Net nëmmen an engem Superwaljoer spillt den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Wat genau dës Stëftung mécht a firwat, dat zielt eis den Direkter Marc Schoentgen an engem Gespréich.
Wéi den Numm et scho verréit, ass d’Aufgab vum ZpB, de Leit politesch Bildung ze vermëttelen. „Mir erklären de Leit, wat Demokratie ass a wéi se funktionéiert“, seet de Marc Schoentgen, Direkter vun der Stëftung. „Dozou gehéiert och de Fonctionnement vun eisen Institutiounen an eisem politesche System.“
Den Zentrum fir politesch Bildung ass eng onofhängeg Fondatioun, déi am Joer 2016 zu Lëtzebuerg ënner dem Slogan „Demokratie léieren a liewen“ gegrënnt gouf. D’Grënnung geet op eng Initiativ vun der Regierung zeréck. Am Ufank hate si hir Büroen zu Walfer am eduPôle. Viru ronn zwee Joer si se op de Boulevard de la Pétrusse an d’Stad geplënnert. „Mir si kee Ministère an och keen Établissement public“, preziséiert den Direkter. De Verwaltungsrot vum ZpB besteet zu enger Hallschent aus staatleche Vertrieder vu verschiddene Ministèren an zur anerer Hallschent aus Acteuren aus der Zivilgesellschaft. De Staat soll keng Majoritéit respektiv Kontroll iwwer den Zentrum hunn.
An de Waljoren ass et wichteg, de Leit de Sënn vun de Walen ze vermëttelen, besonnesch deene Leit, déi fir d’éischt wiele ginn, sou de Marc Schoentgen. Dat kënne Jonker sinn, déi elo méi wéi 18 Joer hunn oder Erwuessener, déi sech fir d’éischte Kéier op d’Wallëschte fir d’Gemengewalen agedroen hunn. Vermëttelt ginn awer net nëmmen déi technesch Aspekter, zum Beispill wéi ee säi Walziedel ausfëlle soll, mee de ganzen Enjeu vun de Walen. Wichteg wier et och, de Wieler ze erklären, firwat et och als Eenzele wichteg ass, seng Stëmm ofzeginn, betount den Direkter. Dacks hunn d’Leit d’Gefill, datt eng Stëmm ënner Dausenden oder Honnertdausende kee Gewiicht hätt.
Firwat ass d’Demokratie da sou wichteg? De Marc Schoentgen bezeechent d’Demokratie als eng Form vum Zesummeliewen, bei där all d’Leit aus der Gesellschaft participéiere sollen. Dowéinst ass e wichtegen Deel vun der Aarbecht vum ZpB, d’Leit dovunner ze iwwerzeegen, un der Demokratie deelzehuelen an dee System och als dee beschten, dee mer bis elo kennen, unzeerkennen. En Deel dovunner ze sinn, bedeit, datt een d’Demokratie lieft. Dofir benotzt de Marc Schoentgen gären de Begrëff Participatioun, wat méi wichteg ass wéi déi gro Theorie. „Mir probéieren, d’Participatioun duerch eis Aktivitéiten ze fërderen, zemools bei de Kanner a Jugendlechen.“
De Marc Schoentgen nennt als Beispill d’Super-Wal-Kiermes. E Projet, deen am Kontext vun de Gemengewalen am Juni an d’Liewe geruff gouf. Dobäi handelt et sech ëm e mobillt Kiermeszelt, dat a verschiddene Gemengen a Schoulen zum Asaz kënnt. Dräi Aktivitéite wéi Inte fëschen, Glécksrad spillen a Béchse schéisse ginn hei ugebueden, fir de Public unzelackelen. „Dobäi probéiere mer, de Jonken a Gespréicher d’Thema Wale méi no ze bréngen, de ganzen Enjeu dovunner ze vermëttelen an ze erklären, firwat Wiele goe wichteg ass“, erkläert de Marc Schoentgen. Och hei gëllt de Slogan Demokratie léieren a liewen.
Beim Stand vun den Inte geet et eigentlech dorëms, Iddien ze fëschen. All Int beschäftegt sech mat engem Thema wéi beispillsweis der Mobilitéit oder der Bildung. Bei deem Spill sollt een seng eege Perspektiv entdecken an iwwer méiglech Erausfuerderungen an der Gemeng, an där ee lieft, nodenken. Beim Glëcksrad ginn de Spiller Froe gestallt, ob a wéi een sech an senger Gemeng politesch engagéiere kéint. Beim Béchseschéisse geet et dorëms, d’Grondlage vun der Demokratie opzestellen an dat Ganzt dann am Gläichgewiicht ze halen. Dobäi sollt een sech Gedanken iwwer déi eege Prioritéite vis-à-vis vun der Demokratie maachen.
„Mir probéieren, déi Jonk ze aktivéieren, eppes ze maachen, ze erliewen, fir da weiderzekommen an hire Reflexiounen“, sou den Direkter. Prinzipiell leet den Zentrum de Fokus op eng einfach Kommunikatioun. Dozou gehéieren och Erklärungen an enger accessibeler Sprooch. „D’Sprooch soll keng Barrière am demokratesche Prozess sinn.“
Wien ass dann eigentlech d’Zilgrupp vum ZpB? Just Kanner a Jugendlecher? „Nee“, seet de Marc Schoentgen. „Eigentlech alleguer, well d’Demokratie fir jiddereen do ass, all Alter, Geschlecht an Nationalitéit. Jiddereen, deen hei lieft, ass e Bierger vun dësem Land an huet iergendwou d’Recht fir matzeschwätzen a matzegestalten, onofhängeg vum Alter.“
Dowéinst huet den Zentrum fir politesch Bildung Offere fir déi méi kleng a fir déi erwuesse Leit. „De Prozess vun der politescher Bildung ass ni ofgeschloss an hält net am Alter op.“ E besonnesche Fokus leet den ZpB op d’politesch Bildung vu Kanner a Jugendlechen an de Schoulen, well een se do gutt erreeche kann. A well ee seet, datt d’politesch Bildung net fréi genuch ufänke kann. Dofir setzt den Zentrum fir politesch Bildung cibléiert op sougenannte Multiplicateuren, andeems e gratis pädagogescht Material fir Enseignanten an Educateure bereetstellt. Dës Ënnerlage kënnen op der Websäit vum ZpB erofgelueden oder op Ufro bestallt ginn. Ënner der Rubrik „Superwaljoer“ fënnt een nieft dësem Material och nach weider Informatiounen a Videoen zu de Walen. Sou zum Beispill sougenannte Knäipziedele fir Éischtwieler, déi se kënnen als Hëllef mat an d’Walkabinn huelen. Vill Jonker erreecht ee virun allem iwwer déi verschidde Social-Media-Plattformen, wou den Zentrum fir politesch Bildung sech abréngt.
Mee och déi erwuesse Leit solle bei der politescher Bildung net ze kuerz kommen. Zum Beispill bei der interaktiver Ausstellung „DemokratieLabo“. Wéi den Numm et scho verréit, soll dës Ausstellung d’Leit wéi e richtege Laboratoire dozou alueden, eppes ze entdecken an ze experimentéieren. Den Objet, ëm deen et geet, ass natierlech d’Demokratie. D’Visiteure ginn dozou animéiert, hir Virstellungen iwwer d’Demokratie, hir Iwwerzeegungen an Erfarungen hei anzebréngen. Dobäi gëtt ënner anerem iwwer d’Funktiounsweis vun eisem politesche System diskutéiert. En anert Beispill ass d’Websäit smartwielen.lu, déi am September fir d’Parlamentswalen nei opgesat wäert ginn. Do kréien d’Benotzer Froe gestallt an de Programm rechent e Klassement vu Kandidaten a Parteien aus, déi hirem Profil am meeschten entspriechen.
Wat huet sech dann un der Aarbecht vum ZpB säit senger Grënnung geännert? „Eis Aarbecht ass méi komplex ginn“, seet de Marc Schoentgen. All nei Generatioun vu Jonke misst politesch sensibiliséiert ginn. Dat gëllt och fir d’Awanderer, déi weider op Lëtzebuerg kommen. An de leschte Joren hätt een et en plus mat enger ganzer Rei Defien ze di gehat, sou den ZpB-Direkter. „Covid war eng Prouf fir déi ganz Gesellschaft, d’Politik an d’Demokratie.“ Hien erënnert un d’Mobilisatioun vu ville Leit an un d’Verschwörungstheorien, déi zirkuléiert sinn. Haut hu mir e Krich an Europa a gläichzäiteg eng Energie- a Klimakris. Donieft géife verschidde Regimmer wéi an Ungarn, der Tierkei oder Russland den demokratesche Modell a Fro stellen an eis weisen, datt d’politesch Bildung net vu Muttwëll ass.