Placeholder Dummy template

Présentez … armes!

De Militärmusée zu Dikrech

Nach laang net nëmme Waffen ginn zu Dikrech am Militärmusée gewisen, mee och eng Hellewull aner Zäitzeien hunn de Wee an dëse ganz spezielle Musée fonnt, dee mat sengem richtege Numm „Musée National d’Histoire Militaire” heescht.

Lass gaangen ass et eigentlech op Initiativ vun engem klenge Grupp Sammler a Geschichtsfrënn a mat der Hëllef vun der Stad Dikrech an der Lëtzebuerger Arméi. Dësen eenzegaartege Musée huet seng Dieren 1984 an de fréiere Raimlechkeeten vun der Dikrecher Brauerei am Bamerdall opgemaach. Am Laf vun der Zäit koumen ëmmer erëm nei Ausstellungsstécker derbäi, sou datt dëse Musée haut zu engem vun deene vollstännegsten op der ganzer Welt ginn ass. War en ufangs just geduecht, fir d’Ardennenoffensiv am Wanter 1944/45 op eng onparteiesch Aart a Weis vun alle Säiten ze beliichten, sou ass 1994 och eng permanent Ausstellung iwwer d‘Lëtzebuerger Arméi mat derbäi komm. Déi responsabel Association du Musée National d’Histoire Militaire, déi vum Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt gëtt, wëllt d’Erënnerung un den Ardennekonflikt lieweg an d’Wëssen do ronderëm bei deenen zukünftege Generatioune wakereg halen. Op enger Ausstellungsfläch vu méi ewéi 3.000 m2 ginn op 4 Stäck (vill Trape fir al Journalisteknéien) a 24 Säll iwwer 50.000 Objete gewisen.

D‘Haaptattraktioun vum Militärmusée sinn déi eenzel Zeenen oder Dioramen, déi am Moossstaf 1:1 detailgetrei a realistesch Ausschnëtter aus dem Alldagsliewe vun den Zaldoten duerstellen. Dee gréissten Diorama weist op 150 m2, wéi déi 5. US Infanteriedivisioun den 18. Januar 1945 iwwer d’Sauer komm ass, fir Dikrech ze befreien. Do kann engem schonn emol d’Héngerhaut ausgoen, wann een doriwwer nodenkt a sech e bëssen dreiwe léisst.

Awer och déi permanent Ausstellung vun der Lëtzebuerger Arméi ass onbedéngt kuckeswäert, wëll si a gläich e puer Zeenen déi wichtegst Asätz vun eise Jongen vum Bierg dokumentéiert. Déi mannste Leit wäerten zum Beispill wëssen, datt eist klengt Ländchen och am Korea-Krich mat derbäi war. Zousätzlech zu deenen eenzelen Diorame gëtt op der Plaz awer och nach eng bal vollstänneg Sammlung vun Infanteriewaffen, Munitioun, perséinlechem a Mannschafts­ekipement a Kommunikatiouns­apparate gewisen, doniewent Fotoen a perséinlech Saache vu Veteranen, awer och iwwer 50 typesch amerikanesch a preisesch Militär­gefierer (iwweregens gréisstendeels fuerbereet, also mat Motor) an Artilleriesgeschützer. Ufangs Dezember fänkt eng nei temporaire Expo un, déi sech mam Opbau 1945-1960 beschäftegt a bis am September 2021 ze besichen ass.

5 Leit schaffen haaptberufflech hei am Musée ënner der Leedung vum Direkter Benoit Niederkorn, deen zanter 2017 als detachéierten Zivilist vun der Arméi hei ass, wéi e liewegt Buch iwwer säi Musée ze verziele weess an eis zu dësem Artikel Ried an Äntwert gestanen huet. Weider sinn et ronn 15 Fräiwëlleger, dorënner detachéiert Geschichtsproffen, déi déi eenzel Féierungen duerch de Musée maachen an derfir suergen, datt d’Ausstellung an d’Infrastruktur an der Rei gehale ginn. Dobäi kommen nach Fräiwëlleger, déi vum Service National de la Jeunesse rekrutéiert ginn. Och Schüler a Studente komme gär an de Vakanzzäiten heihin, fir sech an der wäertvoller Museumsbibliothéik mat ronn 10.000 spezialiséierte Bicher an 2.000 digitaliséierte Fotoe weiderzebilden. Dofir muss een allerdéngs e Rendez-vous ufroen (reception@mnhm.lu oder iwwer Telefon 80 89 08), grad ewéi fir geféiert Toure fir Schoulklassen oder soss interesséiert Gruppen. Pedagogesch besonnesch wäertvoll Visitte mat Besuch vum Schumannseck an Dikrech kënne bei guddem Wieder och organiséiert ginn. Iwwer 30.000 Visiteure konnten am Laf vum leschte Joer gezielt ginn, dëst Joer sinn et opgrond vun deene bekannte Restriktiounen ëmmerhin nach aktuell 10.000 Interesséierter, déi de Wee an de Bamerdall fonnt hunn, dorënner och vill Hollänner, Amerikaner an Englänner.

De Militärmusée zu Dikrech, deen och op internationaler Basis mat anere Muséeën zesummeschafft an esouguer och mat der amerikanescher NSA (National Security Agency) Kontakt huet, zum Beispill am Zesummenhang mat där weltbekannter Dechiffréiermaschinn Enigma, ass Méindes an op Feierdeeg zou, soss awer all Dag op vun 10:00 bis 18:00 Auer. Den Entrée kascht 5€ fir Erwuessener, Kanner ënner 10 Joer a Persoune mat reduzéierter Mobilitéit komme gratis eran.

Weider Informatiounen fënnt een op www.mnhm.net

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.