Net nëmmen op lokaler Basis, mee op internationalem Niveau organiséiert d’Raiffeisen schonn zanter e puer Joerzéngten e Molconcours fir Schoulklassen a Kanner vu verschiddenen Altersgruppen tëschent 4 a 17 Joer. Am Duerchschnëtt maachen eleng zu Lëtzebuerg eng 150 Schoulen a Lycéeën all Joer beim Molconcours mat. Et sinn esouwuel national wéi och international ëffentlech a privat Schoulen a Lycéeë vu Lëtzebuerg, déi matmaachen. De Concours, deen heizuland ënnert dem Patronage vum Educatiounsminister steet, ass e flott Beispill fir d’Fërdere vun der Kreativitéit an der Diversitéit vun de Kanner hirer Fantasie. Op internationalem Niveau loosse jonk Kënschtler aus Lëtzebuerg, Däitschland, Éisträich, der Schwäiz, Frankräich an Italien hirer Fantasie fräie Laf a bréngen hir Iddien a Gedanke faarflech zu Pabeier.
Ob Zeechnung, Molerei, Collage, Comicstrip oder Aquarell, schwaarzwäiss oder faarweg, ob mat Bläistëftsfaarwen oder Wuessstëfter, all Technike sinn erlaabt, well de Concours huet am Laf vun de Joren evoluéiert an akzeptéiert haut souguer och déi digital Ausdrocksforme wéi zum Beispill Montagen am Photoshop um Computer. Eenzeg an eleng dat kreatiivt Schaffen ass erlaabt, verbuede sinn natierlech Kopië vun anere Wierker.
E Jury bewäert d’Biller no verschiddene Krittären an der jeeweileger Alterskategorie. De Jury setzt sech zesummen aus Léierpersonal, lokalen Artisten, enger Persoun vum Educatiounsministère an och engem Mataarbechter vun der Raiffeisen. Déi national Gewënner ginn da vun engem internationale Jury bewäert, deen aus Vertrieder vu kooperative Banken aus sechs verschiddene Länner (Frankräich, Däitschland, Italien, Schwäiz, Éisträich a Lëtzebuerg) zesummegestallt gëtt. Dësen „Internationale kreative Jugendwettbewerb“ stoung och schonn am Guinness-Buch vun de Rekorder als gréisste Molconcours vun der Welt.
Dat internationaalt Resultat vun der 54. Editioun vun dësem Joer ass beim aktuellen Host Frankräich bekannt gemaach an duerno och op Facebook publizéiert ginn. Lëtzebuerg huet direkt zwee international Präisser mat heembruecht: D’Dalija K. huet den 1. internationale Präis am Cycle 3 gewonnen an d’Nellj K. den 2. internationale Präis an der Kategorie Lycée. Hir Zeechnunge waren ënner deene beschte vun insgesamt 404.500 Biller!
Joerzéngtelaang haten d’Kanner ëmmer erëm Freed un dësem Concours, sou och d’Annelena Stiegler vu Veianen, eng vun de Gewënnerinne vu virun zéng Joer. Den éischte Brouillon vu senger Zeechnung hänkt nach haut zu Veianen bei senger Mamm an der Kichen. D’Annelena Stiegler huet schonn a jonke Joren extreem vill Fantasie gewisen op sengem Weltraumbild nom Motto „Mission to Mars“ an huet deemools den 3. Präis gewonnen. Haut studéiert déi jonk Fra zu Salzgitter Online-Journalismus a fokusséiert hir Kreativitéit verstäerkt op déi nei elektronesch Medien.
D’Raiffeisen organiséiert dëse Molconcours schonn zanter 54 Joer. Als kooperativ a lokal Bank ass et hir wichteg, weiderhin déi jonk kreativ Geeschter ze ënnerstëtzen an hir kënschtleresch Wierker ze deelen. D’Theema fir 2025 ass iwwregens „Deng digital Welt“.
En Artikel vum Sully Prud’homme
Fotoen: © Raiffeisen