Et gëtt ee vernannt, ugejaut an heiansdo esouguer aggresséiert: Wien als Arbitter um Terrain steet, deen huet et net ëmmer einfach, well all Decisioun ass deem enge seng Freed an deem anere säi Leed. Ma trotz Kritik vun der Tribün oder vun de Spiller huet dee mam Fändel an dee mat der Päif awer och eng super spannend Roll, well als Schidsriichter erlieft een d’Welt vum Fussball nach emol op eng ganz aner Manéier.
Vun Hesper géint Jeunesse Esch bis U21 Finnland géint Aserbaidschan oder Liechtenstein géint Zypern – zanter iwwer zwielef Joer steet de Jérémy Muller als Arbitter um Fussballsterrain a päift säit dräi Joer och op internationalem Niveau. Dass seng Roll heefeg eng ondankbar ass, ass dem Jérémy bewosst, well Schidsriichter sinn, heescht ausdeelen, ma och astieche kënnen. „Meeschtens gëtt gesot, dass d’Arbitteren déi sinn, déi hir eege Sportaart net kënnen, mee dat ass awer definitiv net wouer“, start den 27-Järegen an den Interview. Als jonke Bouf huet hie selwer am Gol gespillt, bis eng Handgelenksverletzung hien zu enger Paus gezwongen huet. E Joer, éier dëst geschitt ass, hat de Jérémy schonn d’Jugendekipp vu sengem Brudder gepaff a war hei op vill Zousproch vun de Spectateure gestouss.
Mat 15 huet hien dowéinst ugefaangen, reegelméisseg de Cycle inférieur ze päifen an ass an d’Coursë vun der École nationale de l’éducation physique et des sports (ENEPS) gaangen, fir Fitnesstester ze maachen an d’Reegele vum Spill ze léieren. E Mentor huet hien duerch säin éischte Match als offiziellen Arbitter begleet an him Feedback fir d’Zukunft ginn. „Ech krut vun Ufank u relativ vill Zoustëmmung fir d’Aart a Weis, wéi ech päifen. Meng Karriär ass doduerch och relativ steil eropgaangen“. Wärend hien ufangs nach Leit aus sengem Alter, dorënner och Schoulkolleegen, gepaff huet, duerft de Jérémy mat 17 schonn Arbitter bei den Hären aus der zweeter Divisioun sinn. Mat 19 stoung hien dunn an der éischter Divisioun um Terrain an no engem Joer goung et fir hien an d’Éierepromotioun. „Mat 22 hat ech du mäin Debut an der éischter Liga als Talent“, erënnert sech de Jérémy. Fir hie war den Alain Hamer, e bekannte Lëtzebuerger Schidsriichter, deen ugangs bis Mëtt der 2000er-Joren ënner anerem an der Champions League Matcher gepaff huet, eng Motivatioun, fir och selwer wëllen international opzetrieden. Och fir de Claude Ries war den eemolegen Arbitter e grousst Virbild. Vun der Kandheet bis an d’Jugend huet de Claude selwer Fussball gespillt. Wéi seng Notten am Lycée awer ugefaangen hunn, méi schlecht ze ginn, hunn seng Elteren d’Brems beim Sport gezunn. „Fir mech war dat relativ schwéier ze akzeptéieren, well ech ëmmer immens ambitionéiert war an och e gewëssent Talent hat. Als klenge Lëtzebuerger ass et awer schwéier, als Spiller op internationalem Niveau ze bestoen, als Arbitter par contre kann een do e flotte Parcours maan“, erënnert sech den haut 30-Järegen. Hie wier ni komplett vum Fussball lasskomm, dofir wier den Arbitrage fir hien déi ideal Alternativ gewiescht, fir a senger Sportaart eppes ze erreechen.
„Ech hunn am Ufank d’Jugend gepaff a spéider dunn ab und zu als Linieriichter déi méi héich Divisiounen an der Éierepromotioun“, esou de Claude. Genee wéi de Jérémy krut hien no de Matcher ëmmer gutt Retouren an ass 2016 an déi international Fussballswelt eragerutscht. „Ech hat d’Chance, dass deemools véier FIFA-Linieriichter mateneen opgehalen hunn, a wéi dunn eng Plaz opgaangen ass, meng Notten um Terrain gutt genuch waren, esou dass ech konnt noréckelen. Vu dass ech dee Moment op der Uni war, hat ech vill Fräizäit a konnt esou reegelméisseg mat an d’Ausland päife goen.“ Wéinst sengem Choix, bei der FIFA als Linieriichter unzetrieden, dat heescht ee vun deenen zwee Assistenzarbitter ze sinn, déi op der Säitelinn mam Fändel stinn an iwwer Abseits oder Awërf decidéieren, dierf de Claude zu Lëtzebuerg just nach bis d’zweet Liga päifen.
„Eigentlech ass een entweder Haaptarbitter oder Linieriichter, mee vu dass mir zu Lëtzebuerg net genuch Leit hunn, maache mir hei déi zwee“, erkläert de Schidsriichter. Via Headset deelt hien dem Haaptarbitter bei Matcher säin Avis mat, deen dësen da validéiert oder net unhëlt. Ma obschonn et net d’Linieriichter sinn, déi d’Enddecisiounen huelen, sinn et awer si, déi déi meeschte Kritik um Terrain ofkréien. „Mir sinn halt déi, déi den Zuschauer am nooste stinn“, seet de Claude. Iwwer d’Jore géif een eng déck Haut entwéckelen an iwwer de Remarke vun der Tribün stoen – wann allerdéngs e ganze Stadion een auspäift, wier dat trotzdeem kee schéint Gefill.
Mee, esou de Jérémy: „Et mécht een et souwisou ni engem gerecht. Mir liewen och net vu Luef, mee dovun, onopfälleg duerch de Match ze kommen an den Dag derno net an der Press ze stoen. Dann hu mir alles richteg gemaach.“ Als Arbitter misst ee kënnen onpopulär Entscheedungen huelen, dëst ënner Zäitdrock an opgrond vun deem, wat een um Terrain gesäit – natierlech ëmmer entspriechend de gëllende Reegelen.
Et misst een éiergäizeg sinn, selbstkritesch, ma och charakterstaark, an dëst net nëmmen, wat de Retour vu baussen ugeet. „Wann een eng Entscheedung an de Sand gesat huet, muss een sech neess mental zerécksetze kënne fir den nächste Match, ouni sech dowéinst fäerdegzemaachen“, erkläert de 27-Järegen.
A méi wéi 600 Matcher huet hie scho villes ze héiere kritt an och schonn zweemol e Match missen ofbriechen, well den Niveau vun de Beleidegungen ënnert d’Gürtellinn gaangen ass an d’Schidsriichter carrement vu Leit aus dem Public ugespaut goufen. „D’Leit hunn heiansdo keng Hemmschwell a verkafen hiert Verhalen da gär als Emotiounen, mee fir mech gëtt et fir alles eng Limite“, fënnt de Jérémy. Dëst kann och de Claude nëmmen ënnerschreiwen: „De Moment, éier d’Leit austicken, ass säit Corona vill méi kuerz ginn. Virun der Pandemie war d’Zündschnouer méi laang, mee elo mierkt ee besonnesch zum Schluss vun der Saison, dass Vereenzelter schnell um héije Päerd sëtzen.“ Et géif een den Drock esouwuel bei de Spectateure wéi och bei de Spiller spieren, ma nawell wier dëst keng Excuse fir lamentabelt Verhalen.
„D’Leit ënnerschätzen oft, wéi vill mir an eis Aarbecht um Terrain stiechen. Mir maachen zu Lëtzebuerg déi selwecht Tester wéi Arbitteren, déi eng WM päifen an dobäi maachen si dat Ganzt professionell – mir par contre hunn nach eis Stonnen an der Woch ze schaffen a päife just niewelaanscht“, erkläert de Linieriichter. Et misst een ëmmer esou vill Prozent vun der Saison fir d’Federatioun disponibel sinn, seng Vakanzen no de Matcher riichten a minimum zeng Deeg am Virfeld Bescheed soen, wann een emol eng Kéier net arbitréiere kann. Den Zäitopwand wier enorm, well als Arbitter muss ee schonn annerhallef Stonn virum Match untrieden a bleift duerno meeschtens och nach mindestens esou laang op der Plaz. „Donieft trainéiere mir dräi bis véier Mol d’Woch, dovun eemol um Institut national des sports (INS) zesumme mat der Federatioun, ginn op Versammlungen a maache Videoanalysen. Vill Arbittere päifen och méi wéi ee Match pro Weekend, et muss een also wierklech engagéiert sinn“, esou de Jérémy.
Fir béid Interviewpartner ass et nieft der Passioun fir de Fussball awer virun allem déi eege positiv Entwécklung, déi d’Arbitter-Sinn esou flott an den Opwand dorëms derwäert mécht. „Virdru war ech vill méi introvertéiert, mee dat Ganzt huet mech immens weiderbruecht, esouwuel privat ewéi och berufflech“, seet de Jérémy. De Claude gesäit et änlech: „Arbitrage ass eng Schoul fir d’Liewen. Et hëlleft engem, méi selbstbewosst ze ginn, sech ze verbesseren an och emol Kritik anzestiechen, an et ass een einfach Deel vun der grousser Fussball-Famill.“ Zwar géif hien sech mat Momenter froen, firwat en sech undeet, déi ganz Woch haart ze schaffen an sech ze preparéieren, fir da Sonndes „90 Minutte laang vernannt ze ginn“, ma déi schéi Momenter géifen awer definitiv iwwerweien.
Duerch de Fussball hätt hien notamment scho vill flott Plazen an interessant Leit kenne geléiert, déi d’Arbitter-Sinn nach eng Kéier op e ganz aneren Niveau hiewen. „Mäin Highlight bis elo war e Match an der Champions League vu Celtic Glasgow viru 60.000 Leit, dat war schonn de Wansinn“, erënnert sech de Claude. Och hätt hie schonn d’Méiglechkeet kritt, mat Gréisste wéi dem Didier Drogba um Terrain ze stoen an esou déi Spiller vun Noem ze gesinn, déi ee soss just vun der Tëlee kennt. „Déi international Deplacementer sinn natierlech vill méi professionell organiséiert an encadréiert, wéi wann een hei am Land e Match päift. Oft gëtt ee vum Flughafen ofgeholl an an den Hotel oder op d’Traininge gefouert, heiansdo souguer mat Police-Eskort“, erkläert de Claude.
Och de Jérémy ass zanter sengem 24. Liewensjoer als Schidsriichter an der éischter Liga confirméiert a schafft säitdeem drop hin, international ze ginn. „Et gëtt e Programm vun der Uefa, den FA Centre of Refereeing Excellence, och CORE genannt, un deem ech aktuell deelhuelen. Hei ginn esouwuel Fitnesstester a Kierperanalyse gemaach wéi och de Stil vun Arbitrage analyséiert, Videoanalyse gemaach, et kritt ee Coachingen an en Trainingsprogramm fir sechs Méint, wärend deem ee fënnef bis sechs Mol pro Woch Training huet a Feedback kritt. Dat Ganzt ass quasi e Rundum-Package“, erkläert den Arbitter. E bëssen Erfarung op internationalem Niveau konnt hien awer scho virdru sammelen: „Ech war iwwer déi lescht dräi Joer scho bei zéng oder eelef internationale Matcher mat dobäi, een dovun – an ech mengen, dat war mäi coolstent Erliefnis bis elo – war an Holland bei der Europa Conference League an der Gruppephas, wou een als Lëtzebuerger éischter seelen hikënnt.“
Fir Matcher am Ausland hätt ee generell en CDD, seet och de Claude, well et misst ee konstant eng extreem héich Leeschtung bréngen a mam Alter géifen dann och déi entspriechend Bobboen ufänken. Bis dohin ass et awer nach hoffentlech e gudde Strapp a vun deem wëlle béid Arbitteren esou gutt et geet profitéieren. Dass Arbitter-Sinn och 2022 nach ëmmer e relativ onpopuläeren Hobby ass, kënnen de Claude an de Jérémy zwar deels verstoen, mee eppes wéilten si de Leit dobaussen awer ze bedenke ginn, nämlech: „Ouni Arbitter gëtt et och kee Match!“
En Artikel vum Laura Tomassini