Powerlifting: e Sport fir staark Fraen a Männer

Denkt een u Powerlifting zu Lëtzebuerg, dann denken déi meescht ënner eis un d’Marion Hammang, dat 2017 am Alter vun 53 Joer onerwaart gestuerwen ass. Hatt war Welt- an Europameeschterin an huet de Powerlifting an den 80er- an 90er-Jore gepräägt an zur Weltspëtzt an dëser Sportaart gehéiert. 1990 an 1992 ass hatt zur Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt ginn. Aktuell ginn et am Land zwee Powerlifting-Veräiner mat 25 aktiven Athleetinnen an Athleeten.

De Powerlifting ass e Kraaftsport, deen aus dräi verschiddenen Disziplinne besteet: dem Bänkdrécken, der Knibeug an dem Kräizhiewen.

Oft gëtt de Powerlifting mam Gewiichthiewe verwiesselt oder verglach. An effektiv hu béid Sportaarte vill Gemeinsamkeeten: d’Struktur vun de Wettkampfübungen ass änlech, béid sinn an Alters- a Gewiichtsklassen agedeelt a béid verlaange vill Training vun der Maximalkraaft (déi héchste Kraaft, déi den Nerve-Muskelsystem bei enger willkürlecher Muskelkontraktioun ausübe kann) an eng perfekt Technik.

D’Ënnerscheeder tëschent béide sinn, datt beim Gewiichthiewen nach méi Schnellkraaft gefrot ass fir d’Räissen an d’Stoussen, fir déi zwou Disziplinne perfekt ëmzesetzen. Dernieft ass nach méi Koordinatioun a Beweeglechkeet gefrot an d’Belaaschtunge fir de Stëtz- a Beweegungsapparat sinn nach méi grouss wéi beim Kraaftdreikampf. A puncto Attraktivitéit vun der Sportaart kritt d’Gewiichthiewe méi Opmierksamkeet an de Medien, well et am Géigesaz zum Powerlifting eng olympesch Disziplin ass.

Zu Lëtzebuerg sinn d’Powerlifter an d’Gewiichthiewer an der Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg zesummegeschloss. De Verband huet an der Vergaangenheet eng Partie grouss Championen erausbruecht: d’Marion Hammang an d’Malou Thill bei den Dammen an den Anibal Coimbra bei den Hären. Mam Mara Strzykala (Gewiichthiewen) a mam Philippe Parage (Powerlifting) ginn et de Moment zwee Athleeten, déi d’Potenzial hunn, d’Nofolleg vun de fréiere grousse Championen unzetrieden.

Bei enger Powerliftingkompetitioun iwwerwaache Riichteren, datt alles korrekt no de Reegelen ofleeft. D’Athleeten hu pro Disziplin dräi Versich. Packt een e Gewiicht, dann däerf een e méi schwéiert Gewiicht an Ugrëff huelen. Um Enn ginn dann déi héchste gepackte Gewiichter an deenen dräi Disziplinnen zesummegezielt.

D’Kompetitioun geet u mat der éischter Disziplin, de Knibeugen. Dobäi kënnen déi héchst Gewiichter beweegt ginn, well méi Muskelgruppe bedeelegt si wéi beim Bänkdrécken oder beim Kräizhiewen. D’Laanghantel läit bei dëser Disziplin op der Schëller. Den Athleet geet dann erof, bis d’Uewerschenkelmuskulatur am Hëftgelenk méi héich ass wéi d’Kneigelenk. Ass dee Punkt erreecht, geet en erëm zeréck an d’Ausgangspositioun mat durchgestreckte Knéien. Beusprocht gëtt hei virun allem d’Beemuskulatur, awer och déi komplett Réckemuskulatur.

Weider geet et mam Bänkdrécken. Heibäi läit den Athleet op der Hantelbänk. D’olympesch Laanghantel muss bis op d’Broscht ofgesat ginn, dann no uewe gestemmt ginn, bis d’Ielebéi gestreckt sinn. Hei gi virun allem d’Broscht- an d’Aarmmuskulatur beusprocht.

Als lescht Disziplin kënnt d’Kräizhiewen. Hei ass d’Laanghantel um Bueden. Den Athleet muss d’Hantel no uewe brénge mat gestreckten Ielebéi, bis e ganz oprecht steet. Beusprochte Muskulatur: déi ganz Réckemuskulatur a virun allem déi vum ënneschte Réck.

De Powerlifting ass e Kraaftsport, bei deem grouss Gewiichter beweegt ginn. Fir sech virun Iwwerbelaaschtungen a Verletzungen ze schützen, hunn d’Athleeten hir Handgelenker an d’Knéie bandagéiert a benotzen e Gewiichthiewerrimm, deen hëlleft, datt den ënneschte Réck riicht bleift, well op dësen, virun allem bei de Knibeugen a beim Kräizhiewen, extreem Kräfte wierken.

Foto: ©Tageblatt/Archiv

Bemierkenswäert ass d’Tatsaach, datt de Sëtz vum Powerlifting-Weltverband (International Powerlifting Federation) zu Lëtzebuerg ass. Zanter 2012 ass mam Gaston Parage e Lëtzebuerger President vun dësem Verband. Hien ass och zanter 2020 President vum lëtzebuergesche Powerlifting- a Gewichthiewerverband (Powerlifting & Weightlifting Federation Luxembourg).

D’Fro, déi sech ëmmer stellt, ass, firwat de Powerlifting net olympesch ass? Wéi gesinn d’Chancen aus, datt dëst eng Kéier de Fall wäert sinn? Och de Gaston Parage kann eis do leider keng Äntwert ginn. Hie seet eis awer, datt si schonns zanter 2012 am Weltverband dru schaffen, fir dat Zil ze erreechen, an och schonn gesot kruten, datt si net „ganz uewen op der Lëscht stinn“. „Mee“, esou de Gaston Parage, „dat huet da warscheinlech duerch d’Lobbyaarbecht vun anere Sportaarten net geklappt.“

Et ass wuel net onrealistesch, datt de Powerlifting enges Daags olympesch ass. Et ass e Sport fir jiddwereen a bei de Paralympics ass Bänkdrécken derbäi, wat eng vun den Disziplinne vum Powerlifting ass. An – last but not least –, de Lëtzebuerger Gaston Parage huet sech dat Zil als President vum Weltverband gesat an hien huet scho vill Ziler an déi Richtung erreecht.

Foto: ©Tageblatt/Archiv

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.