Placeholder Dummy template

„Dat Weesentlechst, wat et an dëser Welt gëtt, ass Bezéiung.“

Vun Transzendenz a Léift bis hin zu Wëssenschaft a Kooperatiounspolitik – de Paul Galles am Portrait

Paschtouer, promovéierten Theolog, Chef de projet bei der Caritas an elo CSV-Politiker. A sengem ofwiesslungsräiche Liewe gëtt de Paul Galles ëmmer erëm mam Theema Aarmut konfrontéiert a weess dofir, wéi wichteg d’Entwécklungszesummenaarbecht ass. De Konterbont huet sech mam Deputéierte getraff a mat him iwwer säi Wee an d’Politik geschwat.

Et ass wuel keen Zoufall, dass de Paul Galles annerhallef Stonn virun eisem Gespréich urifft a freet, ob et méiglech ass, den Interview op enger anerer Plaz ze maachen. Hie proposéiert den Intense Coffee um Lampertsbierg. Den Numm verweist erstaunlech programmatesch op de Verlaf vum Gespréich – et ass héichintensiv an eng richteg „Tour de force“, dat duerch eng ganz Rëtsch vun ënnerschiddlechen Theemen, déi no an no ze erkenne ginn, wéi eng Aart vu Mënsch sech hannert deem grousse Mann mat de wujelegen, schwaarzen Hoer an deem breeden, sympathesche Laache verstoppt.

Am Intense Coffee ass et haart. E Kuddelmuddel vu Stëmmen aus verschiddenste Weltregiounen ass ze héieren. Mir sëtze mattendran, allefalls déi Sail aus massivem Bëton niewent eis versprécht e bësse Rou. De Paul Galles stellt säi Kaffi an eng Pastel de nata op de klengen Dësch. „Wat e Kaméidi“, denken ech, „hoffentlech gëtt et eppes mat der Opnam vum Gespréich.“ Ech werfen e Bléck op mäin Interviewpartner; hie fillt sech richteg wuel tëschent all de Leit – wéi wann e seng Energie géif aus deem ganze Chaos zéien. An da seet hien eppes, wat mir säi Wuelbefannen onmëssverständlech erkläert: „Dat Weesentlechst, wat et an dëser Welt gëtt, ass Bezéiung, mënschlech Bezéiungen, Begéinungen. Dat gëllt och fir dëse Moment hei. Mir treffen eis, mir schwätze mateneen. Et ass zwar nëmmen en ephemèrë Moment, mee trotzdeem gi mir eng Relatioun an. Frëndschaft oder Partnerschaft sinn aner Forme vu Bezéiung. E Liewen ass fir mech gemaach aus Bezéiungen. Mir sinn alleguer als Mënschen am Bezéiungsgeflecht.“

Paschtouer a promovéierten Theolog

1994, am Alter vun eenanzwanzeg Joer, erlieft de Paul Galles déi dramatesch Aarmut vun de Favelas a Brasilien. D’Seriositéit vum materielle Mangel trëfft de jonke Mann staark, se ass fir en Europäer kaum virstellbar. Hien erlieft awer och, wéi d’Kierch sech mat der uerger Situatioun vun de Leit befaasst an den Aarmen hëlleft. „Et ass e Schlësselerliefnis, dat mech esou staark gepräägt huet, dass ech dat och wollt maachen. Ech sinn an d’Kierch gaangen a schliisslech Paschtouer ginn“, erzielt de Paul Galles. Seng Perspektiv op dee Beruff, dee méi eng Vocatioun ass, ass déi, dass de Paschtouer ëmmer e Symbol, eng Representatioun vun engem Hoffnungsprinzip ass. Wann de Paschtouer geruff géif ginn – egal ob a schwéieren oder a gudden Zäiten –, wär nach ëmmer eng Dimensioun méi am Spill. Dës transzendent Dimensioun ze materialiséieren, se duerch Präsenz, Symboler a Geste manifest eriwwerzebréngen, ass fir de Paul Galles déi zentral Aufgab vum Paschtouer.

Niewent senger berufflecher Roll als Paschtouer zu Roum an zu Esch-Uelzecht, déi hie vun 1999 un immens gären exerzéiert, well se esou mat Energie, mat Schéinem opgelueden ass, fuerscht de Paul Galles un enger theologescher Dokteraarbecht, déi e schliisslech 2010 zu Roum ofschléisst. Am Kontext vu senge Fuerschungen hat hien d’Chance, sech ausféierlech mat Philosophie ze beschäftegen. Dat erkläert seng Siicht op de Mënsch, deen hien als grouss Fro definéiert: „Wee sinn ech, wou sinn ech, wat maachen ech hei?“ D’Stäerkt an d’Wichtegkeet vun de Froe begräift de Paul Galles als weideren zentralen Aspekt vun der mënschlecher Existenz.

D’Theologie géif sech dozou wéi eng alternativ Dimensioun verhalen, déi déi ganz Gedanken- a Froewelt op en aneren Niveau hieft. Aus theologescher Perspektiv wär de Mënsch an eppes vill méi Grousses agebonnen, fir dass en net méi all d’Äntwerte misst hunn. A wann et eng Äntwert géif ginn, da wär se Gott, an esou eng Äntwert misst net verstane ginn, se wär net ze gräifen oder ze beherrschen, mee awer ze spieren. „Et geet dorëm, Vertrauen opzebauen. Theologie ass net eng intellektuell Äntwert, mee eng Inspiratioun, fir an der Welt vun de grousse Froen et aneschters unzepaken“, seet de Paul Galles. Ech verstinn – och hei geet et ëm Bezéiung, dës Kéier ëm de Mënsch a seng Bezéiung zu Gott.

D’Enn vum Zölibat an eng nei Aufgab bei der Caritas

D’Joer 2010 ass net nëmme wéinst dem Ofschloss vun der Dokteraarbecht eng kloer Zäsur. De Paul Galles verléift sech a well et him als Paschtouer net méiglech ass, déi Léift auszeliewen, entscheet hien sech dozou, dee Beruff, deen hien esou gären hat, un den Nol ze hänken. Et ass keng einfach Decisioun, mee en ënnerleche Kampf, dee bal e Joer dauert.

Eng Zäsur bedeit net, alles ze vergiessen, wat virdrunner war. Fir de Paul Galles ass et entscheedend, seng Wäerter, seng Iwwerzeegungen, déi hien sech ugëeegent hat, ze behalen a se, wéi hien et nennt, an eng nei Form ze géissen. Dat ass him bei der Caritas gelongen, wou et seng Aufgab gouf, Young Caritas opzebauen. D’Zil war et, jonk Leit dozou ze motivéieren, sech am soziale Beräich fräiwëlleg ze engagéieren. D’Motivatioun an d’Engagement vun deene Jonken huet zum Paul Galles sengem Aufgabeberäich gehéiert, esou wéi och d’Opklärung iwwer verschidde sozial Realitéiten: Wat bedeit et, e Flüchtling, en aarme Mënsch ze sinn oder op der Strooss ze liewen? D’Projeten, déi dëse benodeelegte Leit sollten hëllefen, goufen an enker Zesummenaarbecht mat de Jugendleche realiséiert an hunn op hiren Iddie berout. De Paul Galles schwätzt vun enger Win-Win-Win-Situatioun: „Déi Jonk hunn eppes fir aner Leit gemaach, déi Leit goufe valoriséiert an d’Caritas huet hiren Optrag erfëllt, d’Gesellschaft méi gerecht ze maachen.“

De Paschtouer am Politiker – en „Aussenseiter“?

Zënter 2016 ass de Paul Galles Member vun der CSV; d’Kapitel Caritas goung 2019 op en Enn. Bis elo hat an huet hien eng ganz Rei vu verschiddenen Ämter a Funktiounen an senger Partei, dorënner Generalsekretär (2019-2020), Vizepresident (2021-2023), Deputéierten (säit 2018) a Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg (säit 2023). Als konkreete Grond fir säi Wee an d’Politik gëtt hien déi kontinuéierlech Konfrontatioun mat der Aarmut un, déi hien op all senge Liewensstatiounen ëmmer erëm erlieft huet – och hei zu Lëtzebuerg wärend senger Zäit bei der Caritas. Säi Resumé: „Als Caritas konnte mir eng Plooschter op déi existenziell Nout pechen, mee mir konnten de System net änneren. Dat war mäi Grond, fir an d’Politik ze goen.“

De Paul Galles gesäit e weesentleche Lien tëschent sengem Liewen als Paschtouer an elo als Politiker: „Ech huelen d’Energie, un déi ech gleewen, nämlech déi vun der Léift, an ech probéieren, se als Ausdrock vun der Gerechtegkeet an der Politik ze liewen. Fir mech ass de Grondprinzip vun der Politik Gerechtegkeet.“ Dobäi begräift hien sech guer net als gebuerene Politiker, deen taktesch virgeet, mee éischter am gudde Sënn als Chaot mat vulkanescher Energie a villen Emotiounen, déi net onbedéngt mat engem rigiden, reegelbaséierte Muechtsystem wéi der Politik kompatibel sinn. „Ech scheitere reegelméisseg un de Systemer wéinst menger Energie. Vu mengem Wiesen hier passen ech net an de System ‚Politik‘.“

E Bléck op d’Kooperatiounspolitik

Entwécklungszesummenaarbecht spillt scho laang eng elementar Roll am Paul Galles sengem (politeschen) Liewen – ugefaange bei sengem Openthalt 1994 a Brasilien, wou hie bei engem Kannerheem-Projet matgehollef huet. Wëssenschaftlech gräift de Paul Galles dëse Sujet an de Joren 2010-2011 op, andeems hien, deels am Fernstudium, e Certificat am Beräich „nohalteg Entwécklungszesummenaarbecht“ zu Kaiserslautern mécht. Haut ass hie fir dëse Beräich Spriecher vun der CSV-Fraktioun an der Chamber. Dofir ass et him wichteg, net vun Entwécklungshëllef, mee vu Kooperatioun oder Zesummenaarbecht ze schwätzen. Nëmmen esou wär eng paternalistesch – heiansdo esouguer liicht kolonialistesch – Vue op de Sujet ze iwwerwannen. Et ass evident, dass d’Theema Bezéiung hei nees eng wichteg Roll spillt; Zesummenaarbecht oder Kooperatioun steet fir eng nohalteg Begéinung vun den eenzelne Parteien op Aenhéicht.

Mat der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik ass de Paul Galles insgesamt zimmlech zefridden. De Groussherzogtum géif finanziell vill investéieren, nämlech 1% vum RNB (Revenu national brut) an hätt mat der LuxDev (Luxembourg Development Agency) eng staark staatlech Agentur mat gudde Strategien. Ausserdeem hätt Lëtzebuerg eng grouss Unzuel vun ONGen, déi eng wierklech gutt Aarbecht géife leeschten. Eppes géif de Paul Galles awer aneschters maachen, nämlech an der Kooperatiounspolitik e Schwéierpunkt formell op d’Educatioun leeën – dofir hätt hien an der leschter Kooperatiounsdebatt och staark plädéiert: „Aus menger Erfarung als Stater Schäffe fir Kanner a Jonker gesinn ech, wéi onheemlech kruzial et ass, dass een de Kanner eng Educatioun mat op de Wee gëtt, déi hinnen hëlleft, hiert Liewen an dat vun der Communautéit zu gestalten.“

En Artikel vum Heng Barone

© VDL

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.