu sengem Papp a Monni, déi béid an Italien – der Heemecht vun der Schongproduktioun weltwäit – geléiert haten, iwwerholl a selwer eng Léift fir de Beruff entwéckelt. Schong wieren eppes enorm Wichteges, well eis Féiss droen eis de ganzen Dag, dofir wier eng gutt Qualitéit och den A an O an e gudde Schouster ëmsou méi wäertvoll. „Syntheetescht Material oder cheemesche Pech sinn net dat selwecht wéi héichwäertegt Lieder an et brauch ee sech och net ze wonneren, wann ee mat bëllege Schong schweesseg Féiss kritt oder herno d’Knéie wéi huet“, seet den David.

Wärend an Italien nach Schong op der Hand gemaach ginn, läit de Fokus vum Schouster zu Lëtzebuerg op der Reparatioun – einfach, well hei de Secteur feelt. „D’Land huet net déi Traditioun vun der Schongfabrikatioun an et kann een de Beruff och net an der Schoul léieren, well et gëtt keng Formatioun dofir.“ Dobäi hätten hien a seng Beruffskolleegen, vun deenen et der zwar net méi vill, mee dofir eng Rëtsch gudder zu Lëtzebuerg ginn, eng reegelméisseg Clientèle – déi awer an hire Wënsch staark variéiert. „Mir hu Leit, virun allem Männer, déi mat engem deiere Puer englesche Schong kommen, fir se ganz rafistoléieren ze loossen, a mir hu Leit, déi mat Schlappen aus dem H&M kommen, déi se fir en Apel an e Stéck Brout kaf hunn an un deene se awer immens hänken, well se vläicht gutt dra ginn, an dann dat Duebelt dropbezuelen, fir se nees flécken ze loossen. Et gëtt vun allem“, esou den David.

Zwar géifen d’Leit hautdesdaags éischter e stolze Präis fir e puer Schong vun enger bekannter Mark ausginn ewéi fir e puer handgemaacher speziell fir si, mee wie bei e Schouster geet, dee sicht trotzdeem d’Qualitéit vun der Aarbecht – sous condition, datt dës un déi haiteg Bedierfnesser ugepasst ass. „Schaffe wéi fréier mat just engem Nol, enger Schéier an engem Hummer ass haut net méi méiglech. Et muss ee modern sinn a mat der Zäit goen, och wat seng Maschinnen ugeet“, seet den Expert. Sech ëmmer nees nei opstellen, mécht och d’Anne Bauler. Déi geléiert Schneiderin huet säit 2018 hiren eegenen Atelier, an deem se op Mooss bitzt, Kostümer ufäerdegt, Coursen ubitt a Stilberodung mécht. Well si als Independante am Handwierk schafft, muss si voller kreativer Iddie sinn. „Et geet net duer, säi Beruff ze maachen, well dësen huet zwar op alle Fall eng Daseinsberechtegung, et muss een awer ganz breet opgestallt sinn“, seet d’Anne.

Och hatt hat ursprénglech en anere Beruffswee am Kapp an och ageschloen, mee iergendwa sinn him Chimie an Droit einfach net méi duergaangen. „Ech hat iergendwann d’Impressioun, ech misst eppes méi mat den Hänn maachen a méi produktiv sinn.“ Stoft a Bitzen huet d’Anne scho vu senger Mamm a vu senger Bomi, déi an der Zäit e Stoftbuttek hat, kannt, mee eréischt duerch eng Néiesch ass hatt drop komm, seng Meeschterprüfung als Schneiderin ze maachen. De Sprong an en neie Secteur an an d’Selbstännegkeet war zwar keen einfachen, mee huet sech gelount, well: „Et ass en immens schéine Metier, wou vu Prezisiounsaarbecht, Design a Konscht vun allem eppes dran ass.“

Virun allem de Fait, datt een un eppes schafft, wat een herno och an der Hand hale kann, ass fir d’Anne eng 180-Grad-Wendung par rapport zu sengem fréieren, méi als intellektuell agestuufte Beruff. A sengem Atelier ass hatt virun allem op de „sur mesure“ spezialiséiert a mécht, niewent Bitzcoursë fir all Niveau esouwéi spezielle Kleeder fir Eventer oder Theaterstécker, vill Kleeder fir Leit mat méi schwierege Figuren: „Et gi vill Leit, déi opgrond vun hire Mesuren näischt am Buttek fannen a sech dofir Saachen op Mooss schneidere loossen.“ Seng Clientèle wier méi geziilt, mee gläichzäiteg och méi limitéiert, well wéi all Handwierk huet och d’Schneidere säi Präis: „Jonker kënne sech eng Persoun, déi sur mesure an Europa schafft, meeschtens net leeschten, dofir hunn ech virun allem eng méi gestane Clientèle.“

Zwar wier d’Anne net méi deier wéi Hugo Boss oder Max Mara, mee definitiv awer méi wéi H&M, wouduerch seng Aarbecht natierlech e gudden Deel vun de Leit ausschléisst. Dëst hätt awer och mat de Generatiounen ze dinn, well wärend ee fréier seng Kleeder méi wéi nëmmen eng Saison gehalen huet a quasi alles vun Hand gefäerdegt war, ass een et haut gewinnt, an de Buttek ze goen, unzemoossen an alles direkt matzehuelen – e ganz anere Procédé, wéi et an engem Schneider-Atelier Usus ass. D’Anne huet nämlech weeder e wierklecht Geschäft, nach eng Vitrinn, an där ee sech seng Saachen ukucke kann. Et muss ee bei hatt an den Atelier goen, sech säi Stoft eraussichen an e puer Mol umoossen, éier d’Kleedungsstéck da prett ass fir an de Schaf.

Seng Coursë sinn ëmmer gutt besicht, well d’Leit fänken un, sech nees méi fir Handaarbecht ze begeeschteren a léieren hei och, wat all Objet eigentlech wäert ass. „Et gëtt hinne mol bewosst, wéi vill Aarbecht eigentlech hanner allem stécht an datt en T-Shirt doduerch einfach net kann nëmme 4 Euro kaschten“, seet d’Anne. Genee wéi de Schräiner a Schouster weess d’Maître couturière och, datt hire Beruff zwar eng Nisch fëllt, en awer ëmmer nach gefrot ass an och bleiwe wäert – esoulaang een dann upassungsfäeg ass. Säin Handwierk gesäit d’Anne gläichzäiteg och als Konscht, dofir wënscht hatt sech, datt d’Valeur vun der Handaarbecht och méi an de Schoule soll vermëttelt ginn: „Et ass schued, datt een am klassesche Lycée villes net esou gesäit an een als Schüler amfong nëmme wéineg iwwer d’Beruffswelt an hir vill Méiglechkeete weess.“ A genee hei kommen d’Anne, den David an den Adelino an d’Spill, déi mat hire Produiten ëmmer nees beweisen, datt Qualitéit net vun näischt kënnt an een déi richteg gutt Saachen eeben dach just do kritt, wou nach Meeschteren um Wierk sinn.

En Artikel vum Laura Tomassini

#

#

#

Qualitéit sur mesure, wéi s de se net vun der Staang kriss

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.