Wat ass Ärer Meenung no ënner engem „nohaltegem Wuesstum“ ze verstoen?
Brauche mir Ärer Meenung no nach Wuesstum am Land oder kënne mir eisen aktuellen Wuelstand ouni weidere Wuesstum bäibehalen?
Wat fir eng Méiglechkeet huet d‘Politik iwwerhaapt fir de Wuesstum an eisem Land op déi eng oder aner Aart a Weis ze beaflossen?
Nohaltege
Wuesstum
Ënner nohaltegem Wuesstem versteet d‘ADR en ekonomeschen (e. a.: Zuel vun Aarbechtsplazen) an en demographesche Wuesstem (haaptsächlech d‘Zuel vun den Awunner), deen esou wuel den natierleche Ressourcen vum Land Rechnung dréint (z.B. d‘Waasserreserven, vermeiden fir ze vill zouzebetonéieren…) wéi och de finanzielle Ressource vum Staat. Méi Aarbechtsplazen a méi Awunner brauche méi Stroossen, méi ëffentlechen Transport, méi Schoulen a Lycéeën, méi Kläranlagen, méi Polizisten…
Manner Wuesstem bedéngt net onbedéngt manner Wuelstand, och wann ee ganz besonnesch beim Pensiounssystem muss un de Schrauwen dréinen. Woubäi d‘Pensiounen, wéi se aktuell bestinn, op e Schnéiballsystem opgebaut sinn, deen längerfristeg ne ze halen ass.
E verstännege Wuesstem géif op jiddefalls méi Liewensqualitéit bedeiten. De Wuelstand géif dobäi och méi gerecht Verdeelt ginn, haut geet e groussen Deel vum „méi Wuelstand“ duerch deiert Wunnen opgefriess, vill Zäit gëtt am Stau verluer…
Et muss vill méi selektiv gekuckt ginn, wéi eng nei Entreprisen an d‘Land kommen. Mir brauche keng weider Firmen, déi haaptsächlech Leit – oft Frontalieren – zum Mindestloun beschäftegen. Dëst kann iwwert d‘Betribssteier beaflosst ginn, an och iwwer d‘Verdeele vu fräie Flächen an den Industrie- a Gewerbezonen.
Nohaltege Wuesstum
Zu Lëtzebuerg hu mir aktuell een demograpeschen Wuesstem deen an där Vitesse wei e leeft net onproblematesch ass. All 7 Joer komme 100.000 Léit derbäi. Dat entsprecht der Awunnerzuel vun der Staat Letzebuerg. An aanere Wieder heescht daat, mir missten capabel sinn all Joer eng Gemeng wei Beetebuerg mat allen Infrastrukturen (Strossen , Häiser, Schoulen, sozial Infrastrukturen etc ) derbäizebauen – dat si mir net.
Haut hu mir schons Problemer bei de Logementspräisser, beim Bau an bei de Mobilitéitskonzepter. CSV ass der Meenung, dass kuerz a mettelfristeg d’Akkzeptanz vun de Léit vun deem do Wuesstem a Fro gestallt ass.
CSV well net Wuesstem deen just op demographeschen Zouwuess fousst. CSV well en intelligente, méi een produktive Wirtschatswuesstem. CSV well Wuesstem deen mir kennen leeden a begleeden.
Wuestum bedeit Wuelstand. Eise System ass sou opgebaut, dass ouni Wuesstem villes géif zesummebriechen. Mir brauchen dofir Wuestum fir d’Zukunft an CSV steet och dofir.
CSV well awer net einfach alles lafen loossen, mä de Wuesstum leeden an begleeden. CSV well décideieren wei eist Land sech soll diversifizeiren. Zil ass eng nohalteg Entwécklung am Beräich vu Wirtschaft, Soziales an Ëmwelt.
CSV well eng Diverzifizeirung dei op Letzebuerg passt. Prioritéit gett op Extensioun vun de bestehende Kleng- a Mettelbetrieber geluecht, well si machen eisen Wuestum aus.
Mir wellen de zukünftegen Wuesstem leeden: Mir wellen gezielt Entreprisen sichen goen an dei ennerstetzen dir mir wellen hei op Letzebuerg kreien.
Mir wellen eis konzentréieren op Beräicher, wéi Finanzen an Assurancen, Biotechnologien, IT, Logistik a Weltraumfuerschung. CSV proposéiert awer och fir zwee néi Secteuren, medezinesch Innovatioun a gréng Technologien, virun allem d’Kreeslafwirtschaft, zousätzlech auszebauen. Dat si Beräicher, déi nei Chancë fir eis Kanner an déi Generatiounen duerno méiglech maachen.
Entreprisen dei net an dee Kader vun där ekonomescher Entwecklung passen dei mir zu Letzebuerg wellen gi net méi ennerstetzt.
Fir dass mir Entreprisen aus dese Beräicher op Letzebuerg kréien mussen am Kader vun enger nohalteger Wuesstemsstrategie fir Lëtzebuerg, eis Promotiouns-, Standuert-, Investitiouns- a Steierpolitik iwwerschafft ginn.
Sou ass CSV zum Beispill der Meenung dass Kritären vun der Usiedlung vu Betrieber an den Aktivitéitszonen néi définéiert musse ginn. Nierft den heitegen Kritären vum a) Investitionsvolumen, b) den Arbechtsplatzen an c) de Mehrwäert fir d’Economie musse néi Kritären derbäikommen dei kloer définéiert sinn: Prioritéit op Extensioun vu bestehende Betrieber, op déi Betriber dei an dei Clusteren passen dei definéiert ; Betriber dei relevant fir Recherche an developpement zu Letzebuerg sinn; Landverbrauch an Emweltbelastung.
Et geet aawer net duer de Wuesstem ze leeden, mir mussen eis och prett maache fir de Wuesstem ze begleeden. Dofir musse mir eis anescht organiséieren. Mat enger neier Verfassung a staarke Gemengen, déi méi no bei de Leit sinn.
Lëtzebuerg brauch Top-Infrastrukturen. Mir mussen an de Wunnengsbau, d‘Stroossen, de Schinneverkéier, a Schoulgebaier an an Altersheemer investéieren. Mä net egal wéi. Duerch eng kohärent Landesplanung, déi vernetzt a gutt organiséiert ass. Déi op Ëmweltschutz an Nohaltegkeet baut.
Nohaltege Wuesstum
Leider louch bei Redaktiounschluss nach keen Text vun der DP vir. Falls mir nach eng Äntwert kréien wäerte mir déi esou séier ewéi méiglech uweisen.
Nohaltege Wuesstum
Fir déi gréng ass d’Debatt iwwert d’nohalteg Entwécklung vun eisem Land net just eng Debatt iwwert de Wuesstem vun eiser Wirtschaft a vun eiser Bevëlkerung. Et geet eis villméi dorëms fir d’Entwécklung vu Lëtzebuerg anescht ze gestalten.
Mir wëllen de Leit d’Sécherheet ginn, datt et och an Zukunft nach Aarbecht fir se gëtt, an och eng sécher Rent. An dat trotz enger Ekonomie, déi sech schnell verännert. Wichteg sinn eis och e gudden Encadrement fir déi eeler Leit, e glécklecht Opwuesse fir déi Jonk, an datt den Erfolleg vun de Kanner net vum Portmonni vun den Elteren ofhänkt. Fir dëst ze erreeche musse mer eis Zäit huelen, a mir mussen investéieren.
Eng nohalteg Entwécklung heescht fir eis och, datt mir de Fouss vum Gas huelen an zesummenhalen, wat riskéiert auserneen ze fueren. Et heescht datt mir eist Land esou plangen, datt mir och an Zukunft all gutt kënnen zesummeliewen, ouni dobäi eis Ëmwelt ze zerstéieren. Et heescht datt mir eise Kanner e Land hannerloossen, wou se déi selwecht Chancen hunn, a wou se hiert eegent Liewe kënnen opbauen.
Do wëlle mer hin, an dat alles geet net mat blannem Wuesstem, mä andeems mer op eis Stäerkte setzen an eist Land geziilt weider entwéckelen.
De Lëtzebuerger Modell, esou wéi mir en haut kennen, ass op e kontinuéierleche Wuesstem opgebaut. Trotzdeem kënne weder eise wirtschaftlechen, nach eise soziale Modell bis an d’Éiwegkeet op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt si begrenzt. Dofir ass et elo un der Zäit fir eist Land anescht ze gestalten.
Fir eis gréng ass d‘Politik méi wéi just e Reparaturbetrib fir d’Konsequenze vun eisem Entwécklungsmodell. Eng Wonnerléisung vun haut op muer gëtt et awer leider net. Dofir versprieche mer och keng.
An trotzdeem huet d’Regierung – ënner grénger Bedeelegung – an deene leschte fënnef Joer schonns wichteg Akzenter gesat an och schonns munches erreecht. D’Aarbecht huet awer eréischt ugefaangen an et bleift nach vill ze dinn!
D’Politik huet a ville Beräicher d’Méiglechkeet d‘Entwécklung vun eisem Land besser ze steieren. Bei de Firmen déi mir op Lëtzebuerg bréngen dierfe mir zum Beispill net méi alles huele wat geet, mee just nach dat wat fir eist Land a fir eis Gesellschaft Sënn mécht.
Och eis Landesplanung kann a muss harmonesch organiséiert, an eis Mobilitéitspolitik wierksam ausgeriicht ginn. Dofir wäerte mir och an deenen nächste Joren nach massiv an den ëffentlechen Transport mussen investéieren. Dobäi ass et wichteg datt d’Leit op eng douce a récksiichtsvoll Mobilitéit kënnen zeréckgräifen, déi Jidderengem de fräie Choix léist.
Een anere wichtegen Domän an där d’Politik an den nächste Jore virausschauend Akzenter ka setzen ass d’Wirtschaft inklusiv eisem Energiesystem. Eis Ekonomie muss diversifizéiert ginn. Et wäert och ëmmer méi wichteg ginn eng Transitioun hin zur Kreeslafwirtschaft anzeleeden, déi de Ressourcëveverbrauch an den Impakt op d’Ëmwelt reduzéiert. A mir brauche propper, sécher an erneierbar Energie. Dat heescht, datt all Form vun erneierbaren Energiequelle musse konsequent a sënnvoll ausgebaut ginn an och d’Fuerschung an dëse Beräicher ënnerstëtzt ginn.
An dësen, awer och a villen anere Beräicher huet d’Politik d’Méiglechkeet d’Entwécklung vun eisem Land nohalteg ze beaflossen. Entscheedend ass awer, datt dat alles Hand an Hand geet, a mat Récksiicht op eis Natur, op eis Liewensgrondlag. Fir datt d’Loft, d’Waasser an de Buedem propper a gesond bleiwen, a fir eis Landschaften an eis Biodiversitéit ze erhalen. An zwar fir jiddereen, fir d’Leit vun Haut an déi vu Muer. A fir e Land wou mer eist Zesummeliewe mateneen organiséieren an net niefteneen.
Nohaltege Wuesstum
„Nohaltegen Wuesstum” steet fir een „qualitativen Wuesstum” – Gemengt ass domat eng nohalteg, wirtschaftlech Entwécklung, déi dem Bierger en héije Mooss un Liewensqualitéit bitt an gläichzäiteg den Verbrauch vun Ressource op en erdréiglechen Niveau reduzéiert. Et geet drëm, déi sozial, déi wirtschaftlech an déi ekologesch Dimensioun mateneen ze verbannen. En nohaltegt Wuesstum kann nëmmen dann erfollegräich sinn, wann et him geléngt, fir d’sozial Gerechtegkeet ze suergen, d’Wirtschaft weider ze entwéckelen an gläichzäiteg d’Ëmwelt ze schounen.
Zur Debat em de Wuesstum gehéiert och d’Fro, wéi mir Wuelstand an Zukunft definéieren wëllen: nëmmen monetär (BIP; Akommes, Kafkraaft, Besëtz, Verméigen) oder als Steigerung vun der Liewensqualitéit am wäitsten Sënn. Als Sozialisten sinn mir der Usiicht, datt mir den Wuelstandsbegrëff an Zukunft méi breet faassen an erfaassen sollten, z. B mat Instrumenter wéi dem „PIBien-être”.
Als Sozialisten sinn mir der Iwwerzeegung, datt mir en adequat Wirtschaftswuesstum och weiderhin brauchen, fir nei Aarbechtsplazen ze schafen, Aarbechtslosegkeet ze bekämpfen an d’Zil vun der Vollbeschäftegung ze erreechen. Mir brauchen Wuesstum, fir déi néideg Steierakommen ze generéieren, ouni déi mir weder eisen Sozialstaat finanzéieren, nach eis ëffentlech Infrastruktur an Déngschtleeschtungen oprechterhalen kéinten. D’Wirtschafts- an Finanzkrisen vun den vergaangenen Joren hunn gewisen, datt ouni Wuesstum Aarbechtslosegkeet u steigt an d’Staatfinanzen an d’Ongläichgewiicht geroden. Mir brauchen en inklusiv Wuesstummodell fir Lëtzebuerg, dat gutt an sécher Aarbechtsplazen schaaft, statt Prekaritéit, dat produktiv ass an gutt Léin erméiglecht den geschafften Wuelstand gerecht verdeelt, dat wéineger Ressourcen verbraucht an Liewensraim zerstéiert, wéineger Verkéiersopkommes generéiert, wéineger personalintensiv ass, dofir awer méi staark op Produktivitéit an Nohaltegkeet setzt.
Lëtzebuerg ass een kléngt Land an eng kléng Volkswirtschaft an huet soumat nëmmen een begrenzten Afloss op déi äußeresch Faktoren, déi d’Wirtschaftswuesstum bestëmmen. Eisen Wuesstum gëtt vun der internationaler Konjunktur bestëmmt, d’Entwécklungen an den Finanzmärkt, den Roustoffpräisser, den Währungs-an Zënspolitik vun der EZB vun Handelskonflikten, asw.
Awer kënnen och déi national Politik fir Rummbedéngungen suergen, déi d’Attraktivitéit vum Standort an Kompetitivitéit vun den Entreprisen steigeren. Zu dësen Instrumenter gehéieren ënner anerem d’Steierpolitik, niddereg Lounniewenkaschten, gutt Infrastrukturen (Mobilitéit, Telekommunikatioun, Energie, etc.), d’Verfügbarkeet vun Gewerbeflächen, leeschtungsfäheg Verwaltungen an schnell Prozeduren, gutt ausgebilt Aarbeschtskräften, héich Investitiounen an Fuerschung an Entwécklung, asw.
Als LSAP wëllen mir an Zukunft d’Wirtschaft un den Leitlinnen an konkreten Virschléi orientéieren, déi an der Rumm vun den sougenannten „Rifkin-Studie” gemeinsam mat villen Acteuren aus der Wirtschaft an der Zivilgesellschaf erarbescht goufen. Déi zentral Bausteng vun dëser „Drëtter industrieller Revolutioun” wäerten d’Numerisatioun vun allen Liewens- an Wirtschafts beräicher, Energieeffizienz an den vollstännegen Ëmstieg op erneierbar Energieträger souwéi den Opbau vun enger Kreeslaf- an Plattform-Ekonomie sinn.
Een besonnescht Aenmerk sollt op d’Diversifizéierung vun der Wirtschaft geluecht ginn. Lëtzebuerg ass am héijen Mooss ofhängeg vum Déngschtleeschtungssecteur. D’LSAP wäert dës Ofhängegkeet weider verréngeren an d’wirtschaftlech Diversifizéierung konsequent virundreiwen. Lëtzebuerg soll dobäi als Produktiouns- an Industriestanduert erhalen bleiwen.
Doriwwer hin aus dierfen sech nei Betriber nëmmen dann an Lëtzebuerg un ze siddelen, wann si déi beschtméiglech Technologien asetzen, fir hir Emissiounen an den Ressourceverbrauch méiglechst niddereg ze halen. D’LSAP fuerdert parallel heizou entspriechend Investitiounen bei bestoenden Betriber.
Nohaltege Wuesstum
Onofhängeg vun der Fro vum Wuesstem ass den aktuelle lëtzebuergesche Modell weder aus sozialer, nach aus ökologescher oder wirtschaftlecher Siicht nohalteg. D’Scheier tëschent Aarm a Räich geet stänneg auserneen, mir hunn e Ressourcëverbrauch, dee 9 mol ze héich ass, an Deeler vun eiser Wirtschaft sinn op Fiskal-Nischen opgebaut, déi laangfristeg net ze hale sinn. Mir brauchen dofir eng Ëmverdeelung vum Räichtum iwwert eise Sozial- a Steiersystem, en ökologeschen Ëmbau vun eiser Gesellschaft, woubäi d’Energie- an Agrartransitioun eng zentral Roll spillen, souwéi eng Diversifikatioun vun eiser Wirtschaft, fir datt se op Kompetenzen opbaut a net méi just op Souveränitéitsnischen. Wann dës Viraussetzungen erfëllt sinn, da kann och de Wuesstem erëm nohalteg sinn.
D’Fro vum genee Wuesstems-Taux ass fir eis net zentral, mä éischter wéi de Wuesstem verdeelt an encadréiert gëtt. De PIB seet näischt iwwert d’Liewensbedingunge vum Eenzelen aus an och d’Awunnerzuel determinéiert net, op et jidderengem gutt geet oder net. Léiwer e Lëtzebuerg mat 800.000 Awunner an enger héijer Liewensqualitéit, wéi e Lëtzebuerg mat 400.000 Awunner an enger niddreger Liewensqualitéit – oder ëmgedréit. Ähnlech verhält et sech mam Wuelstand. Wa mer eise Wuelstand erhalen, dësen awer ëmmer méi ongläich verdeelt gëtt, da wäerten ëmmer méi Leit am Land an d’Aarmut rutschen. Déi eigentlech Fro ass, wéi mer eis Gesellschaft an eis Wirtschaft esou kënnen organiséieren, datt jiddweree gutt ka liewen a sech hei am Land wuel fillt, an datt mer ons natierlech Ressource respektéieren. Dat ka mat Wuesstem geschéien oder ouni, jee no dem politesche Wëllen.
Dat wichtegsten Instrument fir d’Entwécklung vum Land ze steieren, si – wéi de Numm et scho seet – d’Steieren. Domadder kann ee souwuel de Wuesstem beschleunegen, wéi och de Wuesstem bremsen. D’Steierpolitik ass awer e politescht Feld, dat leider nëmme ganz wéineg an der ëffentlecher Debatt thematiséiert gëtt. Den Haaptgrond dofir ass, datt wesentlech Informatiounen a Statistiken zu eise Steierrecetten entweder net erhuewen, oder net publizéiert ginn. Domadder ass och den demokrateschen Debat iwwert d’Ausriichtung vum Land e Stéck wäit hypothekéiert.