De Pierre Reding, deen zënter dem 1. Januar 2023 Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass, ass studéierte Germanist a Pedagog, war fréier Schoulmeeschter a Schoulinspekter an huet Coursë fir d’Schoulmeeschteren an der Ausbildung um Iserp (Institut supérieur d’études et de recherches pédagogiques) ginn. Dono war hien zéng Joer laang Premier Conseiller de gouvernement am Educatiounsministère.
Pierre Reding: Streng geholl krut ech déi Hausaufgab vun der Regierung.
Pierre Reding: Jo! Dat stoung scho virdrun am Aktiounsplang vun der Regierung. Éier deen doten Aktiounsplang koum, hat d’Regierung decidéiert, en Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch anzeféieren. Aktuell stinn dräi grouss Achsen dran: d’Léieren, d’Erfuerschen an d’Visibilitéit vun der Sprooch. Zum leschte Punkt gehéiert d’Visibilitéit am Raum, wéi zum Beispill Schëlder op Lëtzebuergesch oder d’Presenz vun der Sprooch am Internet. An dozou gehéiert och en Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, op deem mer se an d’Vitrinn setzen.
Pierre Reding: Den Initiator ass de Kulturministère, deen do de Lead huet. Dat kann een awer net ouni aner Ministèrë maachen. E ganz grousse Volet geschitt deen Dag an der Schoul, an dat maache mir mam Educatiounsministère zesummen.
Pierre Reding: Wann een esou en Dag sicht, dann huet een e puer Méiglechkeeten. Entweeder et hëlt een enger berüümter Persoun hire Gebuertsdag, e Stierfdatum, den Dag vun enger Buchverëffentlechung oder en Event, dat a Verbindung mat der Sprooch steet. Mir hunn eis eng Lëscht mat verschiddenen Datumer gemaach an eis du fir de 26. September entscheet, well dat den Europäeschen Dag vun der Méisproochegkeet ass.
Pierre Reding: D’Opfaassung vun der Regierung ass et, datt d’Fërdere vum Lëtzebuergeschen an d’Fërdere vun der Méisproochegkeet sech iwwerhaapt net widderspriechen, mee, au contraire, sech hei zu Lëtzebuerg ergänzen. Dowéinst hu mir fonnt, dat wier dee beschten Dag dofir. Zousätzlech hu mer awer och ganz banal gekuckt, datt deen Dag net an eng Schoulvakanz fält. Iwwregens gouf den Europäeschen Dag vun der Méisproochegkeet deemools vun der Lëtzebuerger EU-Kommissärin Viviane Reding ausgeruff.
Mir wëlle ganz bewosst weisen, datt mir mam Lëtzebuergesche keng Mauere wëllen opbauen an net soen, datt dat d’Sprooch vun de Lëtzebuerger ass, fir sech vun deenen anere Leit ofzegrenzen. Fréier gouf ëmmer gesot, datt d’Méisproochegkeet eng vun eisen natierleche Ressourcë wier. Mir waren houfereg drop, datt mer méisproocheg waren an nach sinn, an doniewent nach d’Lëtzebuergescht hunn, eng Aart „Geheimsprooch“ fir eis.
Pierre Reding: Et soll een deen Dag souwuel iwwer d’Sprooch nodenke wéi och d’Sprooch feieren. Fir driwwer nozedenken, sinn deen Dag verschidde Konferenze virgesinn. Sou mécht beispillsweis d’Uni Lëtzebuerg eng Konferenz iwwer d’Jugendsprooch an am INLL (Institut national des langues Luxembourg) ass eng Konferenz iwwer d’Erausfuerderunge fir d’Auteuren, fir op Lëtzebuergesch ze schreiwen. An de Schoule soll op eng spilleresch Aart a Weis driwwer nogeduecht ginn: Bei de ganz Klenge wäert deen Dag e Billerbuch erauskomme vun der Unesco, dat op Lëtzebuergesch iwwersat gouf als 45. Sprooch, an an de Grondschoule kréien d’Schüler an d’Schülerinne Lidder an Theateraktivitéiten ugebueden. Op 4e am Lycée kënnen d’Schüler an d’Schülerinne Wierder virschloen, déi nach net am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire) stinn a vun deene si der Meenung sinn, datt se sollten do erageholl ginn. Gesinn d’Linguisten an d’Linguistinne vum ZLS (Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch) dat och esou, da ginn dës vun de Jonke proposéiert Wierder mat den Iwwersetzungen a véier Sproochen am LOD verëffentlecht.
Doniewent sinn Aktivitéite virgesinn, fir d’Sprooch ze feieren. Mëttes trëtt am Kulturministère e Kannerchouer op. Dee Concert gëtt och gestreamt. Owes ass am „De Gudde Wëllen“ e coolen Hiphop-Concert mat engem Programm op Lëtzebuergesch. D’Leit sinn alleguer häerzlech agelueden, un all den Aktivitéiten deelzehuelen.
Pierre Reding: Do hu mer ënner anerem de Sproochequiz vum ZLS iwwer d’Lëtzebuergescht op der Nuit des langues vum Institut Pierre Werner, an zwar a méi Sproochen. Niewent enger Ausstellung iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch(en) vum ZLS am Europaparlament bidde mer en Theateratelier an der Nationalbibliothéik iwwer dem Anton Tchekhov seng „Die Möwe“ a verschiddene Sproochen un. D’Actioun Lëtzebuergesch mécht eng Serie, wou ee lëtzebuergesch Wierder ronderëm de Bäcker ka léieren. Weider Aktioune mam Lëtzebuergeschen an der Méisproochegkeet gi vun de Patronatskummeren a -federatiounen ugebueden. Hei kënne lëtzebuergesch Ausdréck geléiert an unhand vun engem QR-Code geüübt ginn.
Mee dee wichtegste Message vun deem Dag ass et, datt d’Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, sech traue sollen, et ze schwätzen. An d’Mammesproochler solle si dann och schwätze loossen, ouni sech direkt gezwongen ze fillen, op eng aner Sprooch auszewäichen.
Pierre Reding: Fatzbeidel (laacht). Ech si mer net sécher, ob et am LOD steet. (Umierkung vun der Redaktioun: Dach, et steet am LOD.) Mee ech weess awer, wéi et geschriwwe gëtt. Et ass e Synonym vu Fatzert a bezeechent eng Persoun, déi ganz gäre mol eng stiicht.
En Interview vum Eric Rings