Online Iessen bestellen?

Oder vläicht awer Chineesesch?

Placeholder Dummy template

Dat ass en typescht Gespréich, dat jiddwereen, dee schonn eng Kéier bei engem Restaurant eppes bestelle wollt, schonn héieren huet. Et sinn ëmmer déi selwecht Hürden déi ee muss meeschteren. Et weess een net ob de Restaurant bis bei een Heem liwwert, wat alles ob der Kaart steet oder wéi vill een op d’mannst bestelle muss.

Dat Ganzt ass awer an deene leschte Joren e bësse méi einfach ginn. A virun allem an der Krisenzäit, ënner där den Horescaberäich schwéier gelidden huet, hunn Online Bestellservicer geboomt. Mir probéieren Iech dofir e klengen Iwwerbléck ze verschafen:

Takeaway.com ass mat grousser Warscheinlechkeet d’Zuchpäerd vun der Branche. Wéi den dot com et schonn e bësse verréit, ass dës Säit net exklusiv zu Lëtzebuerg aktiv. Europawäit an 10 verschiddene Länner an zudeem och nach an Israel. Dëst ass natierlech net vun haut op muer opgebaut gewiescht, mee huet schonn am Joer 2000 an Holland ugefaang, wou den CEO Jitse Groen den éischte Site mam Numm thuisbezorgd.nl lancéiert huet. Dëst heescht op Lëtzebuergesch esouvill wéi bis Heem geliwwert an erkläert domat och direkt d‘Zil vum Internetsite. Am Prinzip bitt dëse Site de Restauranten déi néideg Infrastruktur fir hir Menüen ze presentéieren an och d‘Ofwécklung vun der Bestellung kënnen duerchzeféieren.

De grousse Virdeel vun dësem, an och bal all deenen anere Sitten ass natierlech, datt een direkt am Ufank seng Postleitzuel ugëtt an op ee Bléck gesäit, wéi eng Restauranten iwwerhaapt bis bei een heem liwweren.

Eng weider ganz bekannte Säit, déi och als Applikatioun ze fannen ass, ass MiamMiam. Hei spréngt virun allem den einfachen Numm an d‘A, deen och liicht ze verhalen ass. Dernieft bitt MiamMiam e System fir trei Clienten un mat sougenannten Miam Points. Wärend 6 Méint huet een Zäit, 10 dëser Punkten ze sammelen. Wann een dat gepackt huet, kritt een eng Reduktioun ob déi nächst Bestellung.

Dëse System kennt een aus der Vergaangenheet schonn aus ville Kebabhaiser. Heimat motivéiert ee Clienten, eventuell als éischt emol hir Applikatioun ze benotzen.

Ee weidere Virdeel, dee bal all Internetsite huet, ass, datt ee meeschtens d‘Menüskaart vun de Restauranten um Site oder der Applikatioun fënnt.

Zwee weider Sitten, déi ganz änlech funktionéieren, sinn wedely an foostix. Hei ass d’Sproochauswiel e ganz flotten Deel vun der Notzung. Sou kann een hei och op Lëtzebuergesch ëmschalten.

Ee leschte grousse Virdeel, deen an der haiteger Zäit ëmmer méi wichteg gëtt. Et muss een net onbedéngt telefonéieren. Villes kann online ausgewielt ginn a leeft esou ouni een, fir vill Leit stressegt Telefonsgespréich of.

Fir déi Leit, déi awer net ëmmer eppes wëlle geliwwert kréien, mee och gär emol selwer hanner der Kachplack stinn, an deenen awer oft déi néideg Inspiratioun feelt oder déi de Gang an den nächste Supermarché wëlle vermeiden, bidden sech mëttlerweil interessant Alternativen zum Liwweren. Hei huet een d’Méiglechkeet, ëmmer méi op Initiativen ewéi zum Beispill Hello fresh zeréckzegräifen, déi engem alles wat ee brauch, inklusiv dem Rezept fräi Haus liwweren.

Iwwer dëst Konzept schwätze mer awer emol méi spéit méi am Detail.

Elo gëtt sech emol
eng gutt Pizza bestallt!
Oder awer chineesesch?

„Pizza?“
„Nee léiwer Chineesesch!“
„Liwweren déi dann?“
„Jo ech menge schonn … ech si mir awer och net sécher“
„Mmmh, OK, hues du eng Kaart bei Hand? Oder wou fannen ech déi?“
„Nee, mee vläicht ass se op Facebook oder vläicht hunn si e Site?”
„Solle mer net awer einfach eppes kachen?“

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.