Net fir sauer anzemaachen

D‘Bibel fir d‘Lëtzebuerger Hausfraen

Esou muencher engem vum weibleche Geschlecht stinn d‘Hoer zu Bierg wann se och schonn nëmmen de Numm héieren: Ketty Thull. War dach d‘Buch mam selwechten Numm iwwer Joerzéngten déi éischt Wiel wann et drëm goung, der zukünfteger Schnauer e sënnvolle Kaddo fir d’Hochzäit ze maachen. An och wann d‘Schwéiermamm et net gemaach huet, esou muencher Gemengen hunn nom zweete Weltkrich där frësch bestuete Frächen dës Bibel als kleng Opmierksamkeet mat an dee neie Stot ginn.

Am Joer 1937 kennt dat éischt Buch mam Titel »Ratgeber für die Luxemburger Hausfrau beim Konservieren der Nahrungsmittel« aus der Fieder vum Ketty Thull an d‘Lëtzebuerger Bicherbutteker. „Wahrlich, die strebsame Hausfrau kann sich nicht beklagen, daß sie in ihrer Kiichentätigkeit nicht genügend beraten säi.“ liest een de 15. August 1937 an der Zeitung vun der »Action féminine«. Esou muencht Kachbuch aus dem Ausland hat säi Wee schonn an d‘Gräpp vun den Hausfraen zu Lëtzebuerg fonnt. E Beroder wéi ee Liewensmëttel konservéiert oder amécht gouf et bis zu dëser Zäit awer nach net. Dësen Ëmstand hat d‘Ketty Thull, Léierin un der deemoleger »Städtischen Haushaltschule Esch/Alzette« mat dësem Buch aus der Welt geschafen.

Ganz iwwersichtlech geuerdent an an einfacher a verständlecher Form fënnt d‘Hausfra op 72 Säiten eng Hellewull un Rotschléi fir d‘Konservéiere vun Iesswueren, dem Akache vun Uebst a Geméis, Gebeess, Geleeë a Friichtejus bis zum Dréchnen an Amaache vun Uebst a Geméis bis zu Gewierzer a Kraider.

Den 2. Februar 1905 erbléckst d‘Joffer Thull zu Méideng an der Conterner Gemeng d‘Liicht vun der Welt. Am Alter vun 19 Joer, nodeem s si de »brevet de maîtresse de l’enseignement ménager« kritt hat, enseignéiert si an der Stater Haushaltungsschoul, déi deemools an der Villa Louvigny ënnerbruecht war. Bei hire Schülerinnen gëllt si als streng an akribesch. Siwe Joer méi spéit zitt et d‘Ketty Thull op Paräis an »d‘École Le Cordon Bleu« vu wou si 1931 mat engem Diplom vun der »Académie de l’art culinaire« an der Täsch erëm zeréck op Lëtzebuerg kënnt. 1932 geet et dann op en Neits lass mat Schoul halen, des Kéier an der Escher Haushaltsschoul.

Bis 1946 sollt et dunn nach daueren bis dat éischt Lëtzebuerger Kachbuch mam einfachen Titel »Luxemburger Kochbuch« an de Regaler ze fannen ass. Op 128 Säiten fënnt d‘Hausfra kloer opgedeelt an iwwersichtlech eng Hellewull un Rezepter fir den Alldag, vun den Zoppen iwwer d‘Haaptplaten bis bei d‘Desserten. Awer net nëmmen déi gutt bekannte Klassiker vun der Lëtzebuerger Kichen ewéi de Judd mat Gaardebounen oder de Kuddelfleck fannen hir Plaz an dësem Buch. Och haut deels manner bekannte Platen ewéi de Pugel, d‘Gehäck, d‘Sterzelen oder den Tierteg sinn dran ze fannen.

Bis 1980 kommen am Ganzen 10 Oploen vum Buch eraus. Bei all Neieditioun wiisst den Ëmfang vum Buch bis op, an der leschter Editioun, 592 Säiten. An och den Titel vum Buch ännert sech mat de Joren. »Luxemburger Koch-, Back- und Dessertbuch« heescht et säit der 7. Oplo am Joer 1974.

1987 verstieft d‘Joffer Thull am Alter vun 82 Joer zu Esch-Uelzecht. Joffer war d‘Ketty Thull hiert Liewe laang, am duebele Sënn, war si dach hiert ganz Liewe laang Joffer (Léierin) an och ni bestuet, nach huet si jeemools Nowuess kritt.

Awer d‘Ketty Thull lieft weider. Net nëmmen a ville Lëtzebuerger Kichen oder an de Bicherregaler. 2011 iwwerschafft dee bekannte Lëtzebuerger Kach Carlo Sauber dem Ketty Thull seng Kichebibel. Eng vun deene schwéierste Aufgaben dobäi war et eng Auswiel aus deene sëllege Platen aus dem Original Buch ze maachen, esou de Carlo Sauber an engem Interview. An engem Zäitraum vu bal zwee Méint kacht hien all eenzelen Plat no a passt e mat ganz vill Gefill der haiteger Zäit an dem Goût un. Mat der Ënnerstëtzungen vum Fotograf Fränk Weber, entsteet esou eng eenzegaarteg Neifaassung vun der Lëtzebuerger Kichebibel, déi Éischt iwwregens mat Fotoen vun de Platen. Op fir kachen ze léieren, de Gout aus der Kandheet erëm eng Kéier ze schmaachen oder einfach fir emol eppes Neies (Ales) auszeprobéieren, d‘Ketty Thull soll ëmmer hier Plaz an der Kichen, am Beschten ganz no bei der Kachplak hunn!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.