Placeholder Dummy template

Ouni Subventioune misste vill Bauerebetriber zoumaachen

D’Agrikultur ass e Beräich, deen immens staark subventionéiert gëtt. Firwat ass dat esou a wéi gesinn dës Subventiounen eigentlech aus?

D’Agrikultur ass e Beräich, deen zu Lëtzebuerg an an Europa immens staark subventionéiert gëtt. Firwat ass dat esou a wéi gesinn dës Subventiounen eigentlech aus?

Allgemeng kann ee festhalen, datt Subventiounen aus ëffentleche Mëttelen dofir geduecht sinn, fir eng bestëmmte Produktioun ze erhalen, déi sech ouni des Finanzsprëtz deels net rentéiere géif. Dat trëfft ganz besonnesch op d’Landwirtschaft zou, wou vill Betriber sech ouni dës Mëttelen net kéinten iwwer Waasser halen an hir Aktivitéiten net kéinte wéi gewinnt weiderféieren.

Subventiounen – och Fërdermëttele genannt – stamen aus ëffentleche Suen. Dës ginn a Form vu Steieren erhuewen an dann nei verdeelt. Déi europäesch Landwirtschaft gëtt vun der GAP, der gemeinsamer Agrarpolitik, subventionéiert. Och Lëtzebuerg ënnersteet der GAP an eis Landwirtschaft kritt an der aktueller GAP-Period, déi vun 2023 bis 2027 leeft, pro Joer 110 Milliounen Euro u Subventiounen aus dem EU-Dëppen. Mat dëse Sue ginn niewent den direkte Mëttele fir d’Baueren och Sue fir d’Fërderung vum ländleche Raum a fir Programmer wéi beispillsweis dee vum Schouluebst fir Schüler fräigesat.

Wat sinn d’Virdeeler a wat soen d’Kritiker? 

D’Ausbezuele vun ëffentleche Gelder sollt méi staark u Bedéngungen a Leeschtunge geknëppt ginn, fannen d’Kritiker. Si wënschen sech, datt e Bauer, dee bestëmmten ekologesch Reegele respektéiert och sollt méi subventionéiert ginn, well e jo der Ëffentlechkeet domadder eppes Guddes deet.

Mat der aktueller GAP sinn d’Bauere scho méi u sou Bedéngunge gebonnen, och wann dat munche Kritiker nach net wäit genuch geet. Dozou gehéiert zum Beispill, datt mindestens véier Prozent vum Feld fir Broochland musse fräigehal ginn. Eng weider Virgab ass et, datt d’Kulturzorten op enger Fläch méi dacks musse gewiesselt ginn, fir Monokulturen ze reduzéieren. En plus ass ee Véierel vun den direkte Finanzmëttelen un d’Erfëllung vun den Öko-Reegelunge gebonnen. Wann e Betrib sech dës Subventioune séchere wëll, da muss en dofir Leeschtunge fir Ëmwelt- a Klimaschutz oder d’Biodiversitéit erbréngen, déi iwwer déi allgemeng Oploe vun Ëmwelt- a Klimaschutz erausginn.

Wat géif da geschéien, wann d’Landwirtschaft net subventionéiert wär? 

Ouni Subventioune géif de Baueren am Duerchschnëtt ronn d’Hallschent vun hirem Akommes feelen. Vill Betriber – déi meescht Bauerenhäff zu Lëtzebuerg sinn och haut nach ëmmer Familljebetriber – missten dann hir Dieren endgülteg zoumaachen. Ouni d’Subventioune missten d’Bauerebetriber zu Lëtzebuerg an an Europa hir Produktioun massiv erhéijen, fir weiderhi kënnen op de weltwäiten Agrarmäert kompetitiv ze bleiwen. An dat géif dann op d’Käschte vum Déierewuel an Ëmweltschutz goen. Géifen d’Baueren hir Produktioun net massiv erhéijen an d’Déierewuel weiderhi respektéieren, da géifen am Fall vum Ewechfale vun de Subventiounen d’Liewensmëttelpräisser staark klammen. Dat géif da besonnesch déi Leit haart treffen, déi wéineg Akommes hunn. Fir de Präishaussen an dësem Zenario entgéintzewierken, missten hei zu Lëtzebuerg vill méi Liewensmëttel aus dem Ausland – och aus dem Net-EU-Ausland – importéiert ginn. Eis Baueren hätten dovunner net vill a mir alleguer hätten nëmme wéineg Afloss op d’Produktiounsstandarde vun deene Produiten aus dem Ausland. An dat kéint sech dann erëm negativ op d’Wuelbefanne vun den Déieren an de Respekt vum Ëmweltschutz auswierken.

Fir deem entgéintzewierken, ass 1962 déi gemeinsam EU-Agrarpolitik an d’Liewe geruff ginn. GAP steet fir Gemeinsam EU-Agrarpolitik an ass eng Partnerschaft tëschent der Landwirtschaft an der Gesellschaft, tëschent Europa an de Baueren. Déi finanziell Mëttele stamen aus dem gemeinsamen EU-Haushalt a stinn de Memberstaaten zur Verfügung. Follgend Ziler ginn ugepeilt: D’Bauere sollen domat ënnerstëtzt an d’Produktivitéit an der Landwirtschaft verbessert ginn, fir eng geséchert Versuergung mat bezuelbare Liewensmëttel ze garantéieren. Dobäi sollen d’Baueren en adequat Akommes kréien. Doniewent soll d’GAP zur Bekämpfung vum Klimawandel an zum nohaltege Bewirtschafte vun den natierleche Ressourcë bäidroen. Fir déi europäesch Landwirtschaft op d’Zukunft auszeriichten, muss d’GAP sech am Laf vun de Joren un de Wandel vun de wirtschaftleche Realitéiten an d’Bedierfnesser vun de Bierger upassen. Dofir gëtt d’GAP all puer Joer erëm nei verhandelt. Aktuell gëllt d’GAP 2023-2027, déi den 1. Januar 2023 a Kraaft getrueden ass. 

Zu Lëtzebuerg huet déi aktuell GAP missen an eng national Strategie ëmgesat ginn, fir kënnen ze gräifen. Dofir huet missen am Virfeld an der Chamber iwwer dat neit Agrargesetz ofgestëmmt ginn. Ëmmer erëm huet eis heemesch Landwirtschaft sech awer queeschgestallt, bis d’Gesetz konnt gestëmmt ginn. Och d’Landwirtschaftskummer huet net mat Kritik gespuert. Sou ass d’Kummer mat munche Moossnamen net averstanen. Déi national Strategie géif dem eigentlechen Zil vun der Landwirtschaft net entspriechen, nämlech gesond Liewensmëttel an enger zefriddestellender Quantitéit ze produzéieren. Och kéinte vill Betriber net vun den Erträg vun hirer Produktioun liewen. Trotz GAP, déi de Baueren e stabilt Akommes garantéiere soll, mussen all Joer zu Lëtzebuerg e puer Bauerebetriber hir Dieren zoumaachen.

Wéi vill huet den eenzele Bauer dann zegutt?

Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell ronn 1.800 landwirtschaftlech Betriber. Am Duerchschnëtt huet e Betrib zu Lëtzebuerg 70 Hektar Land. Dobäi hunn 164 Betriber manner wéi 2 Hektar an 197 Betriber méi wéi 150 Hektar Agrarfläch. D’Politik zu Lëtzebuerg wëll – wéi se seet – virun allem de klengen a mëttlere Familljebetriber ënner d’Äerm gräifen. Mee dat geléngt hir net wierklech. An engem gemeinsame Communiqué vu Greenpeace Lëtzebuerg, dem Mouvement écologique an natur&ëmwelt kritiséieren d’Verbänn, datt Millioune vu Fërdergelder net richteg investéiert géife ginn an de klenge Familljebetriber méi géife schuede wéi nëtzen.

Säit 2014 sinn iwwer 450 Milliarden Euro un EU-Subventiounen an d’Landwirtschaft investéiert ginn, dat ass iwwer een Drëttel vum gesamten EU-Haushalt an deem Zäitraum. Dovunner si vun 2014 bis 2021 am Kader vun der aler GAP 600 Milliounen Euro u Lëtzebuerg gefloss. Vun dëse Subventioune profitéieren awer virun allem grouss Bauerebetriber an Entreprisen an net déi kleng a mëttelgrouss Familljebetriber, schreift Reporter.lu a verweist op eng grenziwwerschreidend Recherche, déi si zesumme mat anere Medien duerchgefouert hunn. Dës Recherche huet erginn, datt et bei den europawäit 17 Milliounen Empfänger vun de GAP-Subsiden enorm Diskrepanze ginn.

Deemno kritt eng kleng Unzuel vun Empfänger dee gréissten Deel vum Subside-Kuch, sou d’Analys vu Reporter.lu. Och Acteuren, déi eigentlech näischt mat der Landwirtschaft um Hutt hunn, kréie grouss Zommen aus dem EU-Dëppen. An Däitschland sinn dat beispillsweis de Chemiekonzern BASF an den Energieris RWE, a Polen d’kathoulesch Kierch. Zu Lëtzebuerg wär d’Diskrepanz tëschent den Empfänger awer manner ausgepräägt. Ronn 60 vun de 600 Millioune fir Lëtzebuerg sinn u just ee Prozent vun de landwirtschaftleche Betriber gaang. Dës 38 Betriber hunn iwwer déi 8 Joer am Schnëtt jeeweils 1,6 Milliounen Euro kritt. Dobäi läit den Duerchschnëtt vun de Subsidë bei allen Acteuren zu Lëtzebuerg bei 160.000 Euro op déi 8 Joer. A 15 Prozent vun alle Betriber kréien iwwer d’Hallschent vun alle Subsiden, sou Reporter.lu.

Déi meeschte Subsiden iwwer 8 Joer (2014 bis 2021) hei zu Lëtzebuerg kritt mat knapp 3,5 Milliounen AgriCol SC vun Ell. Direkt hannendru kënnt op d’Plaz Nummer 2 LEADER Miselerland an d’Fédération des associations viticoles vu Gréiwemaacher mat 3,2 Milliounen Euro. Op déi drëtt Plaz kënnt d’Firma Grosbusch SA vu Munneref.

D’Basisprimm, déi d’Baueren a Form vun direkte Finanzmëttele kréien, ass ofhängeg vun der Fläch vun hirem Feld, hire Gréngflächen oder Uebstgäert. 2021 loung d’Duerchschnëttsprimm bei 182 Euro pro Hektar. Wat e Betrib méi grouss ass, wat en also och méi Subsidë kritt. Sou hunn déi gréissten 10 Prozent vun de Betriber tëschent 2016 an 2021 zesumme 44 Milliounen Euro kritt, eleng deen ieweschte Prozent iwwer 10 Milliounen Euro. Dorauser ergëtt sech, datt dës Betriber am Duerchschnëtt iwwer 300.000 Euro fir déi 6 Joer kruten. Den Duerchschnëtt vun alle Bauere loung awer bei just 36.000 Euro fir dës Period. Dat sinn ëmgerechent mol keng 500 Euro de Mount.

Jee no Gréisst vum Betrib leien d’Subventiounen zu Lëtzebuerg tëschent 110 a 400 Euro pro Hektar. Mat der aktueller GAP, déi säit 2023 gëllt, sollen dës Ënnerscheeder bis 2027 minimiséiert ginn, zum Virdeel fir déi mëttelgrouss Betriber. Dofir ass d’lescht Joer déi sougenannt Ëmverdeelungsprimm agefouert ginn. Dës Primm soll d’Betriber bis zu enger Gréisst vu 70 Hektar zousätzlech fërderen. Ob domadder d’Opdeelung vun de Subventioune méi gerecht gëtt, bleift also ofzewaarden.

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.