„Ech si wéi en Dinosaurier. Ech gehéieren nämlech zu enger ausstierwender Zort, déi hir ganz Karriär an engem Betrib mécht“, fänkt d’Caroline Mart eist Gespréich un. Hiert Gesiicht an hir Stëmm sinn deene meeschte Leit zu Lëtzebuerg e Begrëff. D’Journalistin an d’Presentatrice, déi als éischt um Radio ze héiere war an elo nach ëmmer op der Tëlee ze gesinn ass, erzielt eis an dësem klenge Portrait ënnert anerem, wéi si bei RTL komm ass a wéi d’Theema Politik sech wéi e roude Fuedem duerch hir berufflech Karriär gezunn huet.
Copyright: Editpress-Archiv
Loosst eis als éischt e kuerze Sprong an d’Vergaangenheet maachen. 1985 huet d’Karriär vum Caroline Mart beim Privatsender RTL Lëtzebuerg ugefaangen. Ufangs huet si awer net, wéi dat elo de Fall ass, virun der Kamera gestanen, mee si huet hir éischt Schrëtt an d’Beruffswelt op der Antenn gemaach. No hirem Studium op der ULB zu Bréissel huet den Zoufall awer esou gespillt, datt si op hirer haiteger Schaffplaz gelant ass. Een Event huet hir berufflech Lafbunn komplett verännert. „E Bekannte vu mir ass bei enger Konferenz bei mech komm an huet mir gesot, datt se eng Fra fir d’Newsredaktioun um Radio sichen“, erënnert si sech zeréck. Si huet sech dës Opportunitéit net duerch d’Fangere goe gelooss a war iwwer 3 Joer déi eenzeg Fra an der Noriichteredaktioun.
De Radio war eppes, wat fir si en immense Reiz hat. An dëser Zäit gouf et nämlech nach keen Internet an d’Leit waren op aner Medien ugewisen, fir un Informatiounen ze kommen. Schnell um Terrain ze sinn an iwwert eppes ze berichten, dat huet si faszinéiert. Datt si awer net éiweg dësem Medium trei bliwwen ass, hat virun allem mat hirer Familljesituatioun ze dinn. „Jiddweree weess, datt de Beruff vum Journalist net grad dee familljefrëndlechsten ass. Ech hu Fréischichte misse maachen. Als Mamm vun dräi Kanner war dat op alle Fall keng gutt Kombinatioun“, erkläert si. Sou ass et dunn derzou komm, datt eng aner Dier am selwechte Betrib opgaangen ass. Si ass bei d’Tëlee eriwwergewiesselt, wou si als Studentin schonn e Stage gemaach hat, fir en Job ouni Nuetsschichten oder Weekendasätz ze hunn.
Et war also net onbedéngt hir Bestëmmung, bei d’Tëlee ze goen, mee d’Konditioune waren einfach manner familljefeindlech. „Et muss ee sech och bewosst sinn, datt et keng honnert Méiglechkeeten zu Lëtzebuerg ginn, wann een an dësem Beräich schaffe wëll“, seet d’Caroline Mart. D‘Entscheedung, virun der Kamera ze stoen, huet si op alle Fall net bereit. Am Géigendeel, de Spaass ass nach ëmmer do.
Wann een zu Lëtzebuerg am audiovisuelle Beräich schafft, gëtt dat engem e gewëssene Bekanntheetsgrad. Dëser Popularitéit ass d’Caroline Mart, déi iwwer 12 Joer laang d’Noriichten am Journal presentéiert huet, sech bewosst. „Natierlech kennen dech d’Leit op der Strooss. Ech gehéiere souzesoen zu hire Miwwelen, andeems ech bei d’Leit heem an d’Stuff kommen“, vergläicht si hir Visibilitéit mat dëser Metapher. „Et soll ee sech awer näischt dorobber abilden. Fir mech ass et en Job wéi en aneren“, fiert si weider.
Obwuel der Journalistin hiren Alldag oft mat politeschen Theemen ze dinn huet, ass et hir selwer ni an de Kapp komm, selwer an d’Politik ze goen. „Dat huet mir ni eppes gesot“, gesteet si. D’Moderatorin war ni Member an enger Partei oder a soss iergendenger Gewerkschaft. Hir Aktivitéite waren all éierenamtlech. Sou war si zum Beispill zéng Joer Member am Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand. „Dat ass sécherlech eppes, wou ee mir kee Stréck draus dréine kann“, gëtt si ze verstoen. D‘Decisioun, net an d’Politik ze goen, huet déi stellvertriedend Chefredaktesch vun RTL bewosst gemaach. Si wollt net dee politesche Wee vun hirem Papp Marcel aschloen, dee jorelaang verschidde Ministerposten ausgeüübt huet. „Wann ech politesch aktiv hätt wollte sinn, dann hätt ech dat scho vill éischter kéinte maachen. Et sinn natierlech Parteien u mech erugetrueden, mee ech wollt d’Säiten net wiesselen“, stellt si kloer.
Hautdesdaags ass d’Caroline Mart dem Public haaptsächlech e Begrëff, well si all zweet Woch d’RTL-Emissioun de Kloertext moderéiert. D’Konzept fir dës Diskussiounsronn gouf héchstperséinlech vun der Journalistin selwer entwéckelt. „Dëst Format gouf et an deene Jore virdrunner nach guer net“, verréit d’Caroline Mart. Dofir wollt si onbedéngt eppes Innovatives schafen. Et ass och si, déi no Ofsprooch mat den anere Responsabele vun der Redaktioun de Choix vun den Invitéeën an den Theemen ausschafft. Dës Autonomie ass hir och wichteg. „Et imposéiert mir keen, wien ech an d’Sendung huelen“, präziséiert si.
D’Theemen, déi ugeschwat ginn, berécksiichtegen ëmmer d’Aktualitéit. Et si Sujeten, déi d’Leit an dëser Period beschäftegen. Et stécht eng kloer Strategie hannendrun. Hir eegen Interessie stellt si dofir an den Hannergrond. „Ech hätt eng ganz Auswiel u Sujeten, déi ech spannend fanne géif. Mee dat ass kee Journalismus fir mech. Ech maache jo keng Sendung als Selbstzweck“, erkläert d’RTL-Mataarbechterin.
Dofir kënnt et och mol gär vir, datt eréischt zwee Deeg virun der Diffusioun vun der Sendung nach Invitéen ageluede ginn, well si eppes Wichteges zu deem ausgewielten Theema ze soen hunn. Dës kuerzfristeg Auswiel vun de Gäscht kann awer och dorobber zeréckzeféiere sinn, datt et heiansdo schwiereg ass, déi passend Experten zu engem gewëssene Sujet ze fannen. „An engem klenge Land huet een ëmmer eppes ze beschwätzen, mee et feelen engem awer heiansdo déi néideg Experten“, gëtt d’Caroline Mart ze verstoen.
Wat d’Auswiel vun de Gäscht vum de Kloertext betrëfft, gëtt ëmmer probéiert, och e politeschen Equiliber ze fannen. Et geet och dorëms, net ëmmer deene selwechte Leit eng Plattform ze bidden. Selbstverständlech fannen oft Politiker de Wee an de Studio, mee et ass awer net esou, datt si déi eenzeg Experten op deem ausgewielte Gebitt sinn. „D’Leit ginn a meng Sendung agelueden, well si eppes zu engem speziellen Theema ze soen hunn“, seet d’RTL-Journalistin. Dobäi kann et och mol zu méi hëtzegen Diskussioune kommen. Wann et du mol méi haart hiergaangen ass, ass d’Journalistin ganz professionell domadder ëmgaangen. „Ech gouf och scho Schëmmel a Bless vernannt. Dat kënnt vir. Domadder kann ech awer liewen. Si musse mech net gär hunn. Ech invitéieren d’Leit jo och net, fir mat mir e Patt duerno huelen ze goen. Mee wann ech dës selwecht Gäscht nees fir déi nächst Kéier uruffen, fir an d’Show ze kommen, kënne mir normal mateneen diskutéieren“, erkläert si den Ëmgang mat hiren Invitéen.
Wa si fir d’Zukunft e Wonsch fräi hätt, da géif si sech gär méi Zäit huelen, fir u Sujeten ze schaffen. D’Format vun de Podcaste gefalen hir an dëser Saach ganz gutt. Et ass u sech e Géigenentworf zu dëser schnelllieweger Welt vum Internet, an där Informatioune meeschtens kuerz a séier verbreet ginn. Bei dëser opgezeechenter Audio-Datei kann een nämlech méi op d’Leit agoen a méi an de Sujet andauchen. „Dat ass sécherlech eppes, wat mir och leie géif“, verréit eis déi déngschteelst Mataarbechterin vun RTL. Dat wier awer net dat eenzegt, wat hir zousoe géif. Laang Reportagen an Documentairen hätten och hire Reiz. „Ech géing nees gär méi mat Biller schaffen. Virun eng Kamera setzen ech mech och net méi éiweg“, verréit si.
De Metier vum Journalist ass spannend, well ee sech an dësem Ëmfeld ëmmer nees nei erfanne kann. „Ech hu mech ni gelangweilt”, seet si. Et dierf een also gespaant sinn, a wéi engem Format een dëst bekannt Gesiicht (oder dës Stëmm) an Zukunft ze gesinn (oder ze héieren) kritt.
En Artikel vum Laurent Neiertz