Net, fir sauer anzemaachen

D‘Bibel fir d‘Lëtzebuerger Hausfraen

Esou munch engem vum weibleche Geschlecht stinn d’Hoer zu Bierg, wa se och schonn nëmmen den Numm Ketty Thull héieren, war dach d’Buch mam selwechten Numm iwwer Joerzéngten déi éischt Wiel, wann et dorëm goung, der zukünfteger Schnauer e sënnvolle Kaddo fir d’Hochzäit ze maachen. An och wann d’Schwéiermamm et net gemaach huet, esou munch Gemeng huet nom Zweete Weltkrich där frësch bestueter Frächen dës Bibel als kleng Opmierksamkeet mat an den neie Stot ginn. Eng ironesch Spueresich fir engagéiert Hausfraen.

Am Joer 1937 koum dat éischt Buch mam Titel „Ratgeber für die Luxemburger Hausfrau beim Konservieren der Nahrungsmittel“ aus der Fieder vum Ketty Thull an d’Lëtzebuerger Bicherbutteker. „Wahrlich, die strebsame Hausfrau kann sich nicht beklagen, daß sie in ihrer Küchentätigkeit nicht genügend beraten sei“, konnt een de 15. August 1937 an der Zeitung vun der Action féminine liesen. Esou muncht Kachbuch aus dem Ausland hat säi Wee schonn an d’Gräpp vun den Hausfraen zu Lëtzebuerg fonnt. E Beroder, wéi ee Liewensmëttel konservéiert oder amécht, gouf et bis zu dëser Zäit awer nach net. Dësen Ëmstand hat d’Ketty Thull, Léierin un der deemoleger Städtische[n] Haushaltschule Esch/Alzette, mat dësem Buch aus der Welt geschaf.

Ganz iwwersichtlech geuerdent an an einfacher a verständlecher Form fënnt d’Hausfra op 72 Säiten eng Hellewull vu Rotschléi fir d’Konservéiere vun Iesswueren. Hei geet et ëm d’Akache vun Uebst a Geméis, ëm d’Hierstelle vu Gebees, Jellien a Friichtejus an och ëm d’Amaache vun Uebst a Geméis an d’Verschaffe vu Gewierzer a Kraider.

D’Joffer hannert dem Buch

Den 2. Februar 1905 huet d’Joffer Thull zu Méideng an der Conter Gemeng d’Liicht vun der Welt erbléckst. Am Alter vun 19 Joer, nodeem si de „Brevet de maîtresse de l’enseignement ménager“ kritt hat, huet se an der Stater Haushaltungsschoul enseignéiert, déi deemools an der Villa Louvigny ënnerbruecht war. Bei hire Schülerinnen huet se als streng an akribesch gegollt. Siwe Joer méi spéit huet et d’Ketty Thull op Paräis an d’École Le Cordon Bleu gezunn, vu wou se 1931 mat engem Diplom vun der Académie de l’art culinaire an der Täsch erëm zeréck op Lëtzebuerg komm ass. 1932 ass et dann op en Neits mat Schoul-Hale lassgaangen, dës Kéier an der Escher Haushaltsschoul.

Bis 1946 sollt et dunn nach daueren, bis dat éischt Lëtzebuerger Kachbuch mam einfachen Titel „Luxemburger Kochbuch“ an de Regaler ze fanne war. Op 128 Säite fënnt d’Hausfra kloer opgedeelt an iwwersichtlech eng Hellewull vu Rezepter fir den Alldag, vun den Zoppen iwwer d’Haaptplate bis bei d’Desserten. Awer net nëmmen déi gutt bekannte Klassiker vun der Lëtzebuerger Kichen ewéi de Judd mat Gaardebounen oder de Kuddelfleck hunn hir Plaz an dësem Buch fonnt. Och haut deels manner bekannte Platen ewéi de Pujel, d’Gehäck, d’Stäerzelen oder den Tierteg waren dran ze fannen.

Bis 1980 sinn am Ganzen zéng Oploe vum Buch erauskomm. Bei all Neieditioun ass den Ëmfang vum Buch gewuess bis op – an der leschter Editioun – 592 Säiten. An och den Titel vum Buch huet sech mat de Jore geännert. „Luxemburger Koch-, Back- und Dessertbuch“ heescht et säit der 7. Oplo am Joer 1974.

Den Doud ass net d’Enn

1987 ass d’Joffer Thull am Alter vun 82 Joer zu Esch-Uelzecht gestuerwen. Joffer war d’Ketty Thull hiert Liewe laang, am duebele Sënn: Se war hiert ganzt Liewe laang Joffer, also Léierin, an ni bestuet, an Nowuess hat se och keen.

Awer d’Ketty Thull lieft weider. Net nëmmen a ville Lëtzebuerger Kichen oder an de Bicherregaler. 2011 huet dee bekannte Lëtzebuerger Kach Carlo Sauber dem Ketty Thull seng Kichebibel iwwerschafft. Eng vun deene schwéiersten Aufgabe war et, eng Auswiel vun deene sëllege Platen aus dem Original-Buch ze maachen, esou de Carlo Sauber an engem Interview. An engem Zäitraum vu bal zwee Méint huet hien all eenzele Plat nogekacht a mat ganz vill Gefill der haiteger Zäit an dem Goût ugepasst. Mat der Ënnerstëtzung vum Fotograf Fränk Weber ass esou eng eenzegaarteg Neifaassung vun der Lëtzebuerger Kichebibel entstanen, déi éischt Editioun iwweregens mat Fotoe vun de Platen. Ob fir kachen ze léieren, de Goût aus der Kandheet erëm eng Kéier ze schmaachen oder einfach, fir emol eppes Neies (Ales) auszeprobéieren: D’Ketty Thull soll ëmmer hir Plaz an der Kichen hunn, am beschte ganz no bei der Kachplack.

En Artikel vum Marc Wilgé

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.