En aalt Bauerenhaus am Häerz vun Izeg. Eng flott rout Fassad, eng grouss modern Agangsdier, wou fréier emol eng Scheierpaart war, an un der Mauer eng grouss Schrëft „Andy Schleck Cycles“.
ASC ass méi ewéi nëmmen en einfache Vëlosbuttek, et ass e „Konzeptstore“. An enger flotter a gemittlecher Ambiance fënnt een zu Izeg op 3 Stäck, déi iwwer eng grouss, modern Trap verbonne sinn, eng Rëtsch Erënnerungsstécker aus dem Andy Schleck senger aktiver Zäit. Mol e Vëlo, mol e giele Maillot. Dëst tëschent enger Hellewull u Vëloen an Accessoirë vun alle Marken, egal op Coursevëlo, E-Bike oder Mountainbike. Fir déi grouss, fir déi kleng a fir all Portefeuille.
No nëmmen 10 Joer am Profisport zitt den Andy Schleck am Oktober 2014 zu Munneref op enger Pressekonferenz e Schlussstréch ënner seng kuerz an awer beandrockend Lafbunn am professionelle Vëlosport. Kuerz derno fänkt hie seng zweet Karriär un, déi vum Geschäftsmann, an erfëllt sech en Dram, dee vum eegene Vëlosbuttek.
Service gëtt groussgeschriwwe beim Andy Schleck. Ënner dem Numm Precision fit bitt ASC e ganz spezielle Service un. „An éischter Linn geet et ëm de Mënsch um Vëlo“ kréie mir erkläert. Ënner Berücksichtegung vun de Kierpermoosse ginn hei Tester mam zukünftege Vëlosbesëtzer gemaach, fir déi optimal Sëtzpositioun an déi perfekt Astellunge fir Pedallen, Suedel an de Guidon ze fannen. Dëst erméiglecht et der Equipe vun ASC, de perfekte Vëlo fir all Client ze fannen. Eng optimal Kraaftiwwerdroung, eng perfekt Sëtzpositioun, de richtegen Drockpunkt op der Pedall, fir datt et ëmmer erëm eng Freed ass, fir dropzeklammen a lasszestrampelen.
Am hënneschten Eck vum Geschäft fënnt een e klenge Musée mat weideren Erënnerungsstécker, inklusiv dem Pokal vum Tour de France. Matzen tëschent all dësen Erënnerunge luet eng Kaffisbar een an, all déi Stécker ze bewonneren, an sech an enger gemittlecher Atmosphär vum Andy oder vun engem vu senge Mataarbechter beroden ze loossen.
De Summer steet virun der Dier, an Dir hutt elo esou richteg Loscht kritt, Iech erëm op den Drotiesel ze setzen a fatzeg an d‘Pedallen ze drécken? Da schnell op Izeg bei Andy Schleck Cycles, sief et fir eng Revisioun fir Äert bescht Stéck, en neie Maillot oder och vläicht direkt en neie Vëlo!
En Artikel vum Marc Wilgé