Placeholder Dummy template

D’Melusina nei erzielt

Vu Begrëfflechkeeten, Verschwörungsmythen a feministeschen Interpretatiounen

Wann een eng Ausgab iwwer d’Lëtzebuerger Mythen*, Soen a Legende mécht, ass et sënnvoll, sech kuerz mat dësen dräi Begrëffer ze befaassen. Mir geheien e Bléck an de Literaturlexikon a fannen am Gespréich mat der Geschichts- a Kulturwëssenschaftlerin Sonja Kmec vun der Uni Lëtzebuerg eraus, wéi eng Bedeitung dës Erzielungen nach haut an eisem Alldag hunn. Mir stellen eis d’Fro, ob et eng Verbindung zu aktuelle Verschwörungsmythe gëtt, a wëlle wëssen, wéi eng modern Interpretatiounen et vun der Melusina-Geschicht ginn. Hei interesséiert eis besonnesch déi feministesch Perspektiv, déi den deemoleg männlech gepräägte Bléckwénkel a Fro stellt an deelweis ofléist.

An der Reegel weess een ongeféier, wat mat Mythen, Soen a Legende gemengt ass – an awer ass een net an der Lag, konkreet ze soen, wéi sech dës Termen ënnerscheeden. De Literaturlexikon verréit eis, datt Mythen, Soen, Legenden, awer och Märercher a Fabele verwanten Textzorte sinn an dowéinst eng Ënnerscheedung net evident ass. Hei dräi Definitiounen, déi eis d’Differenze méi kloer weisen:

  1. De Mythos ass eng anonym, fir d’éischt mëndlech Iwwerliwwerung, déi vu Gëtter, Dämonen, Helden a relevanten Evenementer aus der Vir- oder Urzäit erzielt. Am Mëttelpunkt steet hei ëmmer erëm d’Erschafung vum Mënsch oder vun der Welt. Mythe fënnt een an all de Kulturen a se kënnen als eng Form vu reliéiser Weltdeitung interpretéiert ginn. Kuerz gesot handelt et sech ëm Welterklärungsmodeller, déi den Usproch hunn, d’Wourecht ze erzielen.
  2. Eng So ass eng anonym, vum Vollek verbreeten, dacks fantastesch Erzielung, déi, wéi den Numm et seet, fir d’éischt mëndlech iwwerliwwert gëtt. D’So huet eng geografesch wéi zäitlech konkreet Verankerung an domat en héije Realitéitsusproch. Net seelen ass de Protagonist e Mënsch, dee mat enger spezifescher Erausfuerderung konfrontéiert gëtt a sech mat eegener Kraaft behaapte muss.
  3. Eng Legend ass dee chrëschtleche Pendant zur So. Am urspréngleche Sënn ass se eng Liesung iwwer d’Liewen an d’Wierke vun engem Hellegen, déi meeschtens um Joresdag an am Kader vun engem Gottesdéngscht stattfonnt huet. Spéider sinn domat all d’Geschichte bezeechent ginn, déi d’Liewe vun engem Hellegen erzielen oder e reliéist Evenement thematiséieren, dat historesch net gräifbar war.

KONTERBONT: Hu Lëtzebuerger Mythen, Soen a Legenden haut nach eng Bedeitung am Alldag?

Sonja Kmec: Wann ech vu mengem perséinlechen Ëmfeld ausginn a mer mäi a seng Frënn ukucken, déi sech zwar ganz gutt mat de griicheschen an nordesche Mythen auskennen, da stellen ech fest, dass kee vun hinnen déi Lëtzebuerger Erzielunge kennt. Et sief dann, d’Elteren hätten e besonnescht Interessi fir déi Geschichten a géinge se hire Kanner weidererzielen. Déi Jonk ginn haut mat esou villen Informatioune bombardéiert, z. B. vu Streamingplattformen oder de soziale Medien, datt kaum nach Plaz fir esou eng Form vun Narrativer bleift.

Ech hat meng Studentinnen a Studente virun e puer Joer gefrot, ob se d’Melusina-Geschicht géinge kennen. E puer haten en diffuust Bild vun enger Fëschfra am Kapp. Esou Biller vermësche sech dann awer séier mat populärkulturelle Figuren, déi beispillsweis am Disney-Kosmos opdauchen. Fir de Fall vun der Melusina wär dat zum Beispill „The Little Mermaid“. Esou Narrativer verschmëlze mateneen an déi al, tradéiert Legenden a Soe sinn net am Detail bekannt.

KB: Wéi ass et dann zum Beispill mam Kropemannsfest zu Réiden?

SK: Et ginn duerchaus lokal Initiativen, déi un esou Soen a Legenden uknëppen. D’Réidener Kropemannsfest ass dofir e gutt Beispill. Ech sinn zu Réiden opgewuess an de Kropemann war eng Geschicht, déi ech als Kand héieren hunn, mee et ass deemools awer kee Fest ginn. An et war och keng Skulptur do. D’Kropemannsfest ass eng relativ rezent Entwécklung.

Et gi sécher och an aneren Dierfer esou Geschichten, déi lokal nach haut present sinn. Haut géif ee vläicht vun „urban legends“ schwätzen. Meng Grousselteren hu mir beispillsweis ëmmer vun de Beggener Wiichtelcher erzielt. Wéi ville Leit dat haut nach e konkreete Begrëff ass, kann ech net soen. Et wär awer interessant, eng ethnografesch Studie ze maachen, déi sech mat deenen Narrativer beschäftegt.

KB: Ginn et dann nach aner gesellschaftlech Funktioune vun esou Erzielungen?

SK: An der Tourismus-Branche ginn esou Geschichten oft konservéiert oder aktualiséiert, fir se kënnen ze vermaarten. Marketing spillt awer och an anere Beräicher eng Roll: Esou heescht eisen nationale Supercomputer zum Beispill MeluXina an d’Uni Lëtzebuerg huet eng Melusina-Press.

KB: En anert aktuellt Phenomeen sinn déi sougenannte Verschwörungstheorien, e Begrëff, deen an de gesellschaftlechen Debatten ëmmer erëm opdaucht. Et kann een och vu Verschwörungsmythe schwätzen, well jo keng wëssenschaftlech Theorie derhannertsteet. Gesitt Dir en Zesummenhang tëschent dëse Verschwörungserzielungen an de Lëtzebuerger Mythen a Legenden?

SK: Dat ass eng gutt Fro, iwwer déi ech e bësse méi laang misst nodenken. Spontan gesinn ech éischter d’Differenze wéi d’Gemeinsamkeeten. Am Fong si Verschwörungsmythe modern Narrativer, déi sech géint eng – supposéiert – staatlech Kontroll oder géint wëssenschaftlech Erkenntnisser riichten. Se bidden dann einfach Erklärunge fir komplex Phenomeener un.

Mythen, Soen a Legende kämpfen net géint eng staatlech Autoritéit, mee hunn ëfters éischter e moraleschen Usproch oder d’Tendenz, d’Leit wëllen ze erzéien. De Prinzip ass hei, d’Autoritéit ze zementéieren – mam Ënnertoun „du solls dat net maachen, well soss geschitt dir dat“. Esou gekuckt kéint een also bal vu Géigesätz schwätzen: Erzielungen, déi géint d’Autoritéite rebelléiere vs. moralesch Geschichten, déi de System ënnerstëtzen.

KB: Och de Feminismus spillt an der Aktualitéit eng grouss Roll. An de Lëtzebuerger Mythen a Legende kommen d’Frae-Figuren éischter schlecht ewech. Ass et dann tatsächlech esou, datt de männleche Bléck hei dominéiert?

SK: Jo, also et muss een natierlech ëmmer kucken, wien déi Erzielungen opgeschriwwen huet – dat ware meeschtens Männer. Zum Beispill den Nicolas Gredt, deen 1883 de „Sagenschatz des Luxemburger Landes“ erausbruecht huet. Gesammelt huet hien d’Geschichten, déi Paschtéier a Schoulmeeschteren an den Dierfer opgeschriwwen hunn. Dat war schonn e männleche Bléck. Och wann een an d’Ausland kuckt, ass d’Situatioun änlech. An Däitschland sinn et d’Bridder Grimm an a Frankräich de Schrëftsteller Charles Perrault. Et goufe wéineg Fraen, wéi d’Charlotte Sophia Burne an England, déi Folklore gesammelt a publizéiert hunn.

Wann d’Erzielungen am 19. Joerhonnert opgeschriwwe goufen, wéi et beim Nicolas Gredt oder de Grimm-Bridder de Fall war, da war dat am Kader vun enger staark patriarchalesch strukturéierter Gesellschaft. D’Geschichten hunn dann déi bekannten Denkmustere reproduzéiert.

KB: War dat da schonn ëmmer esou?

SK: Interessanterweis ginn et Etüden iwwer d’Literatur am Mëttelalter, also virum 14. Joerhonnert, an där d’Fraen eng aner Positioun haten. An der Minneliteratur stoung déi adeleg Fra éischter op engem Podest an ass vun hirem Ritter veréiert ginn. D’Fra hat an dësen Erzielungen eng méi grouss Fräiheet wéi dono an der Renaissance an och am 18. an 19. Joerhonnert. Hei kënnt et dann zur Zweedeelung vun de Geschlechterrollen, wou d’Fra doheembleiwe soll an de Mann an der Ëffentlechkeet steet. Dat biergerlecht Fraebild ass eng Konstruktioun vum 18. an 19. Joerhonnert. Am 12. an 13. Joerhonnert war d’Roll vun der Fra manner passiv an ass och deels méi positiv erzielt ginn.

KB: Wéi géif dann eng feministesch Perspektiv op d’Melusina-Erzielung konkreet ausgesinn?

SK: Fir eng méi feministesch Versioun vun der Lëtzebuerger Melusina-Erzielung ze fannen, musse mir näischt Neies imaginéieren, mee en historesche Bléck an d’14. Joerhonnert bréngt eis och scho weider. Dem Jean d’Arras säi Roman „Mélusine“ presentéiert se als Fee, där hir Stäerkt mech wierklech iwwerrascht huet. D’Melusina spréngt dono als Draach aus dem Tuerm, net als Fëschwiesen – dat ass schonn eng ganz aner Symbolik.

An der Lëtzebuerger Erzielung huet d’Melusina eng schéi Stëmm a lackelt mat hirem Gesang de Siegfried un. Am Roman „Mélusine ou la noble histoire de Lusignan“ schwätzt den Auteur vum „Cri de Mélusine“, deen eng komplett aner Bedeitung huet. E markéiert d’Denonciatioun vum Vertrauensbroch an ass an deem Sënn och en Akt vun der Emanzipatioun. De „cri de la Mélusine“ gëtt spéider zu engem feministesche Symbol.

KB: Mee ginn et nach aner lëtzebuergesch Varianten?

SK: Tatsächlech ass d’Lëtzebuerger Erzielung duerchaus ambivalent. Et gi Varianten, an deenen d’Melusina net esou passiv bleift. Si wieft dann zum Beispill un engem Läichenduch a mécht all siwe Joer e Stéch. Wann d’Duch fäerdeg ass, soll d’Welt oder op mannst d’Stad Lëtzebuerg ënnergoen. An där Versioun gëtt der Melusina-Figur e brutaalt apokalyptescht Potenzial attestéiert – an eng méi positiv Luucht réckelt se domat awer net.

KB: Dir hutt 2014 e Bäitrag fir de Sammelband „Not the girl you’re looking for – Melusina rediscovered“ geschriwwen, dee vum CID Femmes publizéiert gouf. Begéine mer an deem Buch méi enger positiver Melusina-Figur?

SK: Déi Publikatioun huet d’Melusina-Figur als Ophänkert geholl, fir doriwwer nozedenken, wéi d’Bild vun der Fra an der Lëtzebuerger Konscht, Literatur a Geschicht vermëttelt gëtt. Do war de Kontext méi e breeden. Konkreet mat der Figur vun der Melusina befaasst sech z. B. déi franséisch Schrëftstellerin Laure Gauthier an hirem Roman „mélusine reloaded“ vun 2024. Den Text stellt eng feministesch Re-Interpretatioun vun der Melusina-Erzielung duer. Mir kréien d’Geschicht aus der Perspektiv vun der Fee erzielt, déi sech kritesch net just mat patriarchaleschen Denkmusteren auserneesetzt, mee och mat soziale Medien a virtuelle Realitéite souwéi Ëmweltkatastrophen an Aarmut. D’Melusina geet duerch d’Zäiten a bréngt Hoffnung. Am Sënn vum Feminismus ass dat natierlech eng positiv Entwécklung.

En Interview vum Eric Rings an Heng Barone

Illustratiounen vum Margréitchen Losch

*Am Laf vun der Aarbecht un dëser Ausgab ass eis bewosst ginn, dat een am Lëtzebuerger Kontext an éischter Linn vu Soen a Legende schwätzt. Allerdéngs hunn dës Erzielungen deelweis mythesch Aspekter, dofir gi mir an dësem Aféierungsinterview och op de Begrëff Mythos an a benotzen en am Text.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.