







Abee, éierlech gesot: Et ginn esou vill Festivaller zu Lëtzebuerg, dass se mol net all an een Artikel passen. Et gëtt déi relativ bekannten, wéi den Usina op der Neischmelz zu Diddeleng, den alternative Koll an Aktioun am Schifermusée vun Uewermaarteleng oder den Out Of The Crowd Festival, dee schonn iwwer 20 Joer an der Kulturfabrik zu Esch organiséiert gëtt. An et gëtt d’Newcomer, also déi Festivaller, déi nach ganz am Ufank vun hirer Geschicht stinn, wéi de Flow Festival vu Suessem, de Beautiful Decay bei an an de Ruine vum Käercher Schlass oder de Crowfield, dee beim Waassertuerm vu Rëmersche vun enger Grupp Kolleegen organiséiert gëtt.
An da gëtt et nach d’„Exoten“, also déi Festivaller, déi hir Clientèle net mat „klassesche“ Museksstiler wéi Rock, Electro oder Jazz bedéngen, mee e bëssen iwwer den Tellerrand erauskucken an och aner, manner bekannte Genren op Lëtzebuerg bréngen. Do wier zum Beispill de BELONG World Music Festival am Bâtiment 4 zu Esch, wou ee wärend zwee Deeg bei Concerten, Workshoppen a „masterclasses“ net just e Bléck an d’Welt vum Folklor kritt, mee och dierf selwer Hand uleeën. Oder den Euforia an der Abtei Neimënster, wou sech alles ronderëm traditionell Sounds aus Portugal, Brasilien an dem Cap Vert dréit. Wien et léiwer méi lokal huet, dee war zu Déifferdeng beim Made in Luxembourg richteg, wou d’Gemeng och dëst Joer nees zwielef Lëtzebuerger Artisten eng Bün ginn huet.
Eppes, wat vill Leit dierft freeën, ass d’Tatsaach, dass Lëtzebuerg eng jett gratis Festivaller am Summer huet, wou dat Eenzegt, wat ee matbrénge muss, gutt Laun a vläicht e puer Ouerestëpp sinn. Do wier zum Beispill de Summer Dream Festival am Mirador zu Stengefort, wou d’Musek gratis ass an ee just fir d’Theaterstécker bezuele muss. Oder de Garden Groove am Park hanner der Coque um Kierchbierg, dee sech selwer als „Marathon vun der House-Musek“ bezeechent. Vläicht hutt dir awer och scho vum Wake Up! Festival zu Miedernach héieren, deen esouwuel international Kënschtler invitéiert wéi och de lokale Museker de Mikro an de Grapp dréckt. Sech iwwer gutt Musek freeën, ouni dofir de Portmonni ze plëmmen, dierf een och beim Open Air Stroossen am Parc de l’Indépendence oder, fir déi, déi et gär rockeg hunn a Fans vu Metal sinn, beim Rotten Stones Festival am Amphitheater „Breechkaul“ zu Bäerdref.
Wie Festival seet, dee seet natierlech och DJen, well och am Beräich „Electro“ huet Lëtzebuerg esou munches ze bidden. Ze erwänen ass hei virun allem den Ultraschall Festival, deen dëst Joer fir seng zweet Editioun zeréck an den Amphitheater op de Kierchbierg kënnt. Net wierklech e Festival, dofir awer richteg cool ass d’Tunneldisco, e Museksevenement vun dräi Deeg, dat schonn zanter iwwer zéng Joer organiséiert gëtt an dat – wéi den Numm et seet – an engem Tunnel zu Bech. Esou Party-Locations fënnt een zu Lëtzebuerg jo éischter seelen. Wien éischter Fan vu Reggae, Rock, Hiphop a Ska ass, dee fillt sech sécherlech beim Simmer Summer? Festival wuel, deen de Camping „An der Hô“ zu Habscht an e richtege Festival-Ground verwandelt.
Natierlech ginn et dann och déi Festivaller, déi op e richteg fetten internationale Line-up setzen an domat all Joer nees bei de Leit punkten. Eng Adress ass hei den Echterlive am Iechternacher Trifolion, wou dëst Joer den James Morrison an de Johannes Oerding déi grouss Nimm um Plakat waren, oder awer den Absolut Bartreng mam Calum Scott als Special Guest. E klenge Coup de coeur gëtt et vun eiser Säit awer fir de Wisefestival vun den Eschduerfer Guiden a Scouten, déi dëst Joer hire 25. Gebuertsdag feieren an dofir e puer Crème-de-la-crème-Artiste vu Lëtzebuerg op déi alleréischt Editioun vum „Willi sengem Festival“ invitéiert hunn – wien esou e léiwe Spëtznumm huet, dee muss definitiv hei erwäänt ginn. Eng kleng Iwwerraschung ass och de Festival FLA4OUR, deen dëst Joer fir d’éischte Kéier stattfënnt, an zwar zu Esch am Bâtiment 4. An natierlech de BETZFIELD Open Air Festival, deen als „Picknick-Concert“ och ëmmer fir eng gutt Zäit suergt. Mir kéinten d’Lëscht nach säiteweis weiderféieren, ma eppes dierft elo scho kloer sinn: Wie Musek gären huet, dee fënnt zu Lëtzebuerg am Summer definitiv ëmmer eppes! Bleift also just nach, déi kal Méint ze iwwerbrécken an op déi nächst Festival-Saison ze waarden, well déi kënnt bestëmmt.
En Artikel vum Laura Tomassini
Usina – Foto: © Ville de Dudelange/opderschmelz/Marc Lazzarini