Mythen, Legenden a Seeërcher zu Lëtzebuerg

Ziel mir nach eng Geschicht!

Kanner hätten ëmmer gär owes, éier se schlofe ginn, eng Geschicht verzielt, déi hir Fantasie ureegt, se berouegt an se an de Schlof glëtsche léisst. Mir Eltere gräifen dobäi dacks op e Märchebuch zeréck, vläicht souguer ouni ze wëssen, datt mir domat eng Informatiounsquell benotzen, déi iwwer laang Zäiten déi verschiddenst Mythen, Legenden a Seeërcher transportéiert.

Schwätze mir zum Beispill an dësem Kontext vum Mythos Gold, deen sech als laange blénkege Fuedem queesch duerch déi verschidden Zivilisatioune spaant an seng Basis wuel am ale Griicheland huet. De Kinnek Midas verwandelt alles a Gold, wat hie mat sengen Hänn beréiert, d’Feiler vum Eros bestinn aus Gold, gradewéi de Won vum Sonnegott Helios. Aktuell ass et awer wuel éischter den Inhalt vum Tank, deen sech a flëssegt Gold verwandelt – vläicht huet jo de Midas an enger Raffinerie dodru gepiddelt, oder war et den Energiegott Shell? Ob bei de Goldkanner vun de Gebridder Grimm oder beim Monni Dagobert vum Walt Disney mat senge Fastitrilliarden, d’Edelmetall Gold léisst een dreemen a gutt schlofen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

E Märchebuch ass also ëmmer erëm eng dankbar Quell, wann een no Mythen, Legenden a Seeërcher sicht, mee wéi ass et eigentlech spezifesch hei zu Lëtzebuerg mat dësen Informatiounen? Engersäits ginn et Bicher ewéi Luxemburger Sagen und Legenden vum Dicks oder Sagenschatz des Luxemburger Landes vum Nikolaus Gredt, mee déi hunn awer schonn eng etlech Joer um Bockel. Als Produkt vun der moderner Informatiounstechnologie fanne mir awer och méi aktuell Verzeechnesser wéi zum Beispill de Facebook-Grupp Geheimnisvollt Lëtzebuerg, wou all méiglech geheimnisvoll Geschichte kënnen ënnerenee gedeelt ginn, awer och d’Informatiounen iwwer Objeten a Plazen hei am Land. Et lount sech, hei eran ze luussen, et gëtt een esou muenches gewuer …

Eng interessant Alternativ op Pabeier ass awer och d’Buch Top Secret (Editions Schortgen) vu menge Journalistekolleege Claude Feyereisen, Luc Marteling, Marc Thill an dem Fotograf Marc Wilwert, fréier alleguer am Déngscht vum Lëtzebuerger Wort, wéi dat nach Lëtzebuergesch geschwat huet, une fois! Zwar kritt een an deene mëttlerweil 3 Bänn och eng ganz Partie geheimnisvoll Plazen ouni direkte mythologesche Bezuch hei am Land gewisen, et ginn awer och muench Legenden ugeschwat am Zesummenhank mat deene geheimnisvolle Plazen.

Op dëser Plaz soll awer och den Norbert Weins net vergiess ginn, deen sech op de Fändel geschriwwen hat, déi eenzel Weekapellen a Weekräizer zu Lëtzebuerg ze dokumentéieren, ze fotograféieren an och ze publizéieren, an zwar an senger Bicherserie Auf Wegkreuzfahrt durch das Großherzogtum Luxemburg, déi tëschent 1982 an 1984 bei der Imprimerie Centrale erauskomm sinn.

Och a Verbindung mat dëse Weekräizer a Kapellercher gëtt et eng ganz Partie Mythen, Legenden a Seeërcher, déi gréisstendeels e Symbol vum déiwe chrëschtleche Glawe vun eise Virfaren duerstellen.

Ouni elo wëlle komplett ze si mat der Opzielung vun dësen eenzelen, spezifesch op Lëtzebuerg bezunnene Wierker, léisst sech am Allgemenge feststellen, datt esou Mythen an alle Kulturen nozeweise sinn, well se dem Mënsch d’Geleeënheet ginn, säi Verständnis vun sech selwer a vun senger Welt auszedrécken. Mythen, Legenden a Seeërcher sinn also eng Form vu Weltbeschreiwung a ginn Äntwerten op d’Urgeschicht vun der Mënschheet.

Als beléift Infektiounsplaz fir modern Mythen, Legenden a Seeërcher gëllen awer och déi traditionell Waasserplaze vum moderne Mënsch, wou géint den Duuscht monter opgeschott gëtt. De Phenomeen Wiertschaftsgebraddels produzéiert um Comptoir tëschent Himpchen an Drëpp dacks esou Geschichtercher, déi besonnesch vu Querdenker opgesuckelt gi wéi vun engem fuerzdréchene Schwamp a gradesou ouni Bedenken an Iwwerleeungen nogeplappert ginn; och esou kënne Mythen a Legenden entstoen, déi dann an enger wäiter Zukunft fir boer Mënz kënne geholl ginn.

De Kleeschen, den Ouschterhues an och d’Zännfee mat hirem amerikaneschen Accent si prominent Beispiller dofir, wéi esou Geschichten sech kënne joerzéngtelaang halen, obschonn eigentlech guer näischt derhannertstécht … just Mythen, Legenden a Seeërcher.

En Artikel vum Sully Prud’homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.