Placeholder Dummy template

Lëtzebuerg am Podcast-Féiwer

D'Zäit am Stau sënnvoll notzen

An, haut scho gelauschtert? Nee? Ma da gëtt et héich Zäit, wéinstens driwwer ze liesen! Podcaste sinn dat Trend-Format aus de leschte Joren an och Lëtzebuerg huet dat eent oder anert enregistréiert Gespréich ze bidden. Fir all d’Produktiounen aus dem Land opzezielen, bréicht een awer méi wéi 4.000 Zeechen (ups …), dofir hei „just“ e klengen Iwwerbléck iwwer déi Podcasten, déi onofhängeg vun eenzelnen Hosts verëffentlecht ginn.

De Begrëff „Podcast“ staamt aus engem Mix aus den zwee Wieder „iPod“ a „Broadcasting“, also de praktesche Geräter vun Apple, iwwer déi mir nach bis virun e puer Joer Musek gelauschtert hunn, an dem engleschen Iwwerbegrëff fir Radio an Tëlee. Wéini den éischte Podcast opgeholl gouf, dat hänkt ë bësse vu senger Definitioun of. Déi eng betitele schonn d’Audio-Opnamen, déi een an den 80er mam Walkman lauschtere konnt, als éischt Podcasten, fir anerer waren Hörbicher eng Fréiform an erëm anerer gesinn d’Ufäng vun den „Audio-Blogs“, wéi se ursprénglech genannt goufen, am Open Source vum Blogger Dave Winer a vum Journalist Christopher Lydon, woubäi den Dave Winer schonn zwee Joer virdrun, also 2001, eng Aart Podcast opgeholl hat.

Nujee – wéini genee et mam Braddelen an de Mikro lassgaangen ass, doriwwer wëlle mer net streiden, ma eis drop fokusséieren, dass dat haut, also ronn 25 Joer méi spéit, nach ëmmer gäre gemaach (a gelauschtert) gëtt. D’Podcasten, wéi mir se entretemps kennen, hu spéitstens wärend der Covid-19-Pandemie e richtege Boom erlieft an och Lëtzebuerg erobert. Quasi all Medienhaus, Organisatioun, Institutioun an esouguer de Minett hunn en eegene Podcast – dës ginn zwar net méi iwwer en iPod gelauschtert, ma gelauschtert gi se nawell, a vill. D’Theeme gi vu bis – wuertwiertlech –, ma d’Basis ass ëmmer déi selwecht: d’Nolauschterer gi mat op eng Audio-Rees geholl, entweeder an e spezifescht Theema oder einfach an den Alldag vun den Hosts, also deene Persounen, déi de Podcast produzéieren.

„Säit eisem Start ass d’Podcast-Landschaft vill méi divers ginn, awer wéineg Constellatioune sinn esou laang op Sendung bliwwe wéi mir.“

Happy Hippos

© Happy Hippos

Ee vun de laangliewegste Lëtzebuerger Podcasten, dee genee dat mécht, ass dee vun den Happy Hippos. Zanter siwe Joer poteren den Dino, de Luc an de Ben all 1. a 16. vum Mount iwwer Allméigleches a bespaassen hir Nolauschterer mat witzege Gespréicher. Bekannte Stëmmen aus der Podcast-Zeen sinn och d’Cecilia, mat sengem Format Ceci, do you love me?, an deem hatt zanter 2020 mat senge Gäscht iwwer „Out-of-the-bubble”“-Theeme schwätzt, an den Ex-Eldoradio-Duo Catherine a Sidsel, déi sech als Queens of Meh (bal) all zweete Sonnden iwwer Gott an d’Welt austauschen.

E Widderhuelungstäter beim Theema Podcasten ass och de Yannick, deen zanter 2019 mam Jill all zwou Woche bei Paus. iwwer alles an näischt „lästert“ a säit leschtem Summer mam Mike – nach esou e Podcast-Geck – bei Plottwist iwwer déi gemeinsam Léift fir Filmer schwätzt. Relativ laang gëtt et och schonn den Erklär&Laach, e Podcast vun de Kolleege Philippe, Joe a Baschti, déi deem engen oder anere vläit nach ënner dem Youtube-Numm „Duckféiss“ bekannt sinn. Ëm wat et an hiren Episoden, déi zanter 2019 all Woch erauskommen, geet, brauch ee bei deem Titel jo wuel net ze erklären – Haaptsaach, et gëtt gelaacht.

Queesch duerch de Gaart geet et och bei enger ganzer Partie anere Lëtzebuerger Podcasten: E Bësse Schnëssen maachen zanter 2023 d’Esther an d’Jessica, geschnackt gëtt säit 2024 bei Picknick mam Nadine oder säit 2023 mat de VANdalinnen, an eng Gëlle Fro kréien zanter 2020 d’Gäscht vum Tom a Philippe gestallt, déi hire Podcast als d’„Nr.1 zu Lëtzebuerg“ betitelen. Wie sech fir méi spezifesch Theemen interesséiert, dee gëtt awer och fündeg. Bei Kachkéis Kultur schwätzt de Lycéesschüler Charel zanter annerhallwem Joer mat Leit aus der Lëtzebuerger Musekszeen, bei Filmmeiweidat (2024) geet et mam Julien a Léon zwee Mol de Mount op eng Rees an d’Welt vun de Filmer, bei 1000deeg verréit eis d’Journalistin a Mamm Maxi zesumme mat Experten alles zum Theema Kanner a bei Streets Unplugged stellt sech d’Lëtzebuerger Street-Photography-Zeen vir.

Queens of Meh ass e Laberpodcast mat Therapiemomenter, an éischter Linn fir eis selwer, mee wie weess, vläicht hëllefen eis Geschichten anere jo och e Stéckche virun.“

Catherine & Sidsel vu Queens of Meh

© QoM

Dir mierkt et: D’Lëscht ass laang an nach laang net zu Enn, well wärend déi eng Podcasten no e puer flotte Seasons de Mikro nees an den Tirang gepak hunn, schéisse reegelméisseg nei Titelen an Episoden aus dem Buedem, an et ass scho bal schwéier, en Iwwerbléck ze behalen. Mee keng Suerg, dräi Stéck hu mer der nach fir iech, an zwar dem Bambouni säi Lëtz Talk Different (2024), deen zesumme mam Nidderkuerer Jugendhaus Gesiichter a Perséinlechkeete vun Déifferdeng virstellt, dem Marlee säin Ënnert dem Teppech (2023), bei deem et iwwer Tabutheeme geet, an dem Max a Jacques hiren Ennen u komm! (2024), dee schonn am Abrëll d’lescht Joer op Social Media ugekënnegt gouf a säit Dezember dann och endlech op de gängege Streaming-Plattformen ze héieren ass.

Wiem et elo ze ustrengend ass, nach weider Nimm vu Podcasten hei am Artikel ze liesen, deen invitéiere mir ganz einfach, selwer eranzelauschteren, well dat Coolt u Podcasten ass jo dat heiten: Et fënnt jiddereen eppes, wat em gefält, an et kann ee se iwwerall lauschteren, am Auto, beim Kachen oder an der Bidden. A wie weess, vläicht fillt deen een oder anere sech jo inspiréiert, selwer seng Geschichten ze erzielen, schliisslech brauch ee fir e Podcast am Fong just dräi Saachen: eng Stëmm, e Mikro an d’Hoffnung, dass d’Resultat mindestens enger Persoun och zu Ouere kënnt.

En Artikel vum Laura Tomassini

„De Yaya an ech kennen eis haaptsächlech duerch de Kino an d’Filmer an haten ëmmer laang, super Gespréicher doriwwer […]. An du loung dat einfach op der Hand, dass hien dee Richtegen ass, fir e Podcast zesummen ze maachen.“

Mike Winter, Plottwist

© Yaya

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.