Placeholder Dummy template

„D’sozial Medie sollten sech ufille wéi e Spadséiergang op de Knuedler“

De Christos Floros wëll mat Monnett déi sozial Medien erëm sozial maachen

Heiansdo muss een e bësse méi wäit aushuelen, fir eng Geschicht ze erzielen. Esou ass et och beim Christos Floros, Grënner a CEO vu Monnett, engem sozialen Netzwierk, dat zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf an ënnert dem Motto „Social Media Made for Humans“ steet. Säit Oktober 2025 ass d’App online an iwwer 100.000 Leit hunn sech säitdeem ugemellt. Mir hu mam Christos geschwat, well mir wësse wollten, wat hie motivéiert huet, dës ze a wat Monnett anescht mécht.

KONTERBONT: Wat huet dech dozou bruecht, fir e soziaalt Netzwierk zu Lëtzebuerg opzebauen?

Christos Floros: Ech hat am Fong ni vir, mäin eegent Netzwierk ze grënnen. Am Hierscht 2024 hat d’US-Ambassade mech nominéiert, fir Lëtzebuerg beim International Visitor Leadership Program (IVLP) ze vertrieden. Wärend där Rees op Washington D.C. hu mir vill iwwer d’Verdeedegung an d’NATO geschwat. Dobäi ass mir eppes opgefall: An all Gespréich ass ëmmer dee selwechte Begrëff gefall, nämlech „zivil Resilienz“. An dass dat Wichtegst dobäi ass, wéi Informatioune fléissen, ob d’Leit hinne vertrauen a wéi d’User sech zesummen organiséiere kënnen.

Zu där Zäit hunn ech nach zu Lëtzebuerg als Data-Analyst an de soziale Medie geschafft an hu gesinn, wéi vill Daten iwwer eis gesammelt ginn. Déi Plattforme kennen dech besser, wéi s du dech selwer kenns. E groussen Deel vun hirem Geschäftsmodell ass, eis bei der Staang ze halen, dofir mussen se natierlech genuch Informatiounen hunn, fir ze verstoen, op wat mir wierklech reagéieren. An dat funktionéiert zum Beispill gutt duerch Polariséierung.

Dräi Méint méi spéit hunn ech meng Aarbecht gekënnegt. De Kär vum Problem, deen ech léise wëll, ass, dass d’Leit Poste vun hire Frënn net méi op de soziale Medie gesinn. Dobäi kënnt d’politesch Perspektiv. Et ass geféierlech, dass e puer wéineg Firmen déi ëffentlech Plaz, op där mir eis Gespréicher féieren, an der Hand hunn. Europa kann net souverän bleiwen, wann d’Gespréicher iwwer an tëscht eis nëmmen op auslännesche Plattforme stattfanne kënnen. Ech wollt net mäin eegent Netzwierk grënnen. Ech wollt, dass Europa säin eegent Netzwierk huet, an ech war es midd, ëmmer just doriwwer ze schwätzen.

KB: Firwat Lëtzebuerg als Startpunkt dofir huelen?

C.F.: Lëtzebuerg ass mäin Doheem. Mee et ass menger Meenung no och déi bescht Plaz an Europa, fir e soziaalt Netzwierk ze lancéieren: Et ass e Land, dat immens international an awer och kleng ass. Bréissel wier villäicht ze europäesch gewiescht an a villen anere Länner wier et direkt e Lännerprojet, zum Beispill en däitsche Projet, ginn. A mer dierfen net vergiessen, dass Lëtzebuerg schonn ëmmer grouss Iddien innerhalb vun Europa contribuéiert huet, wéi z. B. RTL.

Mir brauche méi europäesch sozial Netzwierker, ma déi meescht europäesch Alternative probéieren, genau dat nozebauen, wat et scho gëtt. Mir hunn de Code vun eiser App dofir selwer geschriwwen, fir d’App zesumme mat eiser Communautéit weiderzeentwéckelen. De But soll et sinn, dass et ganz einfach fir Benotzer ass, Leit an hirer Géigend ze fannen oder hir Noperen erëm kennen ze léieren – op Monnett zielt d’Proximitéit.

Wat mat de soziale Medie schifleeft

KB: Eis Ausgab heescht „(A)sozial Medien“. Wéi sozial sinn déi sozial Medien denger Meenung no haut nach?

C.F.: Viru Joren hu mir eis op de soziale Medien ugemellt, fir eppes mat eise Frënn ze deelen. Haut poste manner wéi ee Prozent vun de Leit selwer eppes, all déi aner si just do fir ze konsuméieren. Vun honnert Leit, déi engem followen, gesinn der am Duerchschnëtt nach fënnef, wat een deelt. Mir si just nach a Konkurrenz mat engem Algorithmus, deen alles mécht, fir eis op der Plattform ze halen. D’Konsequenz dovunner ass, dass d’Leit zu engem groussen Deel just nach Inhalter fir d’Maschinn produzéieren. Op de soziale Medien ze sinn, sollt sech ufille wéi e Spadséiergang op de Knuedler, wéi eng Maartplaz, op där ee Leit begéint. De Moment ass et éischter, wéi bei engem Spillautomat ze sëtzen – et geet just ëm d’Sucht an den Dopaminn, deen d’Scrolle mat sech bréngt.

KB: Wéi géifs du engem, deen nach ni TikTok benotzt huet, en Algorithmus erklären?

C.F.: En Algorithmus ass e ganz performanten Empfielungssystem. Well en sou vill Daten iwwer dech kritt, versteet e genee, wien s du bass. E mécht e Profil vun dir a weist dir déi Inhalter, déi dech esou laang wéi méiglech op der Plattform halen.

Wat Monnett anescht mécht

KB: Wat mécht Monnett hei anescht?

C.F.: D’Leit bezuele fir Monnett. Esou musse mir hir Opmierksamkeet net klaue fir ze iwwerliewen. D’Bezuelen ass och eng Verifikatioun: Iwwer d’Kreditkaart gesi mir, dass e Mënsch hannert dem Kont stécht. KI-generéiert Inhalter sinn net wëllkomm an d’Moderatioun gëtt vu Mënsche gemaach.

Wann ech et misst vergläichen, géif ech soen, dass déi aner sozial Medien éischter wéi McDonald’s sinn. Monnett ass de klenge Café, an deem ee gesäit, wat an d’Iesse kënnt. Oder en alen Auto, bei deem een d’Fënster nach selwer erofkuerbele muss, fir mat senge Frënn ze schwätzen.

KB: Du hues gesot, dass de hoffs, dass Monnett méi eng gesond Plaz fir neurodivergent Leit ka sinn. Wéi gesäit dat konkreet aus?

C.F.: Monnett soll e Safespace sinn, e soziaalt Netzwierk, dat probéiert, konstruktiv ze sinn. Et gëtt Leit, déi kloer Reegele brauchen an déi verstoe wëllen, firwat eppes esou ass, wéi et ass. Bei Monnett ass d’Äntwert op d’Fro „Firwat gesinn ech dat?“ ëmmer: well s de dech dofir entscheet hues. Wann s du engem lëtzebuergesche Planespotting-Account follows, da wëlls de dat gesinn – an net all Fliger op all Fluchhafe vun der Welt. Oder dir gefält, wat e Kënschtler mécht, mee net dat, wat anerer nomaachen. De Benotzer huet d’Kontroll.

KB: Wat géifs du engem soen, deen d’Flemm mat de soziale Medien huet, mee Angscht huet, eppes ze verpassen?

C.F.: Probéier Monnett! (Laacht.) De Wonsch, sozial ze sinn, ass eppes ganz Normales an och Gesondes. D’Iddi vun dësen Netzwierker war, eis méi no zesummenzebréngen, mee déi meescht sinn dofir ze grouss ginn. Eppes ze deelen, wat engem um Häerz läit, kann eppes Schéines sinn – och wann dat heescht, dass de de Sonnenopgang, deen s de gëschter gesinn hues, mat siwe Frënn deels. Scrollen a Likë gehéiert do net onbedéngt derzou. Mir wëllen, dass d’Leit erëm Loscht kréien, eppes ze deelen, amplaz just ze konsuméieren.

Dësen Interview gouf op Englesch gefouert an op Lëtzebuergesch iwwersat, gekierzt a redaktionell beaarbecht. Eventuell Ännerunge sinn net gewollt.

En Interview vum Alison Annicchiarico

Foto Copyright Digital

Foto: © Monnet Social SA, CC BY 4.0

Foto Copyright Print

Foto: © Monnet Social SA, CC BY 4.0 (creativecommons.org/licenses/by/4.0)