Op eemol behënnert

Wéi verännert sech d’Liewen no engem Verkéiersaccident fir déi betraffe Persoun?

Placeholder Dummy template

Eng Behënnerung muss net onbedéngt vu Gebuert aus bestoen. Duerch en Akkzident kann e vun haut op muer ebeemol selwer vun dëser Thematik betraff sinn. Hei en Temoignage vun enger jonker betraffener Persoun.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Am Januar 2018 gouf ech, wéi ech mam Vëlo ënnerwee war, vun engem Mann, deen ze vill gedronk hat, ugestouss. Beim Zesummestouss gouf ech op menger lénker Säit schwéier blesséiert a konnt mäi lénken Aarm net méi beweegen. Ech gouf an d’Klinick bruecht, wou se mech an e kënschtleche Koma geluecht hunn.

Ech erënnere mech net drun, wat passéiert ass éier ech wakereg gi sinn, an dat ass warscheinlech och besser esou. Ech vermeiden domat eng posttraumatesch Belaaschtungsstéierung.

Nodeems ech aus dem Koma erwächt war, sinn ech mat de Folge vum Accident konfrontéiert ginn. Well ech op der Intensivstatioun louch an nach ënner dem Afloss vu Medikamenter stoung, hat ech Schwieregkeeten, fir ze begräifen, wat mat mir geschitt war. Mee eppes war sécher: Ech hunn e groussen Drang verspuert, erëm an d’Schoul ze goen! Wat ech net wosst, war, datt ech als éischt hu musse léieren, mat engem Handicap ze liewen, éier ech erëm zeréck an d’Schoul konnt.

Ech hat Angscht an ech wosst net wierklech, wéi et sollt weidergoen, awer duerch d’Hëllef an d’Ënnerstëtzung vu menger Famill a menge Kolleege sinn ech net ënnergaangen an hunn net opginn.

Enn Februar sinn ech dunn an de Rehazenter verluecht ginn an hat vun deem Dag u stonneweis Krankegymnastik an Ergotherapie. No an no hunn ech en etlech Handgrëffer, déi u meng Behënnerung adaptéiert sinn, geléiert: wäschen, undoen, kachen asw. Ech sinn dankbar, datt ech deemools an de Rehazenter konnt goen.

Werfen ech haut awer e Bléck zeréck, sinn ech der Meenung, datt ech nom Verloosse vum Rehazenter a bei mengem Retour an d’Schoul eréischt wierklech geléiert hunn, mäin deeglecht Liewen u meng Behënnerung unzepassen. Am Rehazenter gëtt alles gemaach, fir engem d’Liewen ze erliichteren. Doheem hunn ech awer keen, dee mir hëlleft, fir zum Beispill eng Këscht ze droen. Dat huet mech derzou gezwongen, iwwer Aufgaben nozedenken, déi ech mat just engem Aarm net erleedegt kréien. All technesch Hëllef ass wëllkomm, virun allem beim Kachen, an et ass keng Schan, materiell Hëllef an Usproch ze huelen. An ech muss zouginn, ech iergere meng Bridder gär, andeem ech se ëm Hëllef froen.

Am Lycée war et d’selwecht. Wéi hält een e Blat Pabeier u wärend een drop schreift? Mat enger rutschfester Ënnerlag!

Geleeëntlech konnt ech och op d’Hëllef vu menge Professeren zielen, déi mir emol de Lineal festgehalen hunn, wann ech en Diagramm gezeechent hunn. Duerch all des Hëllefen hunn ech meng Première gepackt, an dat mat der Mentioun „trés bien“! Ech hat e gewësse Stolz a gläichzäiteg war et fir mech eng kleng Revanche um Liewen – datt ech trotz mengem Accident an dem Handicap, dee bliwwen ass, weidergekämpft hunn, fir meng Ziler ze erreechen. Et war schwéier, mee opgi war fir mech keng akzeptabel Optioun!

Hautdesdaags féieren ech bal e ganz normaalt Liewen, ech studéieren zu Stroossbuerg op der Uni a kann och erëm Sport maachen. All Dag begéinen ech Aufgaben, déi ech eigentlech net méi soll maachen, mee mat der Ënnerstëtzung vun techneschen Hëllefsmëttelen an e wéineg Matdenken hunn ech ëmmer eng Léisung fonnt.

An obwuel ech mat enger Behënnerung liewen, weess ech haut, datt och ech d’Recht op en normaalt Liewen hunn.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.