Fest steet, wann een e kierperlechen, geeschtegen oder séileschen Handicap huet, da sinn déi „üblech“ Alternative bei der Partnersich oft nëmme schwéier zougänglech. Mir hunn der Madamm Nathalie Oberweis, Member vun der Direktioun vun Autisme Luxembourg ASBL a vum Aarbechtsgrupp „Slow Events“ vun Info-Handicap zu dësem Theema e puer Froe gestallt.
Vill Persoune mat engem Handicap wunnen an enger Institutioun. Do ass et leider net ëmmer méiglech, zu all Moment op de Wonsch vum Eenzelen anzegoen, an de Choix vun de Sortië gëtt oft vum Grupp an net vum Eenzelen a senge Besoinen a Wënsch getraff. Dat ka mat sech bréngen, datt d’Sortië vläicht net esou variéiert sinn, wéi deen Eenzele sech dat wënscht, esou datt een oft déi selwecht Leit erëmgesäit. D’Realitéit um Terrain mécht et oft schwiereg, nei Leit kennen ze léieren an op nei Plazen ze kommen.
Den ëffentlechen Transport bleift och fir vill Leit mat engem Handicap aus ville verschiddene Grënn ëmmer nach eng Contrainte. Den Adapto als Transportmëttel ass en noutwendegen a flotte Service, mee en huet seng Limitten an de Faarten an an den Horairen.
Mir hunn eis am Laf vun der Zäit op de Begrëff „Slow Events“ gëeenegt. Den Aarbechtsgrupp „Slow Events“ vum Grupp „Vie affective et sexuelle des personnes en situation de handicap“, deen 2017 op Initiativ vun Info-Handicap lancéiert gouf, huet sech mat genee deenen Thematike befaasst. Wat gëtt et schonn? Wat bräicht een nach zu Lëtzebuerg? Eis war bewosst, datt et schonn eng ganz Partie Initiativen a Servicer um Terrain gëtt, fir de Leit d’Méiglechkeet ze ginn, Kontakter ze knëppen an nei Leit kennen ze léieren. Wat et zu Lëtzebuerg awer bis elo nach net gëtt, ass eng Datingplattform, wéi et där am noen Ausland wéi z. B. an Däitschland mam Veräin „Die Schatzkiste“ scho gëtt. Eng Aktioun vum Grupp war dann och eng Visitt bei der Schatzkiste zu Saarbrécken, déi eis nei Erfarungen an Informatioune bruecht huet.
Dat alles huet eis gudden Input ginn, mee war effektiv net dat, wat mat eise Moyene reell ëmzesetze war. No laangem Iwwerleeën an Ausprobéiere si mer du bei de Slow-Events hänke bliwwen an hunn eis och deen Numm ginn. Mir organiséieren am Kader vun Info-Handicap dräi bis fënnef Eventer am Joer, bei deene mer versichen, Leit institutiounsiwwergräifend matenee bekannt ze maachen, fir datt se eng flott Zäit matenee kënne verbréngen. Dat, wat mat am beléiftsten ass, sinn d’Slow-Datings, bei deene mir ënnert där bekannter Formule, mee adaptéiert un d’Besoine vun de Participanten, Leit zesummebréngen.
Vu virera war et dem Aarbechtsgrupp kloer, datt mir zesummen – ob mat oder ouni Handicap – no Piste siche wollten, déi eis fir en Zesummekomme vu Leit op der Sich no Frëndschaft a Partnerschaft wichteg geschéngt hunn.Dozou gehéiert zum Beispill deen inklusiven Aspekt, deen et erméigleche soll, deenen ënnerschiddleche Besoine gerecht ze ginn.
Mir waren eis vu vireran eens, datt – och wann d’Participantë vun eisen Eventer ënnerschiddlech Besoinen hunn – mir awer versiche géifen, keng Persoun auszeschléissen. Heiansdo ass et en Challenge, wa Leit e ganz ënnerschiddlechen Ënnerstëtzungsbedarf oder Besoinen hunn, mee bis elo hu mer dat nach ëmmer hikritt, och wann net jiddereen onbedéngt e Partner oder eng Partnerin fonnt huet.
Et sollt ee sech bewosst sinn, datt d’Erwaardunge ganz ënnerschiddlech kënne sinn an am Virfeld sollte gekläert ginn. Et huet net jiddereen déi selwecht Virstellunge vu Frëndschaft, Partnerschaft a Sexualitéit. Wou deen ee vläicht éischter e Partner fir Fräizäitaktivitéite sicht, huet en anere vläicht ganz konkreet kierperlech Bedierfnesser.
Nodeems mir d’Konzept vun der Datingplattform net zeréckbehalen hunn, mee op de Wee vun de Slow-Events gaange sinn, kann een trotzdeem soen, datt et flott wier, wa verstäerkt Demarchë ronderëm deen Theema kéinten ugebuede ginn, fir déi betraffe Persoune bei hirer Sich no enger Frëndschaft/Partnerschaft, déi hirer Virstellung entsprécht, ze begleeden. Aktivitéite wéi Small-Talk-Training, Flirtschoul, Speed-Dating, Koppelweekender … sollten à la carte méiglech an esou fir jidderee mat Interessi dorun zougänglech sinn.
Gesellschaftspolitesch ass et essentiel wichteg, d’Theema unzeschwätzen an et domat ze ent-tabuiséieren. Mat Hibléck dorop, datt Lëtzebuerg d’UN-Behënnerterechtskonventioun ratifizéiert huet an domat eng Obligatioun agaangen ass, ass et net méi denkbar, Leit mat enger Behënnerung d’Recht op eng selbstbestëmmte Partnerschaft a Sexualitéit net zouzegestoen. Fir bei eisem Ausgangssaz ze bleiwen: Och si wëlle schmusen!
Nathalie Oberweis fir den Aarbechtsgrupp „Slow Events“