Dat huet d’Renée awer net dovun ofgehal, hiert Liewe gréisstméiglech positiv ze gestalten an sech den Erausfuerderunge vum Alldag ze stellen.
An Tëschenzäit huet d’Mamm vu 5 Kanner, déi am Alter tëschent 20 a 34 Joer sinn, och 2 Enkelkanner – hiren Alldag ass ganz vilfälteg a variabel. Den Dag fänkt moies kuerz no 5 Auer un, wou, nieft Kaffi maachen, déi alldeeglech Hausaarbechten ustinn, éier si sech ëm hir Déiere këmmert a mat hiren Hënn erausgeet.
Duerno heescht et, sech prettmaache fir op d’Aarbecht, an d’Dusch an op de Bus. De Blanneféierhond Orphée féiert seng Meeschtesch sécher mat den ëffentlechen Transportmëttelen op hiert Ziel. Dacks gi virun der Aarbecht nach Kommissioune gemaach an duerno geet et dann entweeder mam Bus heem, op Besuch bei hir Mamm, oder op en Treff mat Frënn a Kolleegen, éier dann d’Hënn nach eng Kéier mussen eraus an d’Owesiesse fir déi grouss Famill preparéiert gëtt, an sech da lues a lues op e bësse Relaxen an Erblose virum Fernsee agestallt gëtt. Jo, och d’Renée kuckt Fernsee, sief et mat Hëllef vun Audio description oder andeem si dialogräich Sendunge verfollegt. E Voice-Guide erlaabt et engem blanne Mënsch, ganz eegestänneg Astellungen um Fernsee kënnen ze maachen a Programmer auszewielen. Allgemeng sief gesot, dass sproochlech Hiweiser, Usoen an Informatiounen engem seebehënnerte Mënsch eng wichteg Hëllef sinn. Sief et technesch Hëllefsmëttele wéi de Computer, den Handy oder praktesch Hëllefe wéi eng Auer, déi schwätzt, e Faarferkennungsgerät, eng Wo, déi engem d’Gewiicht seet, oder eng Mikrowell mat Sproochausgab, fir nëmmen e puer Beispiller ze ginn. Wichteg am Renée sengem Alldag sinn awer och Uerdnung an Organisatioun: Eppes dorëmmer trëllen a leie loossen ass fir e blanne Mënsch en No-go.
Zu hirem Alldag zielt och d’Schaffen: Hir Aarbecht am Bieschbecher Atelier, engem Atelier protégé, beschreift d’Renée als valoriséierent, erfëllend an ofwiesslungsräich a wäit ewech vun enger einfacher Beschäftegung.
Op der Schaff ass et hir als blanne Mënsch wichteg, u méiglechst ville verschiddenen Aarbechtsgäng deelzehuelen an duerfir probéiert an experimentéiert si, bis déi verschidde Schrëtt sëtzen an och vun hire Kolleege mat Seebehënnerung ëmzesetze sinn. Hei schafft d’Renée vill mat Schablounen, déi et erlaben, eng qualitativ gutt, prezis a reegelméisseg Aarbecht ze maachen. Esou ass et fir d’Renée ganz alldeeglech, unzesträichen, mat Akkubuerer ze schaffen a Kabelen op déi richteg Längt ze schneiden.
D’Renée Mischel huet awer och vill Hobbyen a probéiert och an hirer Fräizäit gär nei Erausfuerderungen aus – esou steet deemnächst Tennis um Programm, nodeems d’Renée sech am Krav Maga am Beräich vun der Self-defense weidergebilt huet, Dëschball spillt a leidenschaftlech gär richteg Konschtwierker stréckt. A wann Dir Iech elo frot, wéi dat nëmme méiglech ass, fir sportlechen Aktivitéiten nozegoen, dann ass dat, duerch spezifesch Adaptatiounen, wéi zum Beispill e Ball mat Schell, en extraen Dësch, adaptéiert Reegelen oder e sproochleche Guide, alles eng Saach vun der Übung, esou wéi fir aner Sportler och.
An och wann dat alles esou „normal“ a selbstverständlech kléngt, dann ass et awer e wäite Wee, fir esou e Stéck Autonomie ze kréien. D’Autonomie an hiren Deplacementer huet sech am Ufank just op hiert Doheem beschränkt an d’Renée huet ëmmer, wann si mat de Kanner huet missen erausgoen (Rendez-vous beim Dokter, Spillplaz asw.), d’Hëllef vun engem Drëtte kritt (sief et vun hirer Mamm, enger Nopesch asw.). Wéi d’Kanner méi grouss goufen, waren si fir hir Mamm eng wichteg Hëllef – déi Grouss waren dunn hir Aen.
Esou e Wee ze goen, ass net selbstverständlech, an eréischt wéi d’Renée sech hirer Behënnerung gestallt huet an ugefaangen huet, sech domat auserneenzesetzen, ass si ëmmer méi selbstänneg ginn. Dobäi war d’Hëllef vum CDV, dem Centre pour le développement des compétences relatives à la vue, a spéiderhi vun der Mobilitéitstrainerin, hir eng wichteg Stäip a lues a lues huet hire Spektrum sech vergréissert.
Richteg autonom, seet d’Renée mat engem Grinsen, wier si eréischt ginn, wéi si op den Hond koum. Dee verlaangt zwar engersäits, dass ee reegelméisseg mat him spadséiere geet, anerersäits genéisst een awer och méi Fräiheeten an och déi sozial Kontakter ginn duerch den Hond méi einfach. D’Renée fillt sech duerch hire véierbeenege Begleeder och manner stigmatiséiert wéi wann si mam Bengel ënnerwee ass.
Et gëtt bestëmmt méi Grënn, seet d’Renée: Si wëllt als betraffe Persoun hire Wee goen, net bedauert ginn a virun allem net als „deen aarme blanne Behënnerte“ gëllen. E staarke Charakter, de feste Wëllen, esou onofhängeg wéi méiglech ze sinn, an awer och e familiäert Ëmfeld, dat d’Renée akzeptéiert huet, ouni hir eege Verantwortung a Fro ze stellen. Net zulescht hire Mann, deen si iwwert all déi Jore begleet huet an si esou akzeptéiert huet, wéi si ass. Hiert positiivt Denken huet d’Renée ni opginn, gradesou mann wéi hiren Humor, mee wann si nei betraffene Leit kann e Rot ginn, da sécher deen, dass een sech net selwer sollt bedaueren, mee frou sinn iwwert dat, wat een nach erkennt, wann een nach eng Reschtvue huet. Dem Renée säi Leitmotiv: Net soueren, net an der Depressioun hänkebleiwen, mee esou fréi wéi méiglech no vir goen – kämpfen.
Sécher ass de Schrëtt an d’Autonomie e laange Prozess, mee: Kleng Erfolleger schätze léieren an och emol e Mëssgeschéck a Kaf huelen, net pingeleg an ze vill sensibel sinn – all dat huet d’Renée Mischel a sengem Liewe ganz vill virubruecht.
D’Renée MISCHEL am Interview mat der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung