Et gi sécherlech ganz ënnerschiddlech Grënn, déi dozou féieren, dass Elteren hiert Kand an eng Privatschoul ginn. Sécher ass et awer keng Fro vun de finanzielle Mëttelen, déi enger Famill zur Verfügung stinn.
Nom Aktivitéitsbericht vum Joer 2023 vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) zielt Lëtzebuerg 13 Privatschoulen, déi vum Staat subventionéiert ginn. 4 Privatschoule bidde just de Fondamental un (École Charlemagne, École maternelle et primaire Montessori, Scuola Materna Cattolica Italiana an International Montessori School), 2 Schoule bidde just de Secondaire un (Lycée technique privé Émile Metz, Écoles privées Fieldgen & Ste Anne (Agedoc)) an all déi aner bidden esouwuel de Fondamental ewéi och de Secondaire un. Vun 93.774 scolariséierte Kanner sinn der 9.995 am Schouljoer 2022-2023 an eng Privatschoul gaangen (3.353 am Fondamental an 6.642 am Secondaire).
D’Privatschoul Notre-Dame Sainte-Sophie zeechent aus, datt se fir d’Kanner vun 3 bis 11 Joer esouwuel den offizielle Schoulprogramm vu Lëtzebuerg ewéi och deen aus Frankräich ubitt. Vun de reschtlechen 8 Privatschoulen am Secondaire applizéieren d’Hallschent den offizielle lëtzebuergesche Schoulprogramm.
De Lëtzebuerger Staat bedeelegt sech un de Personal- a Fonctionnementskäschten. Dës finanziell Bedeelegung gëtt iwwert e Forfait berechent, dee gesetzlech festgeluecht ass an dee bei all Schoul opgrond vun der Zuel vu Schüler, déi opgeholl ginn, berechent gëtt. Elei gëtt allerdéngs och nach en Ënnerscheed gemaach, ob déi Privatschoul den offizielle Lëtzebuerger Schoulprogramm applizéiert oder net.
Mee aus wat fir engem Grond ginn Elteren hiert Kand an eng Privatschoul?
En Haaptgrond ass sécherlech déi spezifesch Sproochesituatioun hei am Land.
D’Sophia, Italieenerin a Mamm vun engem Jugendlechen, erzielt:
„Wéi mir hei an d’Land komm sinn, hu mir matkritt, datt déi ëffentlech Schoulen elei net de beschte Ruff genéissen. Et brauch een sech just d’Resultater vun der Pisa-Etude unzekucken. Frënn, déi scho virun eis an d’Land geplënnert sinn, hunn eis erzielt, datt duerch déi 3 obligatoresch Sproochen Däitsch, Franséisch an Englesch, déi an all ëffentlecher Schoul gläichwäerteg enseignéiert ginn, eis Kanner quasi guer keng Chance hunn, en erfollegräiche Schoulparcours ze maachen.“
D’Sophia gëtt awer och ze denken, datt hir Erfarunge mat de Privatschoulen net onbedéngt positiv gepräägt sinn. „Eng Privatschoul gëtt geréiert ewéi eng Entreprise. Do besteet wéineg Convivialitéit. Als Mamm hat ech net d’Gefill, vum Schoulpersonal als Alliéierten ugesinn ze ginn. Tëschent den Elteren huet awer eng ganz grouss Solidaritéit gespillt.“ Och op aner Aspekter mécht si opmierksam: „Leider huet och déi sozial Mixitéit gefeelt. Flott war allerdéngs déi grouss kulturell Diversitéit.“ Ënner dem Stréch seet d’Sophia: „Mir sinn net onzefridde mat der Formatioun, déi eise Bouf mat op de Wee kritt huet. Hien huet Disziplin geléiert a weess elo ze schaffen. Hien hat zum Gléck och mat Léierpersonal ze dinn, dat senger Aarbecht mat Häerz a Séil nogaangen ass.“
En Nodeel vu private Schoulen am Fondamental ass sécherlech deen, datt d’Kanner net, esou wéi et an den ëffentleche Schoulen üblech ass, aus dem selwechte Quartier oder Duerf kommen. Dës Tatsaach erschwéiert éischter d’Integratioun vun de Kanner (an hiren Elteren) an d’Gesellschaftsliewe vun hirem Wunnuert.
En anere Grond, fir säi Kand an eng Privatschoul ze ginn, ass sécherlech och déi bewosste Wiel vun engem bestëmmte pedagogesche Konzept.
D’Martine Haag, Elterespriecherin aus der fräi-ëffentlecher Waldorfschoul Lëtzebuerg, gëtt ze bedenken, datt all Famill sécherlech hir eege Grënn bei der Schoulorientatioun vun hire Kanner huet. „Wat d’Waldorfschoul ugeet, esou ass et sécherlech esou, datt vill Eltere vum innovativen a ganzheetleche Konzept vum Éisträicher Rudolf Steiner iwwerzeegt sinn. D’Schoulklasse bestinn aus maximal 25 Schüler. D’Kanner ginn hirem Alter entspriechend gefërdert an hir Kompetenze gi valoriséiert.“ Och wann et oft ironesch heescht, datt d’Kanner an der Waldorfschoul léieren, hiren Numm ze danzen, esou weist d’Martine Haag éischter dorop hin, datt „d’Kanner an dëser Schoul virun enger inadaptéierter fréizäiteger Intellektualiséierung geschützt ginn a sech esou besser no hirem eegene Rhythmus entwéckele kënnen“. D’Eltere spillen och eng wichteg Roll am Liewe vun der Schoul. D’Zesummenaarbecht tëschent den Elteren an dem Léierpersonal ass d’Basis fir eng gutt Erzéiung vun de Kanner.
Och d’Ausso, datt just Kanner aus Famillje mat gehuewene finanzielle Mëttelen sech et leeschte kënnen, an eng Privatschoul ze goen, stëmmt esou net. „An der Waldorfschoul besteet e Bäitragssystem, deen op finanzieller Solidaritéit baséiert an deen et méiglech mécht, datt all Famill no hiren eegene finanzielle Mëttele fir d’Schoulkäschten opkomme kann“, esou d’Elterespriecherin. „Dëst erméiglecht dann och eng méi grouss sozial Mixitéit.“
Och de Cyprien Ramaekers, administrative Coordinateur vun der Waldorfschoul, ass iwwerzeegt, datt dat pedagogescht Konzept an d’Wäerter, fir déi d’Waldorfschoul steet, d’Haaptmotivatioun ass fir d’Elteren, sech fir dës Schoul ze entscheeden. Laut him gëtt et net déi „typesch Famill“, mee d’Waldorfschoul ass éischter e Spigelbild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. „Elei wuesse Kanner vun allen Niveauen a Kulturen zesummen op. Bei deenen aktuellen 370 Schüler sinn 30 verschidden Nationalitéite vertrueden.“
De Cyprien Ramaekers gëtt och ze bedenken, datt d’Wiel fir eng Privatschoul och ganz oft als eng lescht Méiglechkeet ugesi gëtt fir Kanner, déi grouss Problemer an den ëffentleche Schoulen hunn. „Et stellt ee fest, datt verschiddener vun dëse Kanner sech dann an enger Privatschoul voll a ganz entfalen an eng ganz positiv Entwécklung maachen. Mir probéieren, méi op déi positiv Aspekter opzebauen an éischter hir Kompetenzen an de Vierdergrond ze stellen, amplaz dat, wat si nach net kënnen. Fir dës Kanner si mir dann esou eppes ewéi e Rettungsrank.