Online akafen zu Lëtzebuerg

Et war an ass, dat muss een zouginn, eng grandios Iddi vum Jeff Bezos, d‘Entreprise Amazon ze grënnen: bannent e puer Joerzéngten huet sech e Startup, deen am Ufank nëmme Bicher verdriwwen huet, zu engem weltwäiten Online-Bestellservice fir allméiglech Wueren entwéckelt. Et dierf ee spekuléieren, dass et dem Här Bezos a senger uramerikanescher Entrepreneursaart esouguer gefalen dierft, dass seng Iddi duerno a ville Länner nom Motto „If you can’t beat them, join them“ opgegraff gouf an a ville Länner Online-Shoppen entstane sinn – Konkurrenz soll jo bekanntlech d’Geschäft beliewen! Weltwäit si nom Duerchbroch vun Amazon dann och elektronesch Shoppe wéi déi sprëchwiertlech Champignonen aus dem Buedem geschoss, a Lëtzebuerg ass dobäi keng Ausnam. Fir dem amerikanesche Ris e bëssen déi elektronesch Stier ze bidden, gëtt hei am Land virun allem op lokal Produkter gesat, wéi e puer Beispiller weisen:

Déi Online-Plattform, déi zu Lëtzebuerg an de leschte Jore wuel am meeschte vu sech riede gemaach huet, ass letzshop.lu, en elektronesche Shop, deen am September 2018 fir d’éischt an d’Netz gaangen ass. Dës Initiativ, vum Lëtzebuerger Wirtschaftsministère ugereegt a vun enger Rëtsch Gemenge matgedroen, ass geschaf ginn, fir de lokalen Eenzelhandel aktiv ze ënnerstëtzen an erméiglecht et dem Konsument, e gewënschte Produit séier an onkomplizéiert bei engem oder gläich e puer vun antëschent iwwer 200 Commerçanten online ze bestellen, woubäi d’Wuer entweeder geliwwert gëtt oder am respektive Geschäft kann ofgeholl ginn. D’Virdeeler leien, net anescht ewéi beim grousse Brudder Amazon, op der Hand: Um eegene Computer gesäit een direkt, ob dat Gewënschtent disponibel ass, an et gëtt een och iwwer déi viraussiichtlech Liwwerzäit informéiert. Doriwwer eraus sinn d’Produiten no Kategorie oder Uertschaft auszewielen. D’Commerçante bezuelen eng Tax vu 500 Euro fir d’ganzt Joer, dofir dierfen si op der Plattform esou vill Wueren ubidde, wéi se wëllen – eng Provisioun op d’Vente gëtt vu Letzshop net erhuewen.

Am Mäerz 2020 gouf am Kader vun der Covid-Kris zousätzlech de Site corona.letzshop.lu an d’Liewe geruff. Deen ass allerdéngs just vulnerabele Mënsche virbehalen, an dobäi och just deenen, déi absolut keng aner Méiglechkeet hunn, fir sech essentiell Liewensmëttel ze besuergen an heem liwweren ze loossen.

Fir all déi aner gëtt et fir deen Zweck luxcaddy.lu, eng Online-Plattform, déi aus dem fréiere Site epicerie.lu ervirgaangen ass an engem d’Méiglechkeet gëtt, Liewensmëttel online ze bezéien. D’Liwwerung heem ass gratis, wann ee fir eng bestëmmten Zomm bestellt, déi no der Regioun variéiert, an där ee wunnt. Mat Hëllef vun enger Delivery-Tracking-Funktioun kann ee verfollegen, wou d’Commande grad drun ass. Säit hirer Grënnung ass d’Firma Luxcaddy konstant gewuess an huet dofir schonn zweemol missten a méi grouss Lokalitéite plënneren. Aktuell gëtt si vun 20 Lëtzebuerger Produzenten mat Wuere beliwwert.

Eng besonnesch originell Variant vun Online-Shop a Form vun enger Zort elektronescher Eko-Foire bitt den Internetsite Gringgo.lu, deen am (wéi d’Bedreiwer et formuléieren) „Lëtzebuerger Wëlle Westen“, oder méi genee gesot zu Biekerech am Réidener Kanton operéiert. Déi 2017 gegrënnte Kooperativ huet sech engem Online-Commerce fir ëmweltbewosst Ubidder a Verbraucher verschriwwen a verdreift nëmme Produkter, déi eethesch a fair (dat heescht sozial gerecht) Krittären erfëllen. Ob dës Prinzippie vum Fournisseur agehale ginn, gëtt dann och genee gepréift, éier hie seng Wueren op der Gringgo-Plattform dierf ubidden. Op gringgo.lu fanne sech Entreprisen aus alle Branchen (Energie, Handwierk, Déngschtleeschtung, Kultur …), dobäi sinn niewent den externe Fournisseuren och Shoppe vertrueden, déi vu Gringgo selwer bedriwwe ginn. Am Moment ginn ëm déi 280 Produiten ugebueden, dorënner an éischter Linn gesond Iesswueren, awer och Textilien, Konschthandwierk, Bürosmaterial, Kichegeschier a villes méi. Gringgo liwwert déi bestallte Produkter heem, de Client kritt dobäi en Undeel um Liwwerporto verrechent, dee sech nom Bestellwäert a no der Liwweradress riicht.

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.