Multikulti an der Schoul

Zu Lëtzebuerg wonnert keen sech, wann an enger Schoulklass all drëtt Kand eng aner Nationalitéit huet. De Multikulturalismus vum Grand-Duché spigelt sech – just am Klengen – an eise Schoulklassen erëm. Esou flott dat och ass, esou stellt dat onse Schoulsystem awer och viru Schwieregkeeten, déi et ze léise gëllt. All Schouljoer kommen am Duerchschnëtt tëschent 2000 an 2500 auslännesch Schüler an de Lëtzebuerger Klasseraim bäi. Eng Rei vun Hëllefen an ëffentleche Strukture goufen am Laf vun der Zäit en place gesat, fir d’Integratioun an engem Land, an deem nach alles nei ass, esou einfach ewéi méiglech ze gestalten.

Lëtzebuerg ass multikulti. Mir sinn der Fro nogaangen, wéi eng Erausfuerderung dat fir eis Schoul bedeit.

Laut de leschten Zuele vum Statec huet bal d’Hallschent (47,2 %) vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Dat ass och kee Wonner, well all Joer immigréieren eng ganz Partie Leit op Lëtzebuerg. Kommen se mat hire Kanner, stellt sech natierlech schnell d’Fro, a wat fir eng Schoul se spéider goe sollen. An eng ëffentlech Primärschoul? Eng international Schoul? E Lëtzebuerger Lycée? Bei den Elteren ass den Dilemma grouss. Et ass eng wichteg Entscheedung, déi hei getraff gëtt, well schliisslech beaflosst dës de Rescht vun der Schoulkarriär vun hire Kanner.

An der Primärschoul kréien d’Kanner aus dem Ausland Nohëllef-Coursen, fir dass se séier déi lëtzebuergesch an déi däitsch Sprooch léieren. An dat ass wichteg. Bis zum Cycle 4.2 (wat fréier d’sechst Schouljoer war) ass de mëndlechen Austausch an der Klass op Lëtzebuergesch. An de Cyclen 2 bis 4 gëtt d’Alphabetiséierung op Däitsch gemaach. Am Cycle 2 geet et dann och mam Franséisch-Schwätzen un, op Franséisch geschriwwe gëtt vum Cycle 3.1 un. D’Lëtzebuerger Sprooch bléift och wichteg, fir sech zu Lëtzebuerg ze sozialiséieren an sech an d’Gesellschaft ze integréieren. 

Et gëtt méi ewéi eng ëffentlech Struktur, déi Leit, déi nei am Land sinn, begréisst an hinnen ënner d’Äerm gräift. D’Cellule d’accueil scolaire pour les élèves nouveaux arrivants (CASNA) këmmert sech ëm Familljen a Kanner tëschent 12 a 17 Joer, déi grad eréischt an d’Land komm sinn. D’CASNA informéiert déi betraffe Leit iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem an déi méiglech Ënnerstëtzungsmoossname fir jonk Leit, déi eng Friemsprooch schwätzen. Déi Jonk kréien d’Méiglechkeet, sech an eng Klass ze integréieren, déi hirem Profil entsprécht. Esou gi fir dës jonk Leit déi beschte Viraussetzunge geschafen, fir sech ze entwéckelen, am schouleschen ewéi am soziale Beräich. D’CASNA ass en Deel vum Service de la scolarisation des enfants étrangers (SECAM) vum Lëtzebuerger Educatiounsministère (MENJE). 

Seng Bezuchspunkte fannen

Ee Beispill, ewéi de Lëtzebuerger Schoulsystem ëmmer erëm op en Neits gefuerdert gëtt, ass d’Kris ëm de Krich an der Ukrain. Eleng tëschent dem Ufank vum Krich de 24. Februar 2022 an der Rentrée dat Joer waren 1273 ukrainesch Schüler a Lëtzebuerger Schoulen ënnerkomm. Méi ewéi 800 dovu goufen an ëffentlech internationale Schoulen, a speziellen Accueils-Klassen, déi extra fir dës jonk Schüler geschafe goufen, ënnerbruecht. Fir ukrainesch Schülerinnen a Schüler, déi an de Lycée goungen, hat de MENJE zousätzlech Aktivitéiten organiséiert, déi Sport, Konscht an d’englesch Sprooch matenee kombinéiert hunn. 

Elteren, d’Léierpersonal an d’Schoulinstanze kënnen zu all Moment d’Hëllefe vun interkulturelle Mediateuren an Usproch huelen. D’Aufgabe vun dëse Mediateure si breetgefächert: Si ënnerstëtzen d’Schüler an hir Elteren, wa se hei am Land nei ukommen, iwwersetzen Informatiounen iwwer d’Ausbildung vum Schüler aus hirem Hierkonftsland an hëllefe punktuell oder reegelméisseg an de Schoulklassen. 

D’Integratioun geet awer net nëmmen iwwer d’Sprooch. D’Wësse vun de reliéisen an de kulturellen Iwwerzeegunge vu sengem Vis-à-vis ass wichteg, fir deen aneren ze verstoen, a bilt d’Grondlag vun engem gudden Zesummeliewen.

Säit dem Schouljoer 2016-2017 ersetzt de Cours Vie et société d’Reliouns- an d’Morale-laïques-Coursen am Lycée. Säit dem Schouljoer 2017-2018 ass dat och an de Cyclen 1 bis 4 de Fall.  Als Äntwert dorop, dass déi ëffentlech Schoul derzou verflicht ass, neutral a puncto Konfessioun a Bléck op d’Welt ze sinn, soll dëst Flichtfach bei de Schüler Oppenheet, Toleranz an e kritescht Denken entwéckelen. Deemno denken d’Kanner iwwer d’Zesummeliewen no, bauen hir eege Bezuchspunkten op a léiere gläichzäiteg, déi vun deenen aneren ze respektéieren. 

Multikulturalismus ass eng Realitéit zu Lëtzebuerg. En ass esouguer e Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Kultur. Och wann et am Feierwon heescht „mir wëlle bleiwen, wat mir sinn“, esou war Lëtzebuerg nach ëmmer en oppent Land. Mir si multikulti! Haut nach Lëtzebuerger ze fannen, bei deenen an hirem Stammbam zu kengem Moment och auslännesch Originnen ze fanne sinn, dierft guer net esou einfach sinn. An och, wann eise Multikulturalismus ganz vill flott Säiten huet, esou ass en awer fir eise Schoulsystem eng riseg Erausfuerderung. An do kann een, onofhängeg vun alle Resultater bei enger Pisa-Etüd, dem Lëtzebuergesche Schoulsystem an de Leit, déi doranner schaffen, nëmme grousse Respekt entgéintbréngen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.