Och d‘Kache wëll geléiert sinn!

Och wann dat oft ganz einfach ausgesäit, léif Leit, d‘Kache wëll definitiv geléiert sinn! An domat menge mir och net d‘Brode vum Bifdeck an der Pan, déi richteg Kachzäit fir d‘Nuddelen oder déi richteg Wiel vun der Kachtenue. Kach sinn, erfuerdert vill méi. E gudde Geschmaachs- a Gerochssënn, preziist a schnellt Schaffen, Teamfäegkeet, Organisatiounstalent, Kreativitéit, gudde Verhalt an eng gutt Kommunikatioun.

Dat alles, an nach vill méi, mécht e gudde Kach aus. Mee wou léiert een déi Saachen all? Am Lycée Technique Hôtelier Alexis Heck! Oder wéi en zanter 2018 heescht: École d‘Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg. Wéi et zur Ännerung vum Numm koum, liest Dir e bësse méi spéit an dësem Artikel.

Elo reese mir emol fir d‘éischt 70 Joer an d‘Vergaangenheet zu deem Zäitpunkt, an deem d‘Hotelschoul gegrënnt gouf. Duerch den Alexis Heck, huet sech deemools nämlech den Tourismus zu Lëtzebuerg schnell entwéckelt, wouduerch eng Schoul néideg war, déi eng Ausbildung am Beräich Hotellerie, Gastronomie an och dem Tourismus ubitt.

 

E Joer no der Erëffnung, ware grad emol 7 Schüler an der Schoul ageschriwwen an hunn déi renovéiert Gebaier hanner der Kierch zu Dikrech besicht, fir do un de Coursen kënnen deelzehuelen. Den Dresscode war kloer definéiert: Wäiss Jackett an eng Kachmutz fir d‘Bouwen an e Schiertech mat laangen Äerm fir d‘Meedercher. Ofgesinn vun 630 Frang fir d‘Moolzechten, war d‘Ausbildung deemools fir all Schüler gratis. Bei de Moolzechten krut een als Schüler awer eppes, wat net ze bezuele war. Eng Geleeënheet, fir sech mat de Proffen auszetauschen, d‘Relatioun zum Léierpersonal ze stäerken an och déi gemeinsam Zäit ze notzen an esou vill ewéi méiglech vun hire Virbiller ze léieren. Dës Informatioune sollten hinne spéider an hirem Aarbechtsliewen hëllefen. D‘Konscht vun der Erzéiung an dem Léiere mam Schwéierpunkt op Bezéiungs- an Verhalensfäegkeeten definéiert heimat d‘Philosophie vun der Hotelschoul.

D‘Schüler sollen d‘Schoul verloossen an niewent der Basiskompetenz och d‘Kompetenz zum internationalen Austausch mathuelen. E Bléck hanner d‘Kulissen erméiglecht den 10-Wochen Stage, deen op d‘Ufuerderunge vum Aarbechtsmaart an den ënnerschiddleche Beräicher virbereede soll. D‘Schüler gi motivéiert, hir eege Weiderentwécklung ze stäerken, sech selwer ze entdecken, Ziler ze setzen an och eege Wäerter an Iwwerzeegungen opbauen, déi si zu Spëtzeleeschtunge féiere sollen. An et schéngt ze klappen! E puer fréier Studenten hunn de Sprong gepackt a gehéieren zu deenen, déi national an international no de Stären gräifen!

Am Joer 1952 konnt d‘Hotelschoul hir Kompetenz ënner Beweis stellen a fir den internationale Kongress vun der Horeca (Union Internationale d‘Organisations Nationales d‘Hôteliers, Restaurateurs et Cafetiers) e Buffet fir ronn 400 Leit preparéieren. E puer Méint drop, sinn déi éischt Diplomer vun der Chambre de Commerce accordéiert ginn an eis jonk Hotelieren hunn hiren éischten Ausfluch op Paräis gemaach, fir sech do ënner anerem unzekucken, wéi et an der franséischer Haaptstad ofleeft.

Zanter de Sechzegerjoren huet d‘Schoul schnell neien Zougang kritt, esou datt ëmmer méi Plaz néideg war, fir d‘Schüler ënnerdaach ze kréien. Duerch déi konstant Entwécklung vun der Zuel un Interesséierten, konnten zwee Klassesäll entstoen an d’Patisserie amenagéiert ginn. Laang konnten si dovu net profitéieren, vue datt 1969 eng fatzeg Iwwerschwemmung zur Zerstéierung vum Restaurant um Rez-de-chaussée, engem Klassesall an dem kompletten Daach gefouert huet.

Mee dëst huet d‘Hotelschoul net zeréckgehalen weiderzemaachen. Grad emol 5 Méint huet et gedauert, bis datt d‘Raimlechkeeten nees konnte benotzt ginn. Trotz all hirer Aarbecht gouf et an hirem Gebai ëmmer méi enk. 1979 ass de Gesetzesprojet fir e Lycée technique hôtelier gestëmmt ginn, woumat dann och feststoung, datt en neit Gebai fir de Lycée entstoe sollt. Fënnef Joer méi spéit gouf d‘Gebai, wat bis haut an der Rue Jos Merten steet, ageweit a bitt 300 Schüler eng Plaz. 1999 huet d‘Hotelschoul eng Versammlung vun der Association des Écoles d‘hôtellerie et du tourisme, déi 1988 gegrënnt gouf, op d‘Been gestallt, wou eng dausend Leit aus 23 verschiddene Länner sech zesummefonnt hunn a wou verschidde Concoursen, Konferenzen a Seminairen ewéi och Degustatiounen um Programm stoungen. En neie Sëtz huet d‘AEHT dann e Joer méi spéit an der Hotelschoul kritt. Fir dat ganzt nach opzeronnen, gouf de 50. Gebuertsdag vun der Hotelschoul gefeiert an eng Rei un neien Erausfuerderungen ugeholl. Am Joer 2000 huet sech am Beräich Tourismus nees eppes gedoen an och an der Hotelschoul ass den Technicien-Diplom agefouert ginn.

2013 gouf nach eng Kéier ausgebaut. Eng nei Kichen, eng Patisserie ewéi och nei Säll hunn dozou bäigedroen, datt de praktesche Volet vun der Ausbildung eng Weiderentwécklung erlieft. Domat ass dann och e Joer méi spéit déi nei Annex vun der Hotelschoul offiziell ageweit ginn.

Fënnef Joer drop, war et un der Zäit e Statement ze setzen an der Hotelschoul eng nei Positioun ze verschafen. An dëst war och vu grousser Wichtegkeet, well d‘Hotelschoul als eenzegt Etablissement Formatiounen an de Beräicher Hotellerie, Tourismus a Restauratioun ubitt an och eng Entwécklung an engem kompetitiven Secteur garantéiert, deen ënner anerem 6% vum Bruttoinlandsprodukt ausmécht.

De Lycée sollt Lëtzebuerg hëllefen, Prestatiounen a Servicer unzebidden, déi vun héijer Qualitéit sinn an och domat e Markenzeechen vun eisem Ländche ginn. Striving for excellence, op Lëtzebuergesch, d‘Striewen no Exzellenz sollt dann och e puer Ännerungen an d‘Liewe ruffen. National an international sollt d‘Schoul duerch den neien Numm École d‘Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL) an Zukunft bekannt ginn.

Dobäi gëtt den Numm Alexis Heck awer net aus de Gedanke geläscht! De Restaurant An der Kéier gouf ëmgedeeft an heescht ab 2018 Alexis Heck. Net nëmmen de Numm, mee och d‘Formatiounsoffer, gëtt deementspriechend weider gespreet. Jonk Leit solle verschidden Offere kréie fir hir Zukunft ze gestalten an hire Wee ze fannen, mat hiren Talenter an Interessen.

Säit dem Schouljoer 2018-2019 proposéiert den EHTL dann och fir déi éischte Kéier eng nei Sektioun, déi zum Gestionnaire de l‘hospitalité féiert. Dësen Diplom gëtt de jonke Gestionnairen domat och en Entréesbilljee, fir sech op enger Uni weiderzebilden. Déi nächst Etapp? Eng Formatioun Bac+2 an der Form vun engem BTS am Hospitality Management ënner anerem och op Englesch, sollt domat och jonk Leit aus dem Ausland an eist Ländchen lackelen an hinnen d‘Méiglechkeet ginn, hire BTS bei eis ze maachen. D‘Léiermethode ginn ugepasst, d‘Léiermaterial digitaliséiert an all Schüler kritt säin eegenen iPad, fir der digitaler Evolutioun ze weisen, datt Striving for Excellence och an deem Beräich stattfënnt. D‘Formatioune gi vu Joer zu Joer moderniséiert an et bezweiwelt keen, datt dës Schoul d‘Exzellenz erreeche wäert.

Och wann dat oft ganz einfach ausgesäit, léif Leit, d‘Kache wëll definitiv geléiert sinn! An domat menge mir och net d‘Brode vum Bifdeck an der Pan, déi richteg Kachzäit fir d‘Nuddelen oder déi richteg Wiel vun der Kachtenue. Kach sinn, erfuerdert vill méi. E gudde Geschmaachs- a Gerochssënn, preziist a schnellt Schaffen, Teamfäegkeet, Organisatiounstalent, Kreativitéit, gudde Verhalt an eng gutt Kommunikatioun.


Dat alles, an nach vill méi, mécht e gudde Kach aus. Mee wou léiert een déi Saachen all? Am Lycée Technique Hôtelier Alexis Heck! Oder wéi en zanter 2018 heescht: École d‘Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg. Wéi et zur Ännerung vum Numm koum, liest Dir e bësse méi spéit an dësem Artikel.


Elo reese mir emol fir d‘éischt 70 Joer an d‘Vergaangenheet zu deem Zäitpunkt, an deem d‘Hotelschoul gegrënnt gouf. Duerch den Alexis Heck, huet sech deemools nämlech den Tourismus zu Lëtzebuerg schnell entwéckelt, wouduerch eng Schoul néideg war, déi eng Ausbildung am Beräich Hotellerie, Gastronomie an och dem Tourismus ubitt.


E Joer no der Erëffnung, ware grad emol 7 Schüler an der Schoul ageschriwwen an hunn déi renovéiert Gebaier hanner der Kierch zu Dikrech besicht, fir do un de Coursen kënnen deelzehuelen. Den Dresscode war kloer definéiert: Wäiss Jackett an eng Kachmutz fir d‘Bouwen an e Schiertech mat laangen Äerm fir d‘Meedercher. Ofgesinn vun 630 Frang fir d‘Moolzechten, war d‘Ausbildung deemools fir all Schüler gratis. Bei de Moolzechten krut een als Schüler awer eppes, wat net ze bezuele war. Eng Geleeënheet, fir sech mat de Proffen auszetauschen, d‘Relatioun zum Léierpersonal ze stäerken an och déi gemeinsam Zäit ze notzen an esou vill ewéi méiglech vun hire Virbiller ze léieren. Dës Informatioune sollten hinne spéider an hirem Aarbechtsliewen hëllefen. D‘Konscht vun der Erzéiung an dem Léiere mam Schwéierpunkt op Bezéiu


D‘Schüler sollen d‘Schoul verloossen an niewent der Basiskompetenz och d‘Kompetenz zum internationalen Austausch mathuelen. E Bléck hanner d‘Kulissen erméiglecht den 10-Wochen Stage, deen op d‘Ufuerderunge vum Aarbechtsmaart an den ënnerschiddleche Beräicher virbereede soll. D‘Schüler gi motivéiert, hir eege Weiderentwécklung ze stäerken, sech selwer ze entdecken, Ziler ze setzen an och eege Wäerter an Iwwerzeegungen opbauen, déi si zu Spëtzeleeschtunge féiere sollen. An et schéngt ze klappen! E puer fréier Studenten hunn de Sprong gepackt a gehéieren zu deenen, déi national an international no de Stären gräifen!


Am Joer 1952 konnt d‘Hotelschoul hir Kompetenz ënner Beweis stellen a fir den internationale Kongress vun der Horeca (Union Internationale d‘Organisations Nationales d‘Hôteliers, Restaurateurs et Cafetiers) e Buffet fir ronn 400 Leit preparéieren. E puer Méint drop, sinn déi éischt Diplomer vun der Chambre de Commerce accordéiert ginn an eis jonk Hotelieren hunn hiren éischten Ausfluch op Paräis gemaach, fir sech do ënner anerem unzekucken, wéi et an der franséischer Haaptstad ofleeft.


Zanter de Sechzegerjoren huet d‘Schoul schnell neien Zougang kritt, esou datt ëmmer méi Plaz néideg war, fir d‘Schüler ënnerdaach ze kréien. Duerch déi konstant Entwécklung vun der Zuel un Interesséierten, konnten zwee Klassesäll entstoen an d’Patisserie amenagéiert ginn. Laang konnten si dovu net profitéieren, vue datt 1969 eng fatzeg Iwwerschwemmung zur Zerstéierung vum Restaurant um Rez-de-chaussée, engem Klassesall an dem kompletten Daach gefouert huet.


Mee dëst huet d‘Hotelschoul net zeréckgehalen weiderzemaachen. Grad emol 5 Méint huet et gedauert, bis datt d‘Raimlechkeeten nees konnte benotzt ginn. Trotz all hirer Aarbecht gouf et an hirem Gebai ëmmer méi enk. 1979 ass de Gesetzesprojet fir e Lycée technique hôtelier gestëmmt ginn, woumat dann och feststoung, datt en neit Gebai fir de Lycée entstoe sollt. Fënnef Joer méi spéit gouf d‘Gebai, wat bis haut an der Rue Jos Merten steet, ageweit a bitt 300 Schüler eng Plaz. 1999 huet d‘Hotelschoul eng Versammlung vun der Association des Écoles d‘hôtellerie et du tourisme, déi 1988 gegrënnt gouf, op d‘Been gestallt, wou eng dausend Leit aus 23 verschiddene Länner sech zesummefonnt hunn a wou verschidde Concoursen, Konferenzen a Seminairen ewéi och Degustatiounen um Programm stoungen. En neie Sëtz huet d‘AEHT dann e Joer méi spéit an der Hotelschoul kritt. Fir dat ganzt nach opzeronnen, gouf de 50. Gebuertsdag vun der Hotelschoul gefeiert an eng Rei un neien Erausfuerderungen ugeholl. Am Joer 2000 huet sech am Beräich Tourismus nees eppes gedoen an och an der Hotelschoul ass den Technicien-Diplom agefouert ginn.


2013 gouf nach eng Kéier ausgebaut. Eng nei Kichen, eng Patisserie ewéi och nei Säll hunn dozou bäigedroen, datt de praktesche Volet vun der Ausbildung eng Weiderentwécklung erlieft. Domat ass dann och e Joer méi spéit déi nei Annex vun der Hotelschoul offiziell ageweit ginn.


Fënnef Joer drop, war et un der Zäit e Statement ze setzen an der Hotelschoul eng nei Positioun ze verschafen. An dëst war och vu grousser Wichtegkeet, well d‘Hotelschoul als eenzegt Etablissement Formatiounen an de Beräicher Hotellerie, Tourismus a Restauratioun ubitt an och eng Entwécklung an engem kompetitiven Secteur garantéiert, deen ënner anerem 6% vum Bruttoinlandsprodukt ausmécht.


De Lycée sollt Lëtzebuerg hëllefen, Prestatiounen a Servicer unzebidden, déi vun héijer Qualitéit sinn an och domat e Markenzeechen vun eisem Ländche ginn. Striving for excellence, op Lëtzebuergesch, d‘Striewen no Exzellenz sollt dann och e puer Ännerungen an d‘Liewe ruffen. National an international sollt d‘Schoul duerch den neien Numm École d‘Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL) an Zukunft bekannt ginn.


Dobäi gëtt den Numm Alexis Heck awer net aus de Gedanke geläscht! De Restaurant An der Kéier gouf ëmgedeeft an heescht ab 2018 Alexis Heck. Net nëmmen de Numm, mee och d‘Formatiounsoffer, gëtt deementspriechend weider gespreet. Jonk Leit solle verschidden Offere kréie fir hir Zukunft ze gestalten an hire Wee ze fannen, mat hiren Talenter an Interessen.


Säit dem Schouljoer 2018-2019 proposéiert den EHTL dann och fir déi éischte Kéier eng nei Sektioun, déi zum Gestionnaire de l‘hospitalité féiert. Dësen Diplom gëtt de jonke Gestionnairen domat och en Entréesbilljee, fir sech op enger Uni weiderzebilden. Déi nächst Etapp? Eng Formatioun Bac+2 an der Form vun engem BTS am Hospitality Management ënner anerem och op Englesch, sollt domat och jonk Leit aus dem Ausland an eist Ländchen lackelen an hinnen d‘Méiglechkeet ginn, hire BTS bei eis ze maachen. D‘Léiermethode ginn ugepasst, d‘Léiermaterial digitaliséiert an all Schüler kritt säin eegenen iPad, fir der digitaler Evolutioun ze weisen, datt Striving for Excellence och an deem Beräich stattfënnt. D‘Formatioune gi vu Joer zu Joer moderniséiert an et bezweiwelt keen, datt dës Schoul d‘Exzellenz erreeche wäert.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.