Placeholder Dummy template

Musek verbënnt

D’Fondatioun EME gouf 2009 op Initiativ vun der Philharmonie gegrënnt, mat der Missioun, Musek bei déi Mënschen ze bréngen, déi generell vum Kulturliewen ausgeschloss sinn. An enger Gesellschaft op der Sich no Inklusioun an Dignitéit versicht d’Fondatioun EME, e bessert Liewen duerch Musek ze erméiglechen. Zesumme mat villen talentéierte Museker esouwéi de Partner an Donateuren organiséiert d’EME eng ronn 500 Evenementer d’Joer, dëst an 180 verschiddenen Institutiounen duerch d’ganzt Land, fir Mënsche mat enger Behënnerung, eeler oder krank Mënschen, Flüchtlingen, Jugendlecher aus sozial schwaache Milieuen, isoléiert Mënschen, Prisonéier … Hir Projeten a Concerten erreechen esou eng 16.500 Leit.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

All Joer bitt d’Fondatioun EME ënnerschiddlech Aktivitéite fir Mënsche mat enger Behënnerung un: ob klassesch, Jazz-, Pop- a World-Concerten, Klanginstallatiounen ewéi Soundcolors oder Manta, Djembés-Ateliere wéi zum Beispill am Centre pour le développement intellectuel zu Bieles, Gesangsatelieren oder nach Operen, genee ewéi Birdwatching oder This is my Bed vun der English Touring Opera, déi speziell ob Bedierfnesser vu Mënsche mat enger Behënnerung aginn, stiechen hei ervir.

Ob Concert oder Workshop, bei engem EME-Projet steet ëmmer d’Freed un der Musek am Vierdergrond, esouwéi de Wëllen, jidderengem en Accès zur Kultur ze ginn.

Jiddwereen ass musikalesch an huet d’Kompetenzen, fir Musek ze maachen a Musek ze héieren.

Wa Museker vun der Fondatioun zum Beispill e Concert am Centre pour le développement spillen, gëtt et roueg, esoubal d’Musek ugeet. D’Kanner lauschtere gespaant no a froen ëmmer no enger Zugab.

Bei de Malkonzerte, déi d’Fondatioun EME virun e puer Joer hat, huet eng Grupp d’Fondatioun immens gepräägt. Dorënner war e Jong, dee ganz faszinéiert vum Cello war. Beim Heemgoen huet hien du jiddwerengem Äddi gesot. Dëst schéngt e banaalt Erliefnes ze sinn, mee de Jong hat bis zu deem Moment nach mat kengem geschwat. D’Musek huet also d’Kraaft, Mënsche mateneen ze verbannen an hinnen och nei Kommunikatiounsméiglechkeeten ze ginn, erzielt eis d’Sarah Bergdoll vun der Fondatioun EME.

Eemol d’Joer hëlt d’Fondatioun EME dann och d’Philharmonie an, déi da ganz ënner dem Motto Handicap“ steet. Heifir luet d’Fondatioun d’English Touring Opera an, déi vu London aus ëmmer eng ganz flott Erfarung mat am Gepäck huet. Si bitt all Joer eng nei Oper un, déi vu jonken Erwuessene mat Autismus geschriwwe gëtt a multisensoriell a faszinant ass. Wärend enger Stonn ka jiddweree sech mat an de Bann vun dëse magesche Geschichten zéie loossen a matsangen, Saachen upaken, mol mat Waasser besprëtzt ginn oder och selwer als Acteur ob der Bün stoen. Am Joer 2022 huet d’Fondatioun dann och eng Lëtzebuerger Produktioun vum Martine Wallenborn a Georges Urwald agelueden. Vum 29. Juni bis den 1. Juli 2022 heescht et dann am Espace Découverte: Fluppdifupps.

Ganz nei an der Fondatioun EME ass och d’Klanginstallatioun Soundcolors. Op 5 verschiddene Statioune kënne Leit mat an ouni Behënnerung Musek maachen an zesummen e Lidd komponéieren. Aus engem Spillfeld mat Kaarte gëtt op eemol e Beat, wann ee mam Rollstull um Teppech hin an hier fiert, erkléngen Akkorden, d’Melodie kënnt vu 5 Bullen, déi ee ka beweegen a wann een eng Kuerbel beweegt oder sech virun e Spigel stellt, kann ee verschidden Téin bäifügen an esou d’Lidd beaflossen. Dës Installatioun gouf vun de kreative Käpp vu Mad Trix extra fir d’Fondatioun EME gebaut a stoung am Joer 2021 wärend e puer Wochen an der Abtei Neimënster an an der Philharmonie. Säit dem Summer geet dës Installatioun op Reesen a ka vun allen Institutiounen, Dagesfoyeren oder Wunnstrukture fir eng gewëssen Zäit ausgestallt ginn.

All EME-Projet oder Concert fir Mënsche mat enger Behënnerung ass op seng eegen Aart a Weis magesch. D’Musek bréngt e Fonkelen an d’Aen a wa se bis erkléngt, ass just si ze héieren a Suerge gi fir e gewëssene Moment vergiess. Musek bréngt Dignitéit mat sech a Mënschen zesummen. D’Fondatioun EME esouwéi hir Museker sti mat ganzem Häerzen hanner dëser Missioun.

D’Fondatioun EME ass net staatlech subventionéiert, mee finanzéiert sech duerch privat Donen a Spenden.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.